Majo da kënnen se jo Z2en ab September op der Klengbëttener Streck asetzen well net sou vill Leit do ënnerwee sinn (ausserhalb vun den Heures de pointe). Dass e Witz dass e Réseau à deux visions huet (Nord a Sud/West).
Am Moment sin schon neess (oder nach emmer) 2 Désiro-Rammen hei zu Lëtzebuerg. Ech gesin se all Dag wou se am Triage Zwickau oofgestallt sin. Dat heescht dass Tester fir Homologatioun amgangen sin.
D'Insider wärten wuel wëssen wéini a wou dëss Tester gefuer gin...
Ass dann entretemps méi konkret gewosst, wéie Material ab September op wéienge Leeschtungen fiert? Doriwer ass bis elo relativ wéineg geschriwen ginn.
Op den IC wäerten mer wuel 13 oder 3000 matt M6 oder I11 gesinn. Wéi gesaït et op de Reghionalzich aus? D'CFL huet wuel net genuch Material fir alles ofzedecken. Wärten och SNCB Desiro kommen? Hunn déi entretemps eng Zoulossung zu Letzebuerg? Wann net, dann ass d'Fro firwaat? D'Echéance vun Sepetmber 2018 ass jo awer seit laangem bekannt.
Et ass een vun lëtzebuerger oder belscher Säit bis elo och net gewuer ginn, wou genee d'Systemtrennstell hinkënnt. Déi eenzeg mir bekannt Informatioun ass aus der däitscher Fachzäitschrëft "Elektrische Bahnen": elo géng bis op d'Grenz emgespaant ginn. 2020 soll dann den Abschnitt vun der Grenz bis Libramont (inklusiv) op 25kV ëmgestallt ginn an 2026 de Rescht bis virun Namur.
Tjo, an dat hei wor di lescht AM96. D'506 huet den IC 2145 um 22h10 op Arel gemaach. Virdrun ass d'1358 nach hlp aus der Gare eraus gefuer a Richtung Klengbetten.
Dieser Beitrag enthält Bilddateien. Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.
Während desem Chantier gett d'Streck op letzebuerger Seit op 25kV Wiesselstroum emélektrifizeiert.
Daat heescht dann och dass en Freideg den 13.Juli - no 62 Joer - dei lescht (belsch) reng Gleichstroum-Gefierer op Letzebuerg komm sinn.
Ab 17.September sinn bi-courant Gefierer (ewei CFL 3000 , SNCB Typ13, etc..) neideg, fir alles waat iwwer Klengbetten eraus fiert.
An der Gare Letzebuerg ginn domadden och all "zônes commutables" hifälleg.