Haut de Moien huet et eng Desiro zu Kléngbetten getraff. Hei d'Biller vun der Oofschleefaktioun um 7 Auer.
D'8503 stung fir d'éischt um Quai 3, vu wou se Rg Belsch op d'Gleis 1 gewiesselt ass. Währenddeem stung den RB vun 6.58 fir op Lëtzebuerg a Siichtwäit hannendrun a krut wéinst där Aktioun 8 Minutten Verspéidung. All Zich sin während där Zäit iwert d'Gleis 2 gefuer. D'Barriär zu Kléngbetten ass rop an roof gangen, wat nawell zu zolittem Stau gefouert huet.
Dieser Beitrag enthält Bilddateien. Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.
Zanter e puer Wochen sin erem öfters Zich en panne op der Kléngbettener Stréck:mol den Bréisseler IC an der Gare Mamer wou d'Leit hu missen an den RE fir op Arel emklammen, mol en RE mat enger CFL Lok tëschent Klengbetten a Capellen, etc.Gëschter huet den RE vun 16.22 fir op Arel et just 100 Meter aus der Gare Lëtzebuerg gepackt, an do d'Gleiser blockéiert.Haut de Moien ass den CFL 2017 op der Kléngbettener Streck ennerwee gewierscht; ech hun en hannert Kléngbetten gesin, wou en bis op d'Grenz gefuer ass! Ech huelen mol ganz stark un dass et sech hei em en train de mesures handelt fir där Panne-Serie op de Grond ze goen.Hei e puer Foto'en an de Link fir de Video vum 2017 tëschent Kléngbetten an der Grenz.
Dieser Beitrag enthält Bilddateien. Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.