Nei Verbindungskurv Athus - Mont-St. Martin - Lonkech

Mehr
13 Jun 2022 15:32 #5910 von MiBra
Salut

Et ka sinn dass se nett vill Reklam maache well daat ganz jo geheireg an d'Boxs gaange war.
Do war beim Ennerschibben vum Element ennert der Stroos jo e Malheur geschitt. Deemols haat dei Stross missen 2-3 Woche gespaart gin aplaaz nemmen e WE.

MbG
Michel

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Jun 2022 22:07 #5909 von René
Merci,
do misst ee jo da vun der Bréck e puer Fotoe gemaach kréien.
Feelt nach just en ......... Zuch.

René

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Jun 2022 14:15 - 06 Jun 2022 14:18 #5908 von Blacky
Mëtteg,
Am Streetview ass se ze gesinn, op Google Maps awer net

Um Geoportail:
map.geoportail.lu/theme/main?lang=de&version=3&zoom=18&X=648459&Y=6369274&rotation=0&layers=&opacities=&bgLayer=streets_jpeg
ass se awer drop, just net ze no runzoomen.
Et gesait och ganz gudd, dass den Tracé vun Athus-Rodange an Aubange-Rodange geännert huet

Blacky
Letzte Änderung: 06 Jun 2022 14:18 von Blacky.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Jun 2022 12:55 #5907 von UP3985

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Jun 2022 10:06 #5906 von René
Merci emol fir d'Info.
Et wonnert mech just, datt een nach näischt weider héieren huet. Och um Internet ass et verdächteg roueg an ech hunn och nach keng Foto gesinn; um Site vum Terminal vun Athus steet och emol näischt. Just op enger Kaart vun Infrabel hunn ech e ganz dënne Strech fond.
Als "normale" Mënsch wäert ee jo och net bei di nei Verbindungskurv bäikommen fir Fotoen ze maachen.
Schéinen Dag.
René

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Jun 2022 22:12 #5905 von Blacky
Salut René,
Déi misst färdeg sinn an geet als L165/3 bei Infrabel gefouert. Interessant ass, dat se d' L165/1 (Aubange-Rodange) mat enger DKW kraizt.

Blacky
Folgende Benutzer bedankten sich: René

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Jun 2022 17:53 #5904 von René
Gudde Moien,

et gëtt jo scho laang iwwer den Neesopbau vun der direkter Verbindungskurv vun Athus op Mont St.- Martin geschwat a virun engem Joer gouf vun dem Bau vun engem Tunnel, dee kuerz virun der Realisatioun stéing, geschwat. Duerno sollt dann mat dem Gleisbau an der Signalisatioun ugefaang ginn.

Wees een wéi et elo mam Projet steet? Um Internetsite vun Infrabel hunn ech näischt neies méi fond. Och vu Gewerkschaftssäit hunn ech nach näischt héieren. 2004 am Dezember hate jo di franséisch Eisebunner vun der GGT-Cheminots an di belsch vun der FGTB an der CSC di nei Kurv Aubange - Longwy op hir Manéier ageweit.

Merci fir d'Info.

René

Dieser Beitrag enthält einen Bildanhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.107 Sekunden
Zum Seitenanfang