Neien Fahrplan op Strosbuerg

Mehr
15 Nov 2015 19:04 #4043 von Marc Sinner
Marc Sinner antwortete auf Re: Aw: Neien Fahrplan op Strosbuerg
Dir hutt Recht. Déi zweet Verbindung owes kënnt um géint 23.30 zu Letzbuerg un an net um 19:30. Daat war e Schreiwfehler vun menger Säit.

De Besoin fir Dagesrandverbindungen an déi aner Richtung (moies vun Strosbuerg op Letzebuerg, owes vun Letzebuerg op Strosbuerg) besteht zweifellos. Et freet sech, firwaat eng TGV Streck fir Milliarden gebaut gëtt an duerno d'Offer sech op zwee Zich beschränkt, obwuel zweifellos d'Demande fir méi do. Matt 4 Zich/dag hätt een kënnen eng +/- sérieux Offer bauen. Den TER ass zwar eng Optioun mee matt 3 Stonnen net wierklech konkurrenzfäheg zu Auto a Fernbus.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Nov 2015 18:08 #4042 von merni
Moien,

Ech hu mol um Hafas gekukt, wat e nom 2ten Abrel gett; do as awer eng Differenz zu dem wat virdru gesot gouf:
Laut online Fahrplang géif de Marseiller TGV em 22:00 zu Strosbuerg fortfueren un a wir em 23:34 zu Lëtzebuerg. Dat hun ech och um Site vun de grilles horaires vun der SNCF controlléiert.
Dat heescht et kann e schon e ganzen Dag zu Strosbuerg verbréngen!

Niewt den TGV gett et natirlech och nach d'Méiglechkeet mat TER iwer déi klassesch Streck ze fueren. Do läit d'Fuerzäit awer, mat Emsteigen, bei mindestens 3 Stonnen.

Schéi Gréiss

nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Nov 2015 16:57 #4041 von !!RH!!
!!RH!! antwortete auf Aw: Neien Fahrplan op Strosbuerg
Eng interssant Analyse.

Wann ech daat elo richteg verstaan hun ass laut dem neien Fahrplang zwar engem Letzebuerger nach meiglech fiir en Daag zou Stroosbuerg ze verbrengen , (z.B. geschäftlech), mais net emgedréiht.

Wier et do net un der Zäit dass den CFL eng Relatioun an emgeréihter Richtung giw op d'Béen setzen, d.h. owes Lux --> Str --> Basel/Zürich an mueres fréih erem zereck.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Nov 2015 15:15 #4040 von Marc Sinner
Neien Fahrplan op Strosbuerg wurde erstellt von Marc Sinner
Den Dezember an domatt de jährlechen Fahrplanwiessel kommen méi no. Während an aneren Länner de Fahrplan längst am Detail kommunizéiert ass an um Internet fir all Mensch öffentlech zougänglech ass, herrscht zu Letzebuerg nach ëmmer Funkstille. Gréisser Ännerungen wärten fir eis wuel eréischt am Abrëll mam TGV Est kommen.

E klengen Virgeschmaach ginn d'Websäiten vun diversen auslänneschen Bunnen. Fir Letzebuerg - Strosbuerg bahnt sech leider keng Verbesserung un, mee eng massiv Verschlechterung. D'Fuerzäit gëtt zwar em ca. 30 min reduzéiert, dofir ginn et just nach zwou Verbindungen. Eng géint 7:30 an eng géint 11.30. Deen een TGV geet op Montpellier an deen aneren op Marseille. An der Géigenrichtung kënnt deen éischten TGV vun Strosbuerg géint 17:30 un an deen zweeten géint 19:30.

De Letzebuerger Staat huet sech also tatsächlech vun der SNCF iwert den Dësch zéien geloos, sou wéi daat schon virun eng Zäit ze liesen war. Vun denen 4 Zich pro Dag pro Richtung sinn mer wäit eweg. D'Verbindungen weider an d'Schwäiz schéinen och net daat ze halen waat bis virun kuerzem versprach ginn ass: den Trajet Zürich - Letzebuerg an ca. 4h matt Emsteigen zu Mulhouse (waat duerchaus eng attraktiv Verbindung wier) schéint just an eng Richtung ze goen (départ Zürich um 11:30 arrivée Letzebuerg géint 17:30). An déi aner Richtung schengt d'Korrespondenz zu Mulhouse em e puer wéineg Minuten net ze klappen (arrivée vun Letzebuerg um 10:03, Départ weider um 10:06).

Wann de Fahrplan effektiv esou emgesat gëtt, gesinn ech zwee Gewënner:
1) tëschent Letzebuerg a Strosbuerg wärt de Fernbus der Eisebunn massiv Konkurrenz maachen. Besonnech um Marché vun de Studenten ass d'Potenzial grouss. Wann der Eisebunn hier lescht gutt Verbindung um halwer 12 ass, dann entsprecht daat net wierklech der Nofro um Maart.
2) tëschent Letzebuerg an Zürch seet d'Swiss Merci. Am Moment ass den Zuch vun der Fuerzäit an dem Konfort net extrem konkurrenzfäheg. Bis elo konnt den Zuch sech nach halen, well d'Präisser um Flieger zimlech héich waren. Entretemps sinn déi erof gaangen an wärten et hechstwahrscheinlech weiderhin maachen. Waan mam TGV d'Präisser an d'Lut ginn, d'Reservéirungspflicht kënnt an de Choix an d'Zäit vun de Verbindungen erof ginn ouni datt d'Fuerzäit massiv besser gëtt, dann gesinn ech net firwaat een nach sollt mam Zuch fueren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.084 Sekunden
Zum Seitenanfang