Ech hun selwer en Parti Recherchen a puncto "Aal Horairen" dei Letzebuerg bereiren, gemaach. An auslännesch Archiven kann een do allerhand fannen.
E puer Sourcen vu mir dofir sinn/wooren :
- Archiven vum Telekommunikationmuseum zu Frankfurt(M) : Si hun eng quasi komplett Sammlung vun (deitschen) Kursbicher vun 1850 bis 1940. Letzebuerger Strecken sinn do och dran, vu dass Letzebuerg jo ab 1840 zum deitschen Zollverein geheiert huet. Si kennen awer nemmen op RDV mam Archivar vum Museum an och nemmen sur place consulteiert ginn (eng Kopiesmaschinn ass disponible).
- Infothek vun der SBB zu Bern
- Archiven vun der Uni-Bibliotheik zu Stroosbuerg, notamment fir Dokumenter/Horairen vun der ex-Alsace-Lorraine
Bei dem Studium vun desen Horairen steisst een seier op vill aaner interessant Aspekter. E puer Beispiller :
- Präisser vun de Billjeen; sin an Gulden, Thaler oder Reichspfennig, oder duerno an Franken exprimeiert
E Vergleich matt engem Stonneloun oder dem Preis vun engem Kilosbrout vun deemols ass hei interessant;
- Reegelungen vun den Zeiten : virun 1903 gouf et zu Letzebuerg nemmen "heure locale" (cf
www.legilux.lu
)
- Eng Kuriositeit : d' "Amsterdamer Zeit" dei et bis 1940 an Holland gouf , wor em 40 Minuten (!) geint Metteleuropäesch Zeit verreckelt ;
- Restaurationsmeiglechkeeten an den Zich
- eischte Schloofwoon zu Letzebuerg
- Grenzobenthalter (zum Bespill zu Sterpenich, Klengbetten, Beetebuerg, etc...) vun Schnellzich
- voitures directes (Kurswagen) an de Schnellzich
- Notatioun vun den Horairen : Daag- an Nuechtschreifweis
An nach villes Mei.
Wien sech hei fier interesseiert kann sech gären bei mir mellen, mail : Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!
Zug- und Wagenverzeichnis der Schnellzüge und Eilzüge
D227/D228 Luxemburg - Trier - Koblenz - Giessen - Berlin Potsdamer Bf.
www.deutsches-kursbuch.de/Z_33.htm