Deviatioun Gidderzich an Richtung Thionville

Mehr
28 Jan 2012 06:17 - 28 Jan 2012 06:17 #586 von gilyv051
Letzte Änderung: 28 Jan 2012 06:17 von gilyv051.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Jan 2012 11:05 #483 von Marc Sinner
Déi Deviatioun wier net nei. Schon beim Accident zu Zoufftgen ass d'Autoroute ferroviaire iwer Esch-Rodange gaangen.

Dofir haaten d'Zich während där Zäit systematesch eng 27000 matt Memor. Wéieng Lokomotiv ass eigentlech plangéisseg firgesinn? 26000 oder 27000?

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Jan 2012 10:47 #482 von Claude Oswald
An deem Fall ass et schued, dass d'Streck vun Esch op Fontoy zou ass, well dat wier nämlech eng flott Ofkierzung gewiescht par rapport zum Ëmwee iwwer Lonkech.

Do gesäit ee wat dobäi erauskënnt, wann d'Eisebunns"netz" ëmmer méi ausgedënnt gëtt. Am Fall vun engem Chantier oder Incident falen d'Zich entweder ganz aus, oder awer si mussen e gréisseren Ëmwee fueren.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Jan 2012 21:53 #480 von Initsch
Salut alleguer,

Ech hunn haut heieren, dass demnext en Chantier op der Streck Richtung Thionville soll sinn?

D'Autoroute ferroviaire soll doweinst iwwer d'Linn 6 vun Beetebuerg op Rodange fueren, fir iwwer Lonkech dann an Frankraich ze fueren. FRET Mecanicienen maachen den Moment anscheinend Connaissance Ligne vun Beetebuerg op Rodange.

Wees do een eppes mei? Wei an wou ass deen Chantier? Wees een enner aanerem Datumer?
Betrefft daat just Autoroute ferroviaire, oder och aaner Gidderzich an Richtung Frankraich?

Ech sin gespaant, weivill Verspeidung deen Ableck entstoe waert,....?

MbG

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.089 Sekunden
Zum Seitenanfang