Buch iwer de Bus 94 BROSSEL vum AVL

Mehr
15 Dez 2013 19:46 #2752 von Romain Rech
Buch iwer de Bus 94 BROSSEL vum AVL wurde erstellt von Romain Rech
Hallo!

Ech wollt Iech matdeelen, dass virun iwert engem Joer am Autobusbetrieb vun der Stad Lëtzebuerg (AVL) sech e puer Matarbechter zesumme fonnt hunn, fir déi al Bussen vun der Stad, déi net verkaaft gi sinn, ze restauréieren. Déi Matarbechter hunn eng Associatioun ënnert dem Numm "Frënn vum aale stater Bus asbl" gegrënnt.
Den Ament préparéiere sie d' Restauratioun vum Bus 94 BROSSEL aus dem Joer 1964. Déi Serie vu Bussen (80-95) hunn déi lescht Tramslinn an der Stad - Linn 10 Theaterplaz-Walfer - ofgeléist. Eist Ziel ass et, dass de Bus am Joer 2017, wann de neien Tram laafe soll, erëm eng Kéier bei dëser Zeremonie derbäi si soll an zwar am fuerbaren Zoustand. Am Joer 1981 gouf de Bus 94 ofgestouss an ass am Tramsschapp um Lampertsbierg ënnerdaach gestallt ginn. Hien ass gudd versuergt ginn fir spéider eng Kéier erëm ze fueren. Verschiddene Leit hei ass et ze verdanken, dass et duerch hir Interventioun esou wäit komm ass. Duerfir vun hei aus: villmols Merci! Mir wëllen déi Arbecht elo zu Enn féieren. Duerfir brauche mir vill Geld.
Als modern Verwaltung fänkt d' Stad Lëtzebuerg haut keng Restauratioune méi un, genau sou wéi eng Eisebunnsgesellschaft. Duerfir musse Fräiwëlleger sech zesumme fannen. Dat gëlt och fir den Tramsmusée zu Hollerëch. Mee, mir haaten am fréiere Buergermeeschter an häitege Staatsminister, den Här Xavier Bettel, e gudden Uspriechpartner fonnt, deen eng Oder fir esou Saachen huet. Hien huet eis an eisem Bestriewen voll ënnerstëtzt an d' Stad huet hieren Obulus geleescht. Duerfir villmols Merci un hien, säi Scheffen- a Gemengerot a seng Verwaltung!
Mir hunn e bekannte lëtzebuerger Auteur ugeschwaat fir e Buch iwer de Bus BROSSEL ze schreiwen. Et gëtt nëmmen een hei am Land, deen dat maache kann, well hien d' Archiven vu BROSSEL huet. Um Buch gëtt den Ament scho geschafft. Et ass déi éischt Publikatioun iwer dës Firma. Esouguer an der Belsch gëtt et kee Buch iwer dat Thema. D' Buch kënnt op franséisch eraus, well et och Leit an eisem westleche Nopeschland interesséiert.
Falls Dir interesséiert sidd, de ganze Projet ze ënnerstëtzen, froen ech Iech fir an der Annexe den Text ze liesen. Fir weider Froe sti mir gäeren zur Verfügung.

Am Numm vun de "Frënn vum aale stater Bus" soen ech Iech Merci fir Är Ënnerstëtzung.
Romain Rech

Dieser Beitrag enthält einen Anhang.
Bitte anmelden (oder registrieren) um ihn zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.069 Sekunden
Zum Seitenanfang