Luxair an Cfl

Mehr
16 Sep 2013 07:53 - 16 Sep 2013 07:54 #2575 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Luxair an Cfl
Zitat : "Et wier eng wonnerbar Iddi, wann eng Zuglinn gebaut gëtt vun Gréiwemaacher bis op Mertert, vir se dann, mat enger Bréck un d'Obermoselstrecke bannen. Mécht daat Sënn?? "

Ech mengen net, dass dat Sënn mëcht. Firwat sollt dat Sënn maachen ?

Am Gidderverkéier hu mer de Mäerterter Hafen deen op der Lëtzebuerger Säit un d'Schinn ugebonnen ass. Zu Konz an Däitschland komme béid d'Strecken zesummen. Zu Konz kommen iwwerhaapt e puer Eisebunnsstrecken zesummen, an do kann ee vun enger op déi aner wiesselen. Ménges Wëssens ass do och eng Verbindungskurv vun der Lëtzebuerger Streck op d'Obermoselstrecke.

Am Persouneverkéier ass d'Obermoselstrecke op Tréier respektiv op Thionville ausgeriicht. Ech gleewen net dass vill Leit vu Gréiwemaacher op Tréier oder op Thionville schaffe fueren. D'Pendlerstréim sinn éischter op Lëtzebuerg ausgeriicht.

Den Nodeel an den Handikap vu Gréiwemaacher ass an deem Fall deen, dass den Zuch fir d'éischt op Waasserbëlleg "Kapp" maache fuere muss, während de Bus - den 130 - vun Ufank un an déi richteg Richtung fuere kann, nämlech vu Gréiwemaacher an d'Stad. Souguer kann ee mam Bus direkt op de Kierchbierg fueren.
Letzte Änderung: 16 Sep 2013 07:54 von Claude Oswald.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
15 Sep 2013 19:29 #2572 von mopsfidels
mopsfidels antwortete auf Re: Luxair an Cfl
et ass mat Sécherheet keng rhetoresch Fro!

Daat ass dach guer net wouer. Arthur Welter huet décke Goss an neie Camions'en investéiert firun geraumer Zäit fir mat deenen an den Ostblock ze fueren, sou geet et och nach villen aaneren Firmaen, et ass emgedréihnt wéi do steet. Welch Konkurrenz kréien mir dann hei??

An dann mengen ech och net, dass de Camion d'Nues viir huet, well den Zug éichtens méi schnell fiert als een Camion, an dann vir sou laang Weeër kann den Zug 24 Stonnen laang duerch fueren, mat just 3 Schichtwiesselen (an och Wueren emtesselen), dann sinn et der just nach 20. Am Stéck!. Kaschten dann all déi Camionschaufferen méi deier, als all di Leit déi vir deen Convoi schaffen? awer net just fir deen een Convoi.
An dann kann een d'Wueren jo am Zielbahnhof ofhuelen goen, waat vill manner opwändeg ass, als lauter Camions'en uechtert Europa fueren ze loossen. Kréicht een iwwerhaapt ee ganzen Zug gefëllt?? ech denke schon.
Peihen sinn hei guer net ze héich, genau. Soss hätten se d'Peihen net indexéiert, mee t'ass wouer, dass een sech hei mat enger Peih villes leeschte kann, an dass d'Leit hei ganz gäer hier Suen an Onnétz ausginn, oder aanerer sech mol kee Loyer leeschte kënnen... Wielt een d'Säit vun der Medaille déi engem gefällt.
Et wier eng wonnerbar Iddi, wann eng Zuglinn gebaut gëtt vun Gréiwemaacher bis op Mertert, vir se dann, mat enger Bréck un d'Obermoselstrecke bannen. Mécht daat Sënn??
Petroleumlobby huet zevill Muecht hei an Europa, an op der Welt iwerhaapt!! Daat ass de Punkt, ee grousse Problem deen wéineg Leit gesinn (wëllen??).

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
23 Apr 2013 12:51 #2158 von Claude Oswald
Claude Oswald antwortete auf Re: Luxair an Cfl
Ass dat eng rhetoresch Fro ?

Weess zoufälleg een d'Äntwert ? Huet vläicht een eng Etüd heiriwwer gemaach ?

Gëtt et Statistiken, wivill Gidder vu Lëtzebuerg aus a Rumänien, mam Fliger, mam Zuch, mam Camion oder mam Schëff transportéiert ginn ?

Ech géif emol virsichteg roden a mengen, dass de Camion d'Nues vir huet, well hien am flexibelsten ass, a vläicht och méi bëlleg wéi den Zuch. Den Zuch kënnt net iwwerall hin ; respektiv goufe vill Giddergaren a Gidderhäff zougemaach. Och de Fliger an d'Schëff sinn an deem Sënn onflexibel, well net iwwerall e Flughafen ass. Mam Schëff vu Mäertert aus a Rumänien ze fueren ass theoretesch méiglech, zénter dass de Main-Donau-Kanal de Rhäin mat der Donau verbënnt, awer dann ass ee méi oder wéineger un déi Stied gebonnen déi un der Donau leien.

Ech stelle mir ganz einfach vir, dass eng rumänesch Camionsfirma wou d'Leit 200.- Euro de Mount verdingen, méi bëlleg fuere kann ewéi eis CFL mat hire Paie vun e puer dausend Euro.

Ech soen net dass eis Paien ze héich sinn. Ech stelle just fest, dass an deem grousse Bannemaart ouni Grenzen, ee géint deen aner ausgespillt gëtt. Déijeneg Länner mat engem niddrege Sozialniveau notzen hir Situatioun aus, fir deene bessergestallte Länner Konkurrenz ze maachen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
21 Apr 2013 19:15 #2150 von mopsfidels
Luxair an Cfl wurde erstellt von mopsfidels
Wat bréngt dem Staat méi Suen an d'Keessen ran an beschäftegt méi Leit; Gidder mam Fliiger transportéieren, oder mam Zug?
Zum Beispill bis an Roumänien.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.084 Sekunden
Zum Seitenanfang