an di richteg richtung, naja...
just datt investissementer am Beräich vum Loftverkeier 1000 mol mei heich sinn als Eisebunn. Wann ech daat ganzt hei liesen, freeën ech mech awer, datt et och nach aaner Leit gëtt, dei d'selwecht ewei ech denken, am Senn vum Naturschutz.
Letzte Änderung: 15 Okt 2014 13:11 von mopsfidels.
Dat kann een jo awer änneren. Et wier vleicht eng gutt Iddi bei den nächste Wahlen d'Kraiz(er) op déi richteg Platz ze machen an nët bei déi, déi eis schéin Autobunnen mat villen Tunnelen verspriechen fir all Verkéiersproblemer ze léisen. Déi schéin Autobunnstunnelen sin dauernd gespart (Schengen, Gousseldeng, an et kommen der nach e puer no) an duerfir statistesch déi secherst op der ganzer Welt.
Dat ass Développement durable! Eis Politiker sollen mol eng Kéier dorober op Gouvy fueren fir eng kleng Formation continue ze machen.
Hei zou Lëtzebuerg ginn d'Embranchements particuliers bei der Eisebunn eweggerappt, zou Ettelbrëck soll de Güterhaff verschwannen, asw.
An déi oft belaschten Industriezonen bei de Garen kommen dann Schoulen, Bürosgebaier, Wunnengen, a.s.w. Beispiller gin ët genuch: Belval, Rodange, Klierf, Miersch, Hollerëch, Wasserbëlleg, etc. Firwat kann z.B. den neie Silo nët um Site vum aale Site vum Silo zou Miersch gebaut ginn?
Nei Petrolstanken kommen dann matzen an d'Natur (Märel, Bascharage, etc. ), amplatz se an fréieren Industriezonen z.b. um Site vun der Rodanger Fonderie unzesiedelen.
Déi nei Industriezonen leien mechstens an der Pampa, an hun kee Uschloss un d'Eisebunn. Et gët ëmmer méih schweier fir d'Industrie hei am Land ze haalen. D'Zait kënnt nach eng Kéier erem, wou d'Industrien nemmen kompétitiv sin, wann se een Eisebunnsuschloss hun.