merni schrieb: Salut!
An enger Äntwert op eng parlementaresch Ufro iwert d'Nordstreck, steht e Samschdeg am Wort ze liësen dat "durchschnittlich rund 10 Personen pro Tag auf der Strecke oberhalb von Gouvy" e Stonnentakt net géife rechtfertegen.
A wou hu se déi Zuel hiër? .
Dat wéisst ech och gär, de Claude Wiseler seet se wier vun de "comptages réalisés sur ces trains". Kee Wuert doriwwer ween dat gemat huet oder wou dat gemat ginn ass.
Also, wanns de en Deputéierten kenns, stell deen mol un eng Komplementarfro ze stellen.
merni schrieb: A Comptagen déi d'SNCB all Joër am Oktober duerchféiert (wou also kaum Touristen ennerwee sin) si folgend Resultater erauskomm (leider weess ech dat exakt Joër net méih, et misst em 2004 sin):
Erageklomme Reesender pro Wochendag: Gouvy 200 / Vielsalm 198 / Trois Ponts 143 / Coo 36 / Aywaille 218, derbäi komme knapp 200 Reesender (eng exakt Zuel weess ech do net) am Internationalen, woumat déi kritesch Grenz vun 1000 pro Dag knapp errecht gett, an dat bei engem äusserst onattraktiven 2 -Stonnentakt!
Dat passt éischter zu mengen Observatiounen. Ech huelen den IR in etwa eng Kéier all 2 Méint an ech hunn ëmmer fonnt datt d'Voituren gudd voll waren. Fir di belsch Zich Liers-Gouvy nach baal méi, do hunn ech et schon puer mol erliewt datt tescht Léck an Aywaille Leit hu missen stoen well den zuch iwwervoll war.
merni schrieb: Déi belsch Reesenderassociatioun ACTP fuerdert tescht dem IR en L-zuch Léck-Gouvy, deen ausserdem e puer Garen mat touristesche Potential Remouchamps, Nonceveux a Grand Halleux soll bedengen. Op deen L zuch kennt een dann zu Gouvy Correspondenz op den Letzebuerger IR gin, dé bis dohin verlängert misst gin. Ah jo, do si jo nach déi Grenztarifer .
Do si mer rem bei der Diskussioun di mer schon haten. Ech verstinn net datt mer an all Richtung Zich verlängeren, mä iwwer Gouvy keen raus geet. Fir den zuch an där Géigend attraktiv ze man muss et eng Méiglechkeet ginn virun 9:45 an d'Staad ze fueren, sprech et misst een ee vun den IR di Moies vu Gouvy an d'Stad fueren bis Trois-pont verlängeren.
Dobei ass de Besoin do, an dat net reischt sait geschter:
[url=La Libre]http://www.lalibre.be/actu/namur-luxembourg/article/453768/manif-pour-la-ligne-liege-luxembourg.html [/url]
Yves