Damplok 5519 op Auslandstournee - Lescht Etapp den 24. an 25.Juni

  • traindocs
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
12 Juli 2017 18:49 #4852 by traindocs
Un all Frenn an Supporteren vun der 5519 :

Weinst engem techneschen Probleem (Heissläufer) hu leider dei hei ennen annonceierten Fahrten mat der Damplok teschent Winden(Pfalz) an Wissembourg(Alsace) missen matt Diesel gefuer ginn. En deitsch BR218 mit drei rouden ex-Silberlingen-Garnitur an zwee SNCF X73900 (matt Deitschland-Zouloossung) sinn alternierend hin an hier gefuer.
Zu Wissembourg selwer haat d'SNCF een hierer neisten Bi-Mode-Zuch B 83549 ausgestallt.

Dei technesch Equipp vun 5519 huet virgesinn d'Lok e Freideg (14.Juli) ze flecken, an duerno an der Nuecht erem unzeheizen an e Samsden, 15.Juli - sauf problème ou contrainte organisationnelle - op Letzebuerg zereck ze fueren.
Am Laaf vum Samsdeg-Nometteg oder freien Owend (genauen Horaire nach net bekannt) dierft se also neess via Igel-Waasserbelleg op CFL-Gleiser rullen.

Avis aux amateurs an un d'Fotografen.

Bescht Greiss
JL

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • traindocs
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
20 Juni 2017 16:50 - 21 Juni 2017 11:16 #4815 by traindocs
Un all Frenn an Supporteren vun der 5519 :

En nexten Weekend, Samsden 24. an Sonndeg den 25.Juni fiert 5519 als lescht Etapp vun hierer Deitschland-Tournee e puer Sonnerzich teschent Winden(Pfalz) and Wissembourg(Alsace).
Dest am Kader vum Grenzlandfest Kapsweyer, am Optraag vum Land Rheinland-Pfalz.

Horairen sinn am Horaires-Logiciel vun CFL and DB hannerluecht an öffentlech ze kucken. All Zich matt Zuchnummer "RB 382xx" an "RB 385xx" teschent Winden(Pfalz) an Wissembourg(Alsace) gi gefuer! Daat ganzt am "Shuttle", deen ee Wee matt der Dampmaschinn, retour mat engem Diesel, fir nett mussen um Terminus emmer emzesetzen. Als Voituren sinn der vun DB-Regio geplangt.


Vu Letzebuerg aus kennt e bequeem mam Rheinland-Pfalz-Ticket dohinn. Deen as de ganzen Daag gülteg.

Bescht Greiss.
Last edit: 21 Juni 2017 11:16 by traindocs.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.151 seconds