rail.lu - Die Eisenbahnen in und um Luxemburg
Kënzeg Autelbas
- LuRa1404
- Offline
- New Member
-
Less
More
01 Sep. 2013 16:10 - 01 Sep. 2013 16:13 #2530
by LuRa1404
Replied by LuRa1404 on topic Aw: Re: Aw: Kënzeg Autelbas
Moien!
De genanntene Wee duerch de landwirtschaftleche Betrieb (Scheier a Stall) zu Grass ass e Privatwee!
Op de Lännereien déi zu dësem Betrieb gehéieren war bis an d'80?er Joeren den Tallus, d'Hiel an d'Bréck erhal. De belsche Stat huet déi dunn un de lëtzebuerger Betrieb verkaf, dien se anschließend zeréckgebaut huet. Dobäi gouf mam Tallus d'Hiel verfëllt.
De genannte Wee misst awwer nach méi oder wéineger den ursprünglechen Tracé hunn. Vun der Streck ass tëscht der Bréck iwwert d'Äisch (Ausleefer vum Gehecks an d'Wiss) an dem Gehecks op där Barnecher Säit (laanscht d'Motocross-Piste) näischt méi do.
@liecam, ech huelen un dir sidd am Kontakt mat de Betriebsleeder vun dem landwirtschaftleche Betrieb. Wann dat nach nit geschitt ass, ka jo e vun ierch de genauen Oflaaf an eventuel Opzeechnungen vun demols froen.
mbG,
Luc

Last edit: 01 Sep. 2013 16:13 by LuRa1404. Reason: pejorativ Connotatioun eliminéiert.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Pierrelux
- Topic Author
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 5
28 Aug. 2013 19:09 #2519
by Pierrelux
Replied by Pierrelux on topic Aw: Re: Aw: Kënzeg Autelbas
An der Tëschenzait haat ëch d' Sait hei op rail.lu fonnt, villmools merci trotzdem.
D' Sait vum Geoportail gëtt eng genee Positioun vun der Brëck, elo misst ëch se op der Plaatz fannen.
Merci,
Pierrelux
D' Sait vum Geoportail gëtt eng genee Positioun vun der Brëck, elo misst ëch se op der Plaatz fannen.
Merci,
Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- UP3985
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 55
28 Aug. 2013 15:25 #2518
by UP3985
Replied by UP3985 on topic Re: Aw: Kënzeg Autelbas
The following user(s) said Thank You: Realist, Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
- Offline
- Platinum Member
-
28 Aug. 2013 11:51 - 28 Aug. 2013 11:51 #2517
by jmo
Replied by jmo on topic Re: Aw: Kënzeg Autelbas
Last edit: 28 Aug. 2013 11:51 by jmo.
The following user(s) said Thank You: Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- liecam
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 35
27 Aug. 2013 18:44 #2516
by liecam
Replied by liecam on topic Aw: Kënzeg Autelbas
die breck mecht d'grenz matt der province de luxembourg, mir sinn iwert eng asbl am gang, dei vu verfallbedroten breck vieleicht an d'reih stzen ze kennen, waat awer net einfach gett.
um jetzigen veloswee pc 12 ass e panneau matt infoen.
um jetzigen veloswee pc 12 ass e panneau matt infoen.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Realist
-
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 35
27 Aug. 2013 13:21 - 28 Aug. 2013 07:23 #2514
by Realist
Replied by Realist on topic Aw: Kënzeg Autelbas
Guden Moien
Déi Bréck iwert d'Äisch misst um Rand vun deem Bësch oder Gestreichs sin wou Streck offzweigt opp Autelbas , wëll d'Äisch leeft do lenks vun der Atterstreck , also kann déi Bréck nëmmen do gewiescht sin , och opp den Fotoen vun der Bréck erkennt een net vill Gestreichs , déi Bréck misst awer gut vun der Velospiste aus ze ereechen sin . Déi aaner Bréck iwert d'Autelerbun ass bestëmmt do , wann een der Streck nogeet wou se aus der Belsch kënnt , läit riets vun der Autobunn eng Motocross oder Mountainbike Streck , wann een dann weider Richtung Lëtzebuerg geet ass Streck duerch Gestreich verlaaf, an zum Schluss vun deem Gestreichs do ass eng Stross ,déi muss iwert eng Bréck vun der fréierer Eisebunnsstreck gaangen sin , oder geet och haut nach driwer.
Ech wäert déi zwou Sachen , an och den Verlaaf vun der Streck awer selwer nokontroléieren goen , an dann och selwer Fotoen machen, déi ech dann och hei um Site wäert veröffentlechen ,ech haalen iech opp jidferfall um laafenden.
Nach en schéinen Dag wënscht den
Realist (Jungbluth Guy)

Last edit: 28 Aug. 2013 07:23 by Realist.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Pierrelux
- Topic Author
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 5
27 Aug. 2013 12:33 #2513
by Pierrelux
Replied by Pierrelux on topic Aw: Kënzeg Autelbas
Villmols merci schon fir dës Informatiounen.
Daat passt op belscher Sait mat deem zesummen waat um Satellitenbild (vun 2012) ze gesin ass. Den Damm op der Foto um Panneau ass um Bild ze gesin. An nët nëmmen deen, et schéint mer daat et nach en zweeten gëtt deen mat Hecken zougewuess ass. En fällt op well en absolut riicht verleeft.
Wou d' Streck an d' Spëtz am Draieck (wann een sëch et esou firstellt) vun den 2 bestehenden Eisebunnlinnen ukënnt ass en Feldwee (Sackgaass), den di fréier Streckeféierung schéint ze sin. Jiddefalls féiert en genee an d' Mëtt op déi Plaatz wou d' Bunnen all zesummenkommen respektiv zesummenkom sin.
Da bleiwt elo nach d' Streckeféiereung op lëtzbuerger Sait.
Wou ass genee déi Brëck iwert d' Aisch ze fannen, kann een déi vun der Velospist aus ereeschen? D' Brëck iwert d' Auteler Bunn ass um Satelittenbild nët ze fannen, wou genee war oder ass déi?
Merci,
Pierrelux
Daat passt op belscher Sait mat deem zesummen waat um Satellitenbild (vun 2012) ze gesin ass. Den Damm op der Foto um Panneau ass um Bild ze gesin. An nët nëmmen deen, et schéint mer daat et nach en zweeten gëtt deen mat Hecken zougewuess ass. En fällt op well en absolut riicht verleeft.
Wou d' Streck an d' Spëtz am Draieck (wann een sëch et esou firstellt) vun den 2 bestehenden Eisebunnlinnen ukënnt ass en Feldwee (Sackgaass), den di fréier Streckeféierung schéint ze sin. Jiddefalls féiert en genee an d' Mëtt op déi Plaatz wou d' Bunnen all zesummenkommen respektiv zesummenkom sin.
Da bleiwt elo nach d' Streckeféiereung op lëtzbuerger Sait.
Wou ass genee déi Brëck iwert d' Aisch ze fannen, kann een déi vun der Velospist aus ereeschen? D' Brëck iwert d' Auteler Bunn ass um Satelittenbild nët ze fannen, wou genee war oder ass déi?
Merci,
Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Realist
-
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 35
27 Aug. 2013 11:31 - 27 Aug. 2013 12:04 #2512
by Realist
Replied by Realist on topic Aw: Kënzeg Autelbas
Gudden Moien.
Streck vun Këntzeg opp Autelbas haat eng Längt vun 7,666 km. Streck ass den 1.Juni 1874 a Betrieb gehol gin.
Sie ass mat engem separaten Gleis opp enger Längt vun 3,497 Km paralell zou der Attertstreck verlaaf , bis se virun Grass offgezweigt ass , iwert déi nach bis Haut bestehend Brëck iwert d'Äisch gaangen ass , vir dann no 4,117 km zu Autelbas unzekommen ,wou se an Streck Lëtzebuerg Arel gaangen ass.
1878 ass daat separat Gleis vun Këntzeg bis virun Grass offgeschaaft gin , wëll nëmmen all 15 Deeg en Zuch opp Autelbas gefuer ass. Persounenverkéier huet opp der Streck awer nie stattfond. Am Joer 1900 ass Streck dun ganz ofgeschaaft gin.
All Déi Informatiounen mat e puer Fotoen vun der Streck an den Garen fand der hei: www.panoramio.com/photo_explorer#view=photo&position=251&with_photo_id=67845087&order=date_desc&user=5128755
Et ass ëmmer interessant wann een kann Infirmatiounen iwer all Eisebunnsstrecken sichen ,an domader Leit hellefen déi ,déi selwecht Interessen hun.

Last edit: 27 Aug. 2013 12:04 by Realist.
The following user(s) said Thank You: Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- liecam
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
- Posts: 35
26 Aug. 2013 19:15 #2510
by liecam
Replied by liecam on topic Aw: Kënzeg Autelbas
folgend bemierkung: zu grass waar nie en arret, et waar ab de 1950zeger joren en onbewchte p.n matt andreaskreiz an signalisatioun matt stop scheld.dei weich misst a rictung kenzech geleen hunn. iwert den tracé vun der streck op autel ass de privaatwee, ass durch e saut de mouton iiwert streck gangen. de wee feiert durch engem bauer seng scheier, hoffen e beschen geholef ze hunn. scheinen owend, vum camille liesch
The following user(s) said Thank You: Pierrelux
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Pierrelux
- Topic Author
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 5
25 Aug. 2013 16:52 #2506
by Pierrelux
Kënzeg Autelbas was created by Pierrelux
Moien,
ëch huelen un daat der e puer vun Iech den Projet Openstreetmap kennen, (och nach als OSM bekannt). Daat fonktionnéiert esou daat een sëch kann umellen an dann un der oppener Weltkaart mat zeechnen. Och Eisenbunnslinnen gin do agedroën.
Bei OSM huet een en Satellitenbild (vu Bing, Microsoft) als Ennerlaag an dierf vun do oofmoolen.
Bei der Linn Kënzeg Autelbas ass mer um Bild opgefall daat Hëcken déi haut op belscher Sait no bei Autelbas stin genee den Wee vun der Zuchstreck kéinten eremgin. Wëssend duerch Wikipedia daat d' Linn dun just laanscht Grenz op d' Atertstreck gefouert huet hun ëch probéiert den Tracé queesch iwert d' Felder bis bei a laanscht d' Grenz zu Grass op der Kaart anzedroën.
Hei emol main Versuch op der Kaart, d' Hecken sin och agezeechent:
www.openstreetmap.org/#map=15/49.6336/5.8661
Op Wikipedia steet och daat am Ufank en Paralellgleis vun Kënzeg aus op déi Streck gefouert huet, waat dun oofgerappt gouf an duerch eng Weich op der Atertlinn ersaat gouf. Vun der Schockheck aus gesait een en Feldwee lenks laanscht d' Velospist eroof goën.
Dozou hun ëch e puer Froën:
Ass dësen Feldwee laanscht d' Velospist deels déi aal Paralellstreck, och wann se an den Bësch féiert an nët ëmmer direkt nieft der Atertlinn lait? Bei der Borne LB 55 verléiert sëch den Wee.
War déi Weich an domat den Uschloss un d' Atertlinn bei oder no der Gare vun Grass?
Merci villmools,
Pierre
P.S: Wann een een kennt deen am Besetz vun Kaarten ass op déi keng Rechter méi bestin, wier et super wann déi fir OSM kéinten zur Verfügung gestallt gin.

Time to create page: 0.210 seconds