Neit Material fir d'CFL

  • Bernhard Reifenberg
  • Offline
  • New Member
  • New Member
More
28 Aug. 2019 21:04 #5460 by Bernhard Reifenberg
Replied by Bernhard Reifenberg on topic Neit Material fir d'CFL
In dieser Woche ist ein Coradia Stream für Messfahrten an der Saar zu Gast in Trier.
Ich konnte den Zug bildlich festhalten.

Hier ein Link zu meiner Facebookseite, die Bilder müssten öffentlich sichtbar sein.
www.facebook.com/bahnbilder.bernd.reifenberg/posts/2641867599190872
The following user(s) said Thank You: Heng

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
23 Dez. 2018 18:51 #5372 by marv91
Replied by marv91 on topic Neit Material fir d'CFL
Jo, dat stemmt. Mee Z2en goufen weder moderniséiert (et gouf just eng "Opération caisse" gemaach) et net Mi-vie wéi et virun e puer Joer geplangt. Zweetens huet den Här Bausch (Question parlementaire n° 3964) gesot dass Z2en just nach op den Niewenstrecken an den Ersatz kommen a Lëtzebuerg-Ettelbreck ass ganz Niewenstreck a den Zuch wier haaptsächlech op enger Haaptstreck.
Et muss e och mat der Zäit goen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Carlo
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
22 Dez. 2018 10:49 #5365 by Carlo
Replied by Carlo on topic Neit Material fir d'CFL
@marv91

Waat heescht: normal fannen ?

Ech gin mol dovun aus, dass d'CFL de Kapazitéiten vun den eenzelnen Typen Rechnung dréit. Et as och nach net allzelaang hier, dass Z2'en am Süden als Duebeltraktioun ënnerwee wuaren.

Wann ee wéi ech joorelang mat Westwaggon, Wegmänner (wou d'Fiederung an de Sëtzer ëmmer méi schlecht gouf) asw gefuer as, wuar ee schons iwer de Confort vun Moulinexe frou a waat hu mer eis gefreet, wou d'Z2'e koumen!

Et as nun emol esou, dass e Fuerpark sukzessiv erneiert gët, an d'Z2'en gin dann jo och elo geschwënn ersaat.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
20 Dez. 2018 20:07 - 20 Dez. 2018 20:10 #5361 by Initsch
Replied by Initsch on topic Neit Material fir d'CFL
Gudden owend,

Ech wor virgëschter an enger Interner Reunioun, wou eis d'Motrice'n virgestallt gouffen. Do waren ënner aanerem vum Hiersteller schon definitiv technesch Zeechnungen, wéi se opgebaut sinn.

Motrice‘n sinn wei folgend Compositioun:

3 Deeleg: Doppelstock mat Poste Conduite -Eestock-Doppelstock mat Poste Conduite

6 Deeleg: Doppelstock mat Poste Conduite -Eestock-Doppelstock -Doppelstock-Eestock -Doppelstock mat Poste Conduite

Di eestäckeg Tëschenelementer hun je d’Bogien mat den Fahrmotoren, Biggel, an alles waat technesch ass lait do um Daach (Trafo, Kompresser a Co). Et sinn alles eenzel Caissen mat je 2 Bogie'n.

Se werten Monotension ginn,dëst am 25Kv. Zougeloss sollen se nierft Lëtzebuerg an der Belsch an an Frankräich. Frankräich ass awer nit Prioritär. Arel soll jo och 25Kv AC hun, wann d'Motricen geliwwert ginn.

Als Sëcherheetssystemer sinn ETCS an den TBL1++ drop verbaut. KVB nit, well wann d'Motricen bis do sinn soll bis op Metz ETCS leien. Mei wait wéi Metz sollen se nit circuleieren.

Zu den weideren Froën: Eng dier fir den Mécanicien war nit virgesinn. Dëss kann awer nach als Optioun nogerüst gin. Affaire à suivre, ech gleewen ed éischter nit.

Vitesse soll 160 km/h ginn.

Op se nach eng éischt Klass kréien, ass och nach nit bekannt. Duerch den Projet Gratis ÖT kann ed sinn dass ed keen Klassenennerscheed méi gedd. Daat wees awer nach keen, och nit den zoustännegen Minister. Affaire à suivre.

Wéi gesoot daad sinn mol déi technesch Informatiounen déi ech lo sou mat do eraus geholl hun.

MbG
Last edit: 20 Dez. 2018 20:10 by Initsch.
The following user(s) said Thank You: Carlo, !!RH!!, CC1800, NS162, EdwinK

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
20 Dez. 2018 19:07 - 20 Dez. 2018 19:11 #5360 by marv91
Replied by marv91 on topic Neit Material fir d'CFL
@Carlo. Ech hu gefrot ob dir ët normal fënnt dass RB10 als eenzeg Linn op der Haaptstreck mat Z2en assuréiert gëtt. Z.B. zweschen Lëtzebuerg a Wasserbëlleg kommen Z2 normalerweis net méi an den Asaz.
Last edit: 20 Dez. 2018 19:11 by marv91.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
20 Dez. 2018 12:09 #5359 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic Neit Material fir d'CFL
Moien...
E puer gudd Froen woren daat...Di bis elo offiziell Fotoen soen nit vill aus...As z.b eng säitlech dir am Poste de conduite fir dat den mécano do ka rausklammen... sin se ganz duebelstäckeg oder wi régio 2n eng normal an eng duebel Kescht hannendrun....normal oder Jakobsbogien... wi ass Unuerdnung vun den Diren... accès fir PMR asw......
Hoffen dat CFL bedenkt dat ramen mat Jakobsbogien nit sou einfach kenne getrennt gin fir zb eng achs ze wiesselen... do mus een de ganzen Zuch mateneen hiewen waat heesche wellt dat Infrastruktur am AC och do muss ugepasst ginn...Loosse mer eis iwwerraschen.....

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
20 Dez. 2018 12:09 #5358 by Lemmy

20 Dez. 2018 09:42 #5357 by Marc Sinner
Replied by Marc Sinner on topic Neit Material fir d'CFL
Huet een schon aner Biller gesinn wéi daat waat hei um rail.lu, um RTL Site an um Site von Alstom steet?

Ech froen mech, wéi deen Zuch hannert dem Führerstand ausgesäit. D'Front ass déi vun den Automotricen déi momentan un Trenitalia geliwert ginn (heeschen do Pop) oder deen déi demnächst un d'NS geliwert ginn. Béides as eestäckegt Material. Déi Passagéierkapazitéiten déi uginn sinn, loossen awer just en Duebelstacker zou: 334 Plazen op 80m an 692 op 160m.

Huet deen Zuch Enzelcaissen oder Jakobsdréigesteller? Déi Coradia déi bis elo geliwert goufen an nach ginn hunn an der Regel Jakobsdréigesteller, ausser daat waat fir de Paräisser RER gebaut.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Carlo
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
19 Dez. 2018 18:46 #5356 by Carlo
Replied by Carlo on topic Neit Material fir d'CFL
Ech weess net waat déi Fro an dësem Kontext soll. Z 2000 sin déi eelsten Zich, déi d'CFL huet an esou schlecht sin déi och nët. Ma do geséit een schons, wou et hi geet: ëmmer dat neitst vum neitsten an zum Nulltarif!

Awer elo genuch Polemik...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Dez. 2018 18:09 #5355 by marv91
Replied by marv91 on topic Neit Material fir d'CFL
Wann dir dat normal dass op enger Haaptstreck wéi Lëtzebuerg-Ettelbréck a méi genau op der RB10 Lëtzebuerg-Diekrech Leit net vu modernen Ziich profitéieren kënnen ?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Dez. 2018 19:07 - 18 Dez. 2018 19:14 #5353 by !!RH!!
Last edit: 18 Dez. 2018 19:14 by !!RH!!.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Carlo
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
18 Dez. 2018 18:45 #5352 by Carlo
Replied by Carlo on topic Neit Material fir d'CFL
Elo as d'Kaaz aus dem Saak: www.rtl.lu/letzebuerg/1282253.html
34 nei Regionalzich fir 350 Milliounen Euro

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
29 Nov. 2018 22:36 #5332 by RV

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
29 Nov. 2018 22:00 #5331 by Max-f
Replied by Max-f on topic Neit Material fir d'CFL
Hallo. Dat klengt jo interessant
Ginn et dozou fotoen oder en numm oder ähnleches?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
29 Nov. 2018 13:39 #5330 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic Neit Material fir d'CFL
Moien....
Alstom baut a Spunien een neie "Prototyp" vun rames 2N....
Do ass eng am laafen...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
08 Okt. 2018 18:09 #5254 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic Neit Material fir d'CFL
Moin...
Gid mol eng Kéier op essentiel.lu , do ass een intervieuw mam Minister Bausch iwert Mobilitéit an do seet en dat den 15 (!!!!!) oct 2018 CFL eng commande fir neit material soll maachen.... (wann et nit scho gemaach ass...mee just nach e bessi waarden ier Kaatz aus dem Sack gelooss gëtt....)

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
21 Sep. 2018 18:45 #5235 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic Neit Material fir d'CFL
......An se wärten serie 2400 gennant ginn....

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
21 Sep. 2018 10:56 #5231 by marv91
Replied by marv91 on topic Neit Material fir d'CFL
Antwäert op eng parlementaresch Fro vun den Députéen André Bauler a Max Hahn (question parlementaire n° 3964)
www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=16499&backto=/wps/portal/public/Accueil/OrganisationEtFonctionnement/Organisation/Deputes/FicheDepute?ref=24737

Ab 2021 kommen éischt nei Automotricen um CFL-Réseau un.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
01 Sep. 2018 00:03 #5221 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic Neit Material fir d'CFL
Kann sinn mee Alsthom huet keng 2n am Programm.........

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
30 Aug. 2018 09:37 #5218 by CFLuxemburg
Replied by CFLuxemburg on topic Neit Material fir d'CFL
Spekulatiounen no ass dat neit Geschirr vun Alstom...

Projet: -Lok & Bus Fahrpult fir Simulatiounen
-CFL Netz + Motricen fir Zusi3 programmeieren

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.273 seconds