- Posts: 65
rail.lu - Die Eisenbahnen in und um Luxemburg
Gare Ettelbrëck
Poll: Gare Ettelbrëck (was ended 0000-00-00 00:00:00)
Nee, d'Gare soll nët ofgerappt gin |
|
61 | 92.4% |
Jo, d'Gare soll ofgerappt gin |
|
5 | 7.6% |
Total number of voters: 66 | |||
Only registered users can participate to this poll |
- Max_goedert
-
- Offline
- Senior Member
-
ech fannen se sollten einfach ënnerierdesch Fuusgängerweër maachen, and dann wier den Stau seu gutt wei nët mei do. All moien ass et daat nemlescht, wann den Zuch mat all den Schüler unkënnt ass op manst fir 5 minuten eseu een Stau dass keen eenzegen auto mei vun der plaatz kennt. Och beim Pensionat ass deen Problem (Kreizung beim Café Bofferding)
Max
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Realist
-
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 35
Dovunner héiert een och näischt méi,an daat ass gut esou,do waren och verschidden Leit(Politiker) gréissenwahnsinnëg gin.Wann een deenen Leit nogelauschtert hätt dann géif haut zwëschen Ettelbrëck an Diekrëch keen Zuch méi fueren,an opp en Tram géiffen mer nach bis Mokusdaag waarden.D'Ettelbrëcker Gare soll esou erhalen bleiwen wéi se ass an nëtt wéi zu Iechternach duerch en Neibau deen egal waat ass ersaat ginn.
Daat sëlwécht gëllt och fir d'Eisebunns Streck vun Ettelbrëck opp Diekrëch,do sollen emol Pläng gemach ginn wéi déi Stréck méi attraktiv ze machen ass,eventuel mat enger Verlängerung bis opp Gilsdrëff.Daat sëlwecht gëllt och fit Strecken vun Ettelbrëck opp Bissen an vun Klengbëtteng opp Stëngefort.Vun der Streck vun Woltz opp Baaschtneg (Ligne 164) do ginn ëtt jo an der Belsch(Wallonie chemin de fer 34 projets) ganz konkret Pläng fir déi erëm ze aktivéieren.Wann een wéi ons Regierung ët virhuet dem öffentlëchen Transport Prioritéit ze ginn dann därff een nët méi Strossen bauen,dann muss een d'Eisebunn an den Tram revaloriséieren,ouni wenn an awer,wëll sos ass daat ganzt den Pabeier net wert opp deem et drop steet.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- flepp
- Offline
- New Member
-
- Posts: 1
Ech perséinlëch wier jiddefalls frou wann déi aal Gare ging bestoe bleiwen, an eventuell ëm eng modern Extensioun ging erweidert gin, fir de Fall wou se ze kleng wier.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- gilyv051
-
- Offline
- Elite Member
-
Hipp wrote: Mir hu jo een Nohaltegkeetsminister den se beroden kann!
Wéi et mat deenen hirer Kompetenz ass, wesse mer jo zanter kuerzem! Stechwuert: Bissen!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Hipp
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 36
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Zou Ettelbréck kënnen sëch ët jo nach eng Kéier iwerleeën op se nët awer léiwer hier aal mat Haasteng gebauten Gare wëllen haalen, oder se esou ewéi (virun 40 Joër) zou Iechternach oofrappen an eng nei dohinner knuppen.
Mir hu jo een Nohaltegkeetsminister den se beroden kann!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Jos K
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 82
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Jeannot
- Offline
- New Member
-
- Posts: 4
Wann dei aal Gare awer erhale bleiwt a renoveiert get, setzt een sech een Denkmal fir dei nächst 150 Joer!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- h3608
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 22
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- schvit
-
- Offline
- New Member
-
Eis sou genannten Politer,keen Fazz besser.All Farwen.
Dat Gebei ass an engem gudden Zoustand,awer een Schandfleck ass dat aalt Zollgebei wou sech den ganzen Daag iwer dei glungensd Persounen rem dreiwen.(Drogen-Dealer?????)
Ech senn vill op der Nordstreck ennerwee(Fotoen) an domat och offt op der Ettelbrecker Gare.
Lg schvit
dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/
Schank Vital
3.Montee du Knapp
L-9175 Niederfeulen
vschank1@pt.lu
dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jhemp
- Offline
- New Member
-
- Posts: 1
Sie as baulesch gesin an perfektem Zoustand ( an hat praktesch keen Krichschued ) an bräicht am Fong nëmmen bannen e bëssen oppoléiert an moderniséiert ze gin. Grouss genuch as sie jo och, well sie huet nach Platz fir 2 Geschäfter, 2 Appartementer an e Buffet.
Et as en absoluten Skandal an eng Respektlosechkeet vun eiser Vergaangenheet esou een imposant, historescht Gebai ofzerappen fir et duerch eng ellen an charakterlos Betons Këscht ze ersetzen.
Waat dem Faas de Buedem ausschléit: Deen Tunnel, deen op d'Platz vun der Gare soll kommen as total onnéideg : hien verschléngt en Heedegeld, féiert zu enormen, techneschen Problemer ( onstabilen suppeschen Ennergrond, Iwwerschwemmungsgebitt, Risiko vun Rëss an den Nopegheiser) , wärt d'Awunner 8-10 Joer belästegen an léist de Verkéiersproblem vun Ettelbréck net, mee verlagert et an den Zentrum wou den Tunnel rauskënnt. Experten aus der Baubranche färten datt den geplangten Rondpoint bei der Ausfahrt vum Tunnel de Verkéier net packen wärt, wat zu engem totalen Verkéierskollaps féiren géif.
D'Politiker an Ponts et Chaussées kruten vun Ettelbréck 21 eng ganz Reih vun Alternativen virgeschlo an sin sech och villen Problemer bewosst, mee irgendwéi wëllen sie den Tunnelprojet net faalen loossen. Et schéint hei méi em déi Terraien ronderëm ze goen an et läit op der Hand, datt hei no den Interessen vun Promoteuren gekuckt gëtt.
Alt erëm soll en onersetzbart lëtzebuerger Monument der Geldgier vun enger Minoritéit an dem blannen Aktivismus (bedingt duerch d'Profilneurose) vun enger Partie Politiker zum Affer faalen.
Armt räicht Land!
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Dan802
-
- Offline
- New Member
-
- Posts: 19
ech fannen daat schein, wann een herno Aal gebaier nach niewt neiem material kann kucken...
och feelt et herno un unhaltspunkter op aalen fotoen vir mat haut ze vergläichen.....
wann se se weinstens geifen oofrappen well se baufälleg wier...mee se ass jo awer nach tiptop :ohmy:
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- charel1604
-
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 46
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Tom2001
-
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 28
Fir déi ganz Neigestaltung vun der Gare Ettelbrëck sin 47,5 Milliounen Euro virgesin.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Fränk
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 44
Wéi ass ët iwerhaapt mat dem Megaprojet "Stroossentunnel" no de Wahlen bestallt?
Fränk
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- jmo
-
Topic Author
- Offline
- Platinum Member
-
Eng Alternative wier, dat aalt schéint Gebai ze renovéieren, an eventuell eng modern Annexe (ewéi zu Belval-Université) iwert d'Quaiën ze bauen. Dëst ging och d'Problemer vun Héichwasser an Unterführungen aus der Welt schaafen.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.