Atterlinn

More
08 Nov. 2011 15:17 #96 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
Daat dooten ass tippech Letzebuergesch, aaner länner hun fill museumsbunnen, wei d Belge, Deitschland, Frankreich etc. Fannen et schlemm dass eis Regierung sou verbured ass. Jeje. Se gin leiwer d Suen dohinner wou keen se Kbrauch plaatz eis kulturell an geschichtlecht wiesen ze secheren. WAAT FIER EEN ARMUT EIERLECH. :(

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
08 Nov. 2011 10:50 #95 by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Aw: Atterlinn
Salut,
fir emol direkt eppes kloer zestellen;daat mat de Museumsbunnfahrten kann's de vergiessen.De Staat huet seinerseits gesoot,ee Museumsbunn-Site an eisem Land geet duer an dofir kritt keen aneren eng Autoristatioun fir esou eppes.D'Jangelysfrenn vu Niederpallen wollten och esou eppes maachen an sie hun die do Äntwert kritt.
Et kéint een e Rail-Bike ( eng Art Velo op Schinnen;ewou 2 pedaléieren an 2 kenne matfuehren ) op der Streck maachen;dofir brauch een net vill auszebauen an den iwergang tescht Klengbetten a Stengefort stellt och kee Problem duer.Mee ewéi den LuRa1404 schreiwt,triett fir d'eischt mat ons ( den Attertfrenn ) a Kontakt,nemmen zesummen kann een eppes erreschen.Ech huelen daat doen mat an eise Comitee an da schwätze mer doriwer.
Bis dann

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
08 Nov. 2011 07:11 #94 by LuRa1404
Replied by LuRa1404 on topic Aw: Atterlinn
Ier ech mech an sou en neie Club ging lancéiere ging ech mol mat de Frënn vun der Atertlinn a.s.b.l. a Kontakt trieden. Si hunn d'Monument zu Nidderpallen op d'Been kritt an ech menge mech ze erënneren, dass si mat dene läschte Sonnerzich och eppes ze dinn haten.

Dei bestehend Schinnen emol ze reaktivéiere schéngt mir e schwéiert Manöver. D'Streck méi weit auszebauen, gesinn ech als quasi onméiglech. Bis op Äische verleeft d'Streck am Bësch. Mat héische Fielswänn läanscht Seit, am Hang oder op engem Damm. Zu Äischen ass d'Streck verbaut an duerch den Hank ass eng nei Trasse schwéier ze erschléissen. Direkt hannert den Haiser kommen déi fir vill Geld nei restauréiert dräi Brécken.

Dat de Stat fir de Streckenausbau Geld fräi mëscht kann ech mer schlecht virstellen. Ökologesch gesinn hunn d'Hecke laanscht d'Velospist eng wichteg Roll als Biotopverbund...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
07 Nov. 2011 23:54 #93 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
Ma ech sichen Leid fier een Club ze grennen. Dei bereet sinn sech emt d Streck ze kemmeren. Sou dass sondes och museumsfahrten meiglech sinn. Mais wees net wou ech do soll ufrooen. Falls daat Vorhaben meiglech wier. Bis wei weid wier et rem meiglech d Gleiser ze leen?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Radon
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
07 Nov. 2011 20:52 #92 by Radon
Replied by Radon on topic Aw: Atterlinn
Salut, ok Merci fir d´Äntwerten.

Et wier jo schon flott wann déi besteend Streck nees méi oft géif befuer ginn. Fir d´Gleiser ze verlängeren denken ech, dass dest net ouni enormen Opwand ze maachen ass. D´Velospist Richtung Eischen verleeft jo ab dem Prellbock genau do, wou fréier Gleiser waren, d.h. et misst quasi een neien Bahndamm geschaff ginn, an duefir misst op deenen meeschten Plaatzen vill Buedem bewegt ginn. Ausserdem missten Gleisen vunn hannert der Stengeforter Gare och mol fir d´éischt komplett erneiert ginn. D´Fro ass bei sou eppes emmer, ween dat bezillt?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
07 Nov. 2011 13:03 #91 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
Wei ech d Fotoen gemeet hun sin ech bis an den Besch bei den Prellbck getreppelt. An meng Fro ass elo dei heiten. Well hannert dem PRellbock geht jo direkt d Velospist un. Wier do keng Meiglechkeet direkt nieft da Velospist d Gleiser weiderzeverleen bis op dei nexten Statioun? oder souweid wei et nach meiglech ass an dass dann do een Quai gebaut geiff gin fier d Leid. Ech wees aus Quellen dass op verschiddenen deeler fun da trass Heiser gebaut gouffen sou och zu Eischen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
07 Nov. 2011 12:54 #90 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
ok merci.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
07 Nov. 2011 08:28 - 07 Nov. 2011 08:29 #89 by LuRa1404
Replied by LuRa1404 on topic Aw: Atterlinn
Moien!

Op lokalpoliteschen Plang get et zu Stengefort scho joerelaang Stemmen, déi fir en dem Takt ugepasstenen Zoubrénger vum P&R zu Stengefort mat Tëschenhalter op Klengbetten. Ech mengen dës Idee war och virun engem gudde Joer vun enger Eisebunnergewerkschaft an d'Öffentlechkeet gedro ginn. Eng Verlängerung vun dësen Zich de WE bis bei de Prellbock direkt an de Stengeforter Bësch (Naerholungsgebidd mat Naturschutzgebidd) wier eng flott Erweiderung vun der Offer.

Virun enger gudder Reih Joeren, wéi déi demoleg Uniroyal, d'Gemeng an d'CFL sech nit eenz goufen, fir d'Sanéierung vun där eisener Bréck um Tipp ze bezuelen, war och am Gespréisch, fir d'Schinnen erauszerappen. Dest ass awwer mat Gléck nit geschitt a bis bei de P&R get d'Streck nach heinsdo mat Schlakenzich oder Chantierszich befuer.

Dei 2 Wagonen um Tipp goufen als Monument fir un de Gütertransport ze erënneren do ofgestallt.

Virun enger ganzer Reih Joere goufen et och sou Sonnerzich, ech erënnere mech un den De Dietrich an d'5519 dei bis op Stengefort an d'Gare gefuer sinn.

Zur Längt:
ronn 2,5km bis op d'Barrière zu Stengefort (selte befuer)
ronn 1,75km bis bei de Prellbock
ronn 0,75km bei d'Textilcord
Last edit: 07 Nov. 2011 08:29 by LuRa1404. Reason: Schreiwfehler
The following user(s) said Thank You: Gaffinet

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
06 Nov. 2011 20:01 #87 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
Ass dann nach deen deel Klengbetten Stengefort an Betrieb. Well zu Stengefort hannert da Barriere am Bereich fun da Gare sin d Gleiser komplette zugewuesst bis bei den Prellbock am Besch wou nach een aalen Oofzweig zu enger Firma ass. Weifill Gleiskilometer sin et fun Klengbetten op Stengefort? Wier flott wann een d Gleisanlagen fun da Stengeforter Gare keint an d Rei setzen fier Sonderfahrten fun Klengbetten aus ze maachen.

Hei nach eng aktuell foto fun da Situatioun wei et an da Gare ausgeseid.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
06 Nov. 2011 19:52 #86 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Atterlinn
Also deen Deel fun Klengbetten op Stengefort do sin d Gleiser bis firun da Barriere nach wei nei, mais duerno Am Garebereisch an duerno bis zum Prellbock am Besch sin d Gleiser zugewuesst. Hannen op engem aalen Oofstellgleis stinn seguer nach 2 aal güterween.
Hoffen dass d Gleiser emol rafistoleiert gin mol den Garebereich wiergudd fier eventuell dei eng oder aaner Sonderfahrt. Weivill KIlometer Gleislängt sinn et fun Klengbetten op Stengefort wou d Gleiser nach leien? Kann een mier daat soen. Merci.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
22 Okt. 2011 10:07 #62 by schvit
Replied by schvit on topic Aw: Atterlinn
Ettelbreck-Bissen.Sou vill ech wees 2 bis 3 molls Woch .Moies.Zeiten.Schon daks Moies frei,kann awer och mei speit ginn.Eng Chancesaach

Schank Vital
3.Montee du Knapp
L-9175 Niederfeulen

vschank1@pt.lu
dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • Radon
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
21 Okt. 2011 18:24 #61 by Radon
Atterlinn was created by Radon
Moien,

wees een, wat mat der Streck Kleinbettingen-Steinfort geschitt? Ginn et Pläng fir d´Gleiser wegzehuelen? Si ass jo schon säit längerer Zäit net méi am reglären Betrieb.

zu der Streck Ettelbreck Bissen: Wees een wéini d´CFL op deser Streck fiert?

Merci

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.228 seconds