Gouvy

More
04 Feb. 2012 00:31 - 04 Feb. 2012 09:48 #648 by hape
Gouvy was created by hape
Hei eppes Positives aus der Belsch. Och wann Bastnach-Libramont ofgebaut gouf, da gët et awer eppes Neies zu Gouvy. Nördlech vun der Gare gët dat alt Streckegleis Richtung St.Vith neess reaktivéiert, respektiv ganz nei geluecht, bis zur Unterführung ënnert der Streck op Léck. Kuerz do virdrun soll dat neit Gleis dann no lénks an eng nei Industriezone féieren.

Op der 1. Foto leien d'Schlaacke schon an deem déiwen Aschnëtt nördlech vu Gouvy an d'Schinne leie prett.
Op der 2 Foto gesäit een am Hannergronn d'Unterführung vun der fréierer Streck no St. Vith. D'Streck op der Bréck ass déi vu Gouvy op Léck.
Last edit: 04 Feb. 2012 09:48 by hape.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.148 seconds