Fahrpläng Gidderzich

More
03 Sep. 2012 04:45 #1493 by bb3602
Replied by bb3602 on topic Re: Fahrpläng Gidderzich
Gudde Moien,

wei geet et dann lo mam Kuelenzuch, während d'Nordstreck deelweis gesperrt ass?
Fiirt en do am selwechten Horraire iwwer d'Aareler Streck?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
29 Aug. 2012 17:37 #1473 by DenTuteBatti
Replied by DenTuteBatti on topic Re: Aw: Fahrpläng Gidderzich
All Trassen bestinn, et ass just dat verschiedener net emmer gefuer ginn. Et get awer fiir all Daag en kloeren Roulement, soss geif daat ganzt net laufen.
DTB

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
26 Aug. 2012 06:16 #1456 by Ronnen
Replied by Ronnen on topic Aw: Fahrpläng Gidderzich
Salut, den 21.08.212 aas 3016 aan 3011 schons em 20.22 mat deem eidelen Kuelenzuch zu Welwerwoltz passeiert.
MfG
Ronnen

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Aug. 2012 19:48 #1455 by merni
Replied by merni on topic Re: Fahrpläng Gidderzich
Salut,

Den 22.08 war en eng hallef Stonn méih spéit wéi normal (Ettelbréck géint 21:00).
Den 23.08 war en vun 19:45-20:05 an der Stad, deen Dag as en zu Ettelbréck pünktlech em 20:35 duerchgefuer.
Vum 24.08 weess ech näischt.

Schéi Gréiss

nm

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Aug. 2012 16:43 #1454 by CC1800
Replied by CC1800 on topic Re: Fahrpläng Gidderzich
Gudden Owend,

dei 2 lescht Deeg (23. a 24. August) hunn ech Owes vun ca veirel vir 6 bis geint halwer 9 zu Beetebuerg op der Brëck Sait Zoufftgen gewaard, fir den eidele Kuelenzuch ze fotografeiren, an en net gesinn.

Weess een, op den Zuch am Moment iwwerhaapt fiert, a falls jo um weivill Auer?

Weess een, op e muer iwwer d'Aareler Streck fiert, an do och, falls jo, um weivill Auer?

Merci am Viraus

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
05 Juni 2012 13:46 #1233 by CC1800
Replied by CC1800 on topic Aw: Fahrpläng Gidderzich
Gudde Metteg,
vir all dei Leit dei welle Fotoen vum eidle Kuelenzuch vir ob Visé machen, deen ass normalerweis geint 8 an der Stadt an soll um 21.16 duerch Gouvy fueren. Esou vill ech wees fiert en all Wierten. Vir zreck fiert en allerdengs normallerweis ganz speit an der Nuecht esou dass een do keng Fotoen machen kann.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
30 Dez. 2011 17:21 #425 by Robbes
Replied by Robbes on topic Aw: Re: Fahrpläng Gidderzich
Gudden Owend,

Sëcher as et méiglech un esou Infoen ze kommen. Et brauch een just déi néideg Relatiounen zu den richtegen Leit. Vill Fotografen kennen sech do beschtens aus.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
30 Dez. 2011 09:01 #421 by Misch
Replied by Misch on topic Re: Fahrpläng Gidderzich
Salut

Dat doten stemmt schons met normalerweis gin et Fahrpläng fir Gidderzich och wan se net veröffentlecht gin muss et dach meiglech sin un esou Infoen ze kommen. Wei machen et dann all d'Fotografen. Et get dach LMT fir Persounenzich, Gidderzich an HLP.
Wär net schlecht wann emol e puer Zeiten hei keinten veröffentlecht gin.
z.B. Ettelbreck-Bissen oder Lux-Triage-Bertrange, Lux-Dippach

Merci an een gudden Rutsch
Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
14 Dez. 2011 18:38 - 14 Dez. 2011 18:39 #337 by Robbes
Replied by Robbes on topic Aw: Fahrpläng Gidderzich
Gudden Owend,

Et as e besselchen eng Mëschung vun deenen zwee. Een Fuerplang schon eleng fir dem Persounenverkéier aus de Féiss ze kommen. Allerdengs fueren si och no Besoin, well wa keen Zuch do as an d'Lok och nett gebraucht gett fir een Zuch retour ze fueren kënnt et alt emol vir, dass een Gidderzuch komplett ausfällt. Bei den Fuerpläng kann ech leider nett hëllefen well déi nett publizéiert gin an nëmmen intern gebraucht gin.
Last edit: 14 Dez. 2011 18:39 by Robbes.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • MAB
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
14 Dez. 2011 14:40 #332 by MAB
Fahrpläng Gidderzich was created by MAB
Bonjour,

Fueren Gidderzich zu Lëtzebuerg no engem Fahrplan oder just no Besoin?

Wou kritt een Fahrpläng fir Gidderzich?

Merci am Viraus,
Mike

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.199 seconds