Netzzougang

  • René
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
15 Juni 2016 13:20 #4458 by René
Replied by René on topic Aw: Re: Aw: Netzzougang
Neen, de Faarplang bleiwt, mee de betraffenen Zuch kritt Verspéidung, déi justifizéiert muss ginn.

Huele mir e Beispill. Zu Näerzeng ass eng Barrière gestéiert; doduerch mussen d'Zich mat schrëftlechem Befehl fueren, wat jo zu Verspéidunge féiert. An deem Fall kann de Güterzuch, dee soss tëscht de Persounenzich gefuer wier, zu Esch zréckgehale ginn fir datt de 15' - Takt kann agehale ginn.

Herno stinn dann all di betraffen Zich um "relevé des retards".

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • René
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
28 Mai 2016 16:27 #4427 by René
Replied by René on topic Aw: Re: Aw: Re: Aw: Netzzougang
Ech sinn zwar scho bal dräi Joer out, mee esouwäit ech mech erënnere kann ginn d'Sillonën zwee Joer virdru graff festgeluecht. Dëst ass besonnësch wichteg fir gréisser Chantieren ze plangen, zemols wann och d'Ausland matspille muss.

Den Horaire gëtt dann am Laf vum Joer ugepasst, je nodeems op d'Utilisateurs de l'Infrastructure e Sillon nach brauch oder gären geännert hätt oder en neien Trafic wëlle fueren.

Beispill hei: D'Sillonën vun de fréieren Schnellzich 90, 91,96 a 97 ginn nt méi gebraucht a wäerten elo ab Abrëll disponibel sinn fir aner Zich.

All dës Ännerungen ginn dann an engem Avis-Horaire de Poste matgedeelt an och an den haut elektroneschen "Tableaux de la succession des trains" verschafft.

Eenzel Sillonën sinn direkt reservéiert, hei geet et em de Service Public, dee jo zum gréissten Deel am Hallef- oder Ganzstonnentakt, jo esouguer am Véierelstonnentakt leeft. Do gëtt et näischt an een, deen géif do e Sillon an engem Takt ufroen, kriit secher "njet" gesot an et géif gekuckt ginn fir him en aneren unzebidden.
The following user(s) said Thank You: E.R.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • René
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
25 Mai 2016 07:54 #4419 by René
Replied by René on topic Aw: Re: Aw: Netzzougang
Richteg,

en neie Sillon brauch net ugefrot ze ginn wann en Zuch mat enger fester Nummer vun engem bestëmmten Dag Verspéidung huet. Séng Verpéidung gëtt dann einfach festgehalen.

Wini hie da fuere kann, hängt vun deenen anere Sillonën of déi vergi sinn. Hie muss waarden, bis e "Lach" fir hien do ass.

Wann elo d'Entreprise ferroviaire decidéiert fir den Zuch mat Retard ausfalen ze lossen an en eventuell méi spéit enner enger anerer Marche fueren ze lossen, dann trëtt natiirlech de Fall vu virdrun nees an. (neie Sillon bei der ACF froen a supressioun a mise en marche duerch en Avis-Trains)
The following user(s) said Thank You: E.R.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • René
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
24 Mai 2016 16:58 #4417 by René
Aw: Netzzougang was created by René
Ma dat ass ganz einfach.

Fir deen Zuch, dee muss iwwer Dippech fueren, gëtt bei der ACF en neie Sillon ugefrot. Fir esou Saachen ass e Büro Stonnen 7 Deg op 7 besat.

Wann den Zuch dann deen neie Sillon huet, da kann hie fueren.

Di eenzel Posten ginn dann duerch en Avis-Trains informéiert iwwer d'Suppressioun vun deem ale Parcours an Creatioun vun dem neien.
The following user(s) said Thank You: E.R.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.159 seconds