2012: Märklin CFL 56er Damplok

More
24 Okt. 2012 11:17 #1677 by HSB_99_6001
Replied by HSB_99_6001 on topic Aw: Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Klengen Update zur 56er:

Op 1-2-3 läit de Präis am Sofort-Kauf momentan bei 240,00 € :) (140 € manner wéi vu Märklin uginn)

An héchstwahrscheinlech wäert de Prais an deene nächste Wochen och nach e bësse no ënnen tendéieren (no Chrëschtdag, wann 1-2-3 mat de Maschinnen iwwerschwemmt gëtt ;) )

Bis dann.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 16:00 #519 by Tim90
Replied by Tim90 on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Also ech sin der selwechter Meenung wéi den Misch. Et huet neischt mat Nietenzielerei ze din, et as einfach d'Fro wat een fir seng Suen kritt. Den Märklins Modell as nunmol opmannst 15 Joer al, an dat geseit een em un.
Well ausser der Nummer an dem Dekoder as et den selwechten Modell wéi '96.
Den Undriwwskonzept vun der Märklins Lok as net méi zeitgemäss, do sin Modeller wéi vun z.B. vun Roco oder déi amerikanesch einfach iwwerleen. Zum Beispill op enger Ausstellung: eng Lok mat Schneckengedriww (wéi bei denen meeschten gängegen Hiersteller) leeft ouni ze mucken, wougéint eng Märklins Lok (wuelverstanen eng mat dem alen Scheiwenkollektor-Motor an dem alen Gedriww) spéitsdens no 2 Stonnen no Ueleg jäizt dass een et duerch d'ganz Haal héiert.
Et as jo keen Zoufall dass mëttlerweil Embausätz ungebueden gin fir déi al Märklins Undriwwer op den Stand vun haut ze brengen.
An Märklin selwer huet d'Sach och erkannt: all déi nei entwéckelt Loken hun en Undriww mat Schneckengedriww den schéin roueg leeft, an sin och an der Detaillierung um Stand vun haut.
Mee dann misst et en Preisënnerscheed zweschen denen alen an neien Modeller gin. Mee si froen fir en alen Modell mat neiem Dekoder den selwechten Preis fir en nei entwéckelten Modell, an dat därf menger Meenung no net sin.

An éier een hei géint Lima oder Jouef wiedert, sollt een sech vleicht mol unkucken dass och déi mëttlerweil anständeg Modeller op d'Been stellen.

Tim

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 13:07 #518 by Misch
Replied by Misch on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
huet neischt mat sech leeschten oder net leeschten ze din, mee fir mech ass et eng Fro, wat kreien ech fir mein Geld. Mir sin 2012, an dann well ech net eng Lokomotiv vun 1996 wou just een Decoder dran gebaut gouf.

:dry:

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 12:49 #517 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
ech soen just eppes. Leid dei sech sou een hobby net leeschten kennen sollen besser dfangeren dovunner lossen an net domm schwätzen. Wann da onbedingt wellt Modellbunn hun da kaaft ierch Jouef oder Lima ;)

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 12:36 #516 by Misch
Replied by Misch on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Salut

Vielleicht den Ball e besschen flach haalen.
Ech fannen 380 Euro fir een HO Modell , ob limiteiert oder net einfach iwerdriwen. Sound oder net Sound. Et ass jo nemmen ee Plastiksmodell wat an China fir een Apel an een Steck Broud hiergestallt get. Och een Sounddecoder ass fir 110 Euro ze deier. Ok jiddereen muss wessen wat een fir sein Hobby ausget an et get jo keen gezwongen eng Lok ze kaafen.
Mee an mengen Aen ass et ze deier.
An limiteiert ass d'Oblag och net, get eben just nemmen 2012 produzeiert. Et ass den nämlecht Lok wei 1996 just vielleicht mat enger aner Nummer an engem Decoder. Den Motor leit nach emmer am Kessel vun der Lok an nach net am Tender. Dat huet Roco schons an den 80er Joeren gemet. Hei get einfach all Technik mat neier Technik verbonnen, an fir deier Suen verkaaft. Dat ass einfach eng Arnaque.

US Modeller sin net belleg Produzeiert, dei haaten schon Motoen mat Schwongmass do ass hei an Europa nemmen dofunner gedreemt gin.

Neischt fir ongut.
Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 12:01 #515 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Also du verstehs anscheinend net fill. Daat was du geschriwwen hues ass reng Nietenzielerei. Et ass keng Neioplaach. Et kennt eng 3t nummer raus. D 5609 an 5602 sin jo schon raus. Ech hun gester bei Märklin telefoneiert an mech informeiert. Den Preis ass berechtegt. Well et ass eng Serie limité. Du muss se jo net kaafen. Ech hun da direkt 2 bestallt eng fun Trix an eng fun Märklin. An wees och weini se rauskommen.

An nach eppes. US Loks matt Sound sin fleid belleg mei Qualitativ kannste se net matt europäeschen Maschinen vergleichen. Ech schwetzen aus Erfahrung. An een Sounddecoder kascht elleng schon wannste een fun Esu keefs minimum 110euro.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Jan. 2012 10:56 #514 by Tim90
Replied by Tim90 on topic Re: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Salut,

Et as jo ganz schéin dass nees eng 56er soll kommen, mee den Preis as definitiv iwwerdriwwen, och wann se Sound huet. Well amfong as déi Lok neischt anescht wéi eng Neioplag vun der 5609 vun 1996, mat genau denen selwechten Fehler. An sou deier sin Sounddekoderen haut net méi, well an Amerika kritt een fir den do Preis schon bal 2 Loken (mat besserem Sound).

Déi 379,75 € sin d'UVP vun Märklin. Mee ech denken wann een dann eng Zeitchen wart gesin d'Stroossenpreisser schon ganz anescht aus.

Tim

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Jan. 2012 12:23 #508 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Re: Aw: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Salut. Also ech fannen den Preis berechtegt. emmerhin huet se Sound (d Versioun fun Märklin an Trix) an wei mir Modellbunnerten all wessen sin Soundlokomotiven net belleg. An et ass een Sammlersteck. Wees een weini se raus kennt. Ech sin un der Lok intresseiert. Da wees ech weini ech se fierbestellen kann.

Merci am fierraus. :cheer:

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Jan. 2012 08:17 #507 by HSB_99_6001
Replied by HSB_99_6001 on topic Aw: 2012: Märklin CFL 56er Damplok
Ass jo am Fong eng flott Saach, just de Präis vun 379,75 € fannen ech awer e bëssen iwwerdriwwen. Bal 400 € fir eng H0-Maschinn, och wann digital, dat kënnt dem Client awer net grad entgéint. Do si mer jo scho bal am LGB-Niveau (wou ee méi Maschinn fir dee selwechte Präis kritt).


MbG

Fritz

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
17 Jan. 2012 20:09 - 17 Jan. 2012 20:32 #503 by jmo
2012: Märklin CFL 56er Damplok was created by jmo
Dëst Joër kënnt vu Märklin eng CFL 56er Damplok am H0:

maerklin_NH-Prospekt_2012.pdf


D'CFL 56er Damploken um rail.lu
Last edit: 17 Jan. 2012 20:32 by jmo.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.199 seconds