Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers

Mehr
13 Dez 2019 14:42 #5496 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
D'Coradia sinn, no mengen Informatiounen, eventuell fir den Asatz Richtung Virton virgesinn. Mee bleiwen voraussëtzlech zu ganz groussem Deel am Land. TER2NG sollen dann vermehrt Richtung Metz an den Ersatz kommen. Sou mol eng Antwäert déi ech krutt hunn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Okt 2019 12:41 #5482 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
An dann fannen 1. Klass och nach eng Freschheet fier sou eng laang Rees. Dei huet eichtens guer keng Oftrennung vun der 2. Klass. Setzer sin dei selwecht, se hun just eng aaner Faaf. Du hues villeicht mei Plaatz fier dei Kapp hanne widdert de Setz ze maachen an dann e Klappdech. An fier dann Duebel an deck ze bezuelen fier eng 1. Klass weinst engem Klappdech soen ech awer Nee Merci.
Et klengt elo bessen radikal, mais dat ass meng perseinlech Meenung an ech respekteieren är natierlech och.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
19 Okt 2019 08:44 #5481 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Ech sin op jiddefalls mol gespaant wei et weider geet. Ech ka ma et bedenken, et ass just eng Toilet an enger Desiro. Ech waarden op deen Daag wou Toilet zou ass an net funktioneiert an e Klient vu Lëtzebuerg op Leck fueren muss a kuerz fierum Iwerlaafen ass. Pipten dann dem Kontroller op Feiss oder wei?
Besonech fier Stammklienten dei di Streck all Woch bis op Leck fueren wert et spannend gon wann se schaffen wellen a keng Platz hun.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
06 Okt 2019 15:29 #5477 von Max_goedert
Max_goedert antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Gudde Metteg,

ech sinn an deenen leschten 4 Joeren quasi all Woch déi Streck an den aalen Voituren gefuer.
D'Argument vun der Klimaanlag, déi wann et gutt kennt 6-7 Wochen pro Joer gebraucht gedd, ass fir mech hifälleg. Natierlech hunn ech mech och schonn opgereegt dass et an deenen Zich heinsdo mol ze waarem ass, an dass daat fir mi eeler Leit mat Secherheet en grousse Problem duerstellt, mais daat ass awer nach lang keen Grond, eng InterCity-Relatioun esou ze dégradéiren an mat engem Zuch auszestatten deen ursprünglech fir den suburbanen Verkéier em Bréissel geduecht war. Dann kennen mer jo och direkt eng S-Bunn amplaatz vum TGV op Paräis asetzen?
Ech verstinn net firwaat mir vu Gléck schwetzen, dass d'Streck net zougemaach gedd. Wéieng Argumenter gedd et fir dess Streck nach? An engem onbequemen Zuch 2:30h, mat Descher wou mol keen Blaat Pabeier drop passt bis op Léck fueren? Et ass vleicht net d'Enn vun der Linn, mais mat daer dooter Aktioun mecht d'SNCB e groussen Schrett dohinner.

Sinn oppen fir weider Meenungen, et ass en interessant Thema!

LG,
Max G

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2019 11:10 #5476 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Mee ech respektéieren all Meenung. Iwwer all Meenung kann e gäeren schwätzen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2019 11:04 #5475 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Eppes steet och fest : Ech hu quasi ëmmer Diskussiounen iwwert de Verbleib vun den Automotrices classiques (AM73) (ex-RB50 Lux-Arlon). Do si vill an der Wallonie déi dat net verstinn dass dës Ziich démodé (an ech sinn net den Eenzegen den dat seet). Dat aus lauter Verliéift fir Nostalgie. Avancement gesäit anescht aus.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2019 11:01 #5474 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Jo dat ass e Problem vun eiser Regierung den näischt mecht fir méi Fernziich uzezéien. Et muss e bedenken dass Belsch an de leschten 10 Joer iwwert 100 AM80, AM75, AM85 renovéiert huet den nach sollen mindestens 10 bis 15 Joer fueren. Hunn déi Ziich irgendwelch Komfortstandards fir 2 bis 3 Stonnen dranzesetzen.
Fakt ass : I10 ass Standard aus den 70/80er Joeren (Bj. 1987) dat passt net méi. An SNCB huet definitiv Problemer mat der Propritéit an den Ziich (mir hu schons 2 Bréiwer un de M. Bellot geschëckt),
Den Desiro gëtt als Allzweckzuch bei der SNCB agesat. Et stëmmt dass déi keng Qualitétit fir e internationalen Zuuch hunn. Mee mir schwätzen hei vun de Belsch a do ass sou e Zuch e Quantensprong. Keng Klima am Zuch am Joer 2019 ass keng Optioun a och net Z2en.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2019 10:37 #5473 von merni
merni antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Am Plan de transport vun der SNCB vun 2020-2023 steht openeits d'Propose vun engem Stonnentakt tescht Léck a Lëtzebuerg. De Stonnentakt muss onbedengt kommen an e rationnelle Betriib geht op enger Niëwestreck (déi d'L42 nun ebe mol ass) nemme mat Motricen. D'Arbechterzich op der L42 ginn och elo scho mat Desiro gefuer. Fir Léck - Gouvy an Elwen - Letzebuerg sinn déi Zich ganz praktesch an och komfortméisseg ok. Fir en internationalen Zuch, geht et allerdengs net grad duer, dat betrefft awer just eng Minoritéit vun der Clientèle. Mech stéieren virun allem déi vill 2er Setzer. Wann een do all 2. Setz géif emdréinen, wir de Problem geléist. Vläicht steiert d'CFL jo och gäre Material bäi an da wiren déi nei Coradia secher eng Alternative.
Schéi Gréiss
nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
05 Okt 2019 08:41 #5472 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Ech verstin är Meenung an ech respekteieren dei och.
D‘Sach ass dei ech ech fannen et einfach Schued well et muss en sech bedenken dat wann Desiroen bis Lecker ersetzen, hu mier außer dem Breisseler IC an dem TGV neicht spezielles mei. Ech hun dat schon zu Saarbrecken erlieft wou nemmen nach Nahverkehr leeft an all puer Stonnen en ICE oder e TGV kennt an dei aner Sach ass dei de Lecker ass en scheinen traditionellen Zuch den wierklech zu der Nordstreck passt an och eng laang Geschit huet, wann Desiro kennt, dat ass elo meng perseinlech Meenung an domadder well ech och net geint är Meenung goen get Geschicht vun der Nordstreck ruineiert well eng Modern Desiro einfach net op dei Streck passt. Am Summer hun ech et bei 30 Grat awer net esou schlemm fonnt.

Hei am Anhang sin Fotoen vun dem Artikel vu gechter.

Mat bechten Greiss
Philippe

Dieser Beitrag enthält Bilddateien.
Bitte anmelden (oder registrieren) um sie zu sehen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Okt 2019 17:54 #5470 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Ech invitéieren iech 3 Stonnen bei 35 Grad (duerchaus normal déi lescht Joeren) an enger onklimatiséierten I10 ze setzen. Mat Uringeroch, futtsen Sëtzer mat Flecken, 30 € oder méi fir e Aller ze bezuelen an engem Zuch déi sou aus gesäit wéi Ziich an Osteuropa.
Ech ginn sou, Desiroen hunn méi haard Sëtzer. Ech si dese Summer vu Gouvy bis Lëck mat deenen gefuer a ech kann nëmmen soen dass dat e groussen Ënnerscheed als zum Vergläich zu den "Drëckskeschten" déi lo circuléieren. Mat IC-Standarden huet dat näischt ze dinn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
04 Okt 2019 14:09 #5469 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Moien alleguerten, ech hun schlecht Nouvelle. Ech hun elo eng Zeitung erwecht mat enger scheiner Desiro drop, mais mat engem net sou scheinen Artikel.
Ab desem Fuerplangwiessel gin Lecker Zich duerch Desiroen ersat, wou ganz vill Kritik gemat get, well Desiro fier den Fernverkeier 0 Komfort huet.
SNCB deelt mat dat si Desiroen op der Streck wellen asetzen, well se Automotricen brauchen op der Streck well dat mei praktech ass wei Rame.

Mat bechten Greiss
Philippe

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2018 14:20 #5302 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Dat ass nach ëmmer déi beschten Idee. Ursprünglech gouf jo gesot dass ab 2015 IC just nach bis Liège-Guillemines fueren well sie sech dokräizen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2018 14:19 #5301 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
D'Idee vum Stonnentakt gouf op eis Nofro refuséiert wéinst den héihen Käschten a niedregen Passagéierzuelen.(Source : www.amisdurailhalanzy.be/wordpress/tag/gouvy/ )

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2018 12:53 #5300 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Jo dat ass secher oder et misst en den Horaire esou machen, dass se sech zu Gouvy treffen. Fier en all Stonn fueren ze lossen misst allgemein gekukt gin en passenden Horaire ze man den esou opgeet, dat Zich sech all an denen zweegleisegen Bereicher kreitzen.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
14 Nov 2018 00:08 #5299 von Max_goedert
Max_goedert antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Fir e Stonnentakt misst den Deel Gouvy-Elwen Zweegleiseg ausgebaut ginn, soudass sech d’Zich do zur europäescher Symmetrieminutt och treffen kennen...

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Nov 2018 22:00 #5298 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Wat ech och nach als Leisung keint gesin wier dat se I11 mat Steierwonn asetzen, well dei si jo awer eichter mi modern an ganz konfortabel. Vu dass SNCB souwisou elo M7 kritt wier et meiglech jo I11 anzesetzen. Sou brauch genau wei bei der Desiro net manoevreiert ze gin an de Lecker keint vileicht och all Stonn fueren. Se si jo och schon hei zu Lëtzebuerg zougeloss a fueren am Regelverkeier als Breissler.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
13 Nov 2018 21:15 #5297 von merni
merni antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Moien,

Hei nach puer weider Ideen zu deem wat scho gesot gouf:
ee weidere Nodeel: wéineg 4er-Setzer (an déi si schlecht par rapport zu de Fensteren)
dann awer eng Reih Virdeeler, déi bis elo nach net erwähnt goufen: - grouss Veloscompartimenter, domat nei Méiglechkeeten fir d'Nordstreck als Hin-bzw Récktransport fir Notzer vum Vennbunn-Veloswee (mat nei ze schafenen Extra-Billjee!)
- manner Zichausfäll; zu Gouvy stinn iwert den Dag Desiroen ofgestallt;
- Zich musse net méi op Liers fir Kapp ze machen, mais kennen ouni Problem zu Liège Guillemins oder besser am Zentrum zu Liège St Lambert dréinen; d'Zich gi manner deier (net onwichteg op där Streck) a vläicht wier duerch méih efficact Notzen vum Material da souguer endlech e Stonnentakt dran
- Zich kenne méi séier ginn, well Halebleiwen an Ufueren manner Zäit brauchen (scho lo kann en Zuch tescht Léck an Elwen bis zu 15' Verspéidung ophuelen)
-méi Secherheetsgefill, et gesäit ee vu vir bis hannen

Ech gesinn déi Desiroen also net sou schlecht, och wann ech ganz gären an den I10 fueren. Ech si schonn domat vu Léck op Gouvy gefuer, dat as ganz ok. Propper si se am Monment nach, mais dat bleiwen se och nemmen wa se gebotzt ginn!

nm

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Nov 2018 18:06 #5295 von marv91
marv91 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Dat stemmt dass Desiroen sollen als RER-Ziich agesat mee och als Lokalzuch.
Mee wéi e gesat fueren se och op eenzelen IC wéi Charleroi-Anvers.
Sëtzer sinn haard dat wees ech. Mee et muss e sech der Zäit upassen.
Dostoen hunn z.B. och méi haard Sëtzer fir géint den Vandalismus firzegoen. Mee duerfir sinn Dostoen nach ëmmer 10mol besser wéi Z2en. Mee ass rëm eng anner Geschicht.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
12 Nov 2018 09:13 #5293 von gilyv051
gilyv051 antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Vun der Fro op dat aktuellt Material a guddem Zoustand ass oder net mol ofgesinn, muss een och soen, dass d'Desiro Rammen fir lang Strecken absolut net gemat sinn.
Si goufen gebaut a kaft fir em Bréissel en RER ze sinn an net fir 3 Stonnen domat op Léck ze fueren.

Ween sech di Rammen eng Kéier op sou enger Streck undoen well, deem recommandéiren ech mol domat vun Arel via Virton op Libramont ze fueren. Spéitestens ab Virton wier der frou en anstänneg gepolsterte Setz ze hunn.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Mehr
11 Nov 2018 23:44 #5292 von Philippe Wirion
Philippe Wirion antwortete auf Desiro als IC Lëtzebuerg-Liers
Villmols Merci fier dei interessant information. :-)
Ech hun d'I10 voituren perseinlech ganz geren a fannen se ganz konfortabel. Dier hut Recht et si villeicht net di properst voituren, mais ech hun se awer leiwer um Lecker wei elo eng Desiro.

Bitte Anmelden oder Registrieren um der Konversation beizutreten.

Ladezeit der Seite: 0.192 Sekunden
Zum Seitenanfang