rail.lu - D'Eisebunnen zu an ëm Lëtzebuerg
Stilllegung Ettelbrück - Diekirch?
- jmo
-
- Offline
- Platinum Member
-
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 105
Ech sinn a kenger Partei Member ; dofir sinn ech net weisungsgebonnen a ka mir eng perséinlech Meenung erlaben.
Ech fannen der LSAP hir Positioun besser, well se konsequent op e Verkéiersmëttel setzt dat onofhängeg vum Stroosseverkéier funktionéiert. De schéinste Bussystem ass dogéint ëmmer de Capricë vum Individualverkéier ausgesat, wann z.B. Autoen eng Kräizung blockéieren.
Et mag stëmmen, wéi am “Wort” ze liese stung, dass de Mettis “la sensation du tram pour la moitié du prix” ubitt. Awer et ass sielen am Liewen esou, dass ee fir den halwe Präiss déi selwecht Qualitéit kritt. Meeschtens handelt et sech heibäi ëm sougenannte Mogelpackungen.
Den Nanzeger Pneuentram ass e Flop. Zu Caen gëtt de Pneuentram duerch e richtegen Tram op Schinnen ersat.
Am Fall vun Dikrech hu mer d’Chance dass eng Eisebunn besteet, déi esouguer nach ausbaufäheg ass, z.B. mat engem zousätzlechen Halt. Dir wësst genee, dass wann Dir d’Schinnen erausrappt, dass duerno ni méi en Zuch op där Streck fiert, an och keen Tram oder Train-Tram. Dikrech géif vum nationale Schinneréseau ofgehaange ginn.
Ech gesi kee Virdeel fir déi Dikrecher Leit, wa si fir d’éischt mat engem Bus op Ettelbréck fuere mussen, fir do den Zuch an d’Stad ze huelen. Wahrscheinlech fuere si an deem Fall mam Auto op d’Ettelbrécker Gare, oder si fueren direkt mam Auto an d’Stad. De Perdant ass den ëffentlechen Transport, an et ass awer och d’Ëmwelt, well méi Autoen ënnerwee sinn.
D’Iddi fir op zwou oder dräi Plazen eng Stroossebréck iwwert déi aktuell Eisebunnsstreck ze bauen, schéint mir net esou abwegeg ze sinn.
Eng aner Méiglechkeet kënnt eventuell sinn, fir d’Eisebunn op hirem Mëtteldeel tëschent Ettelbréck an Dikrech en Niveau méi déif an eng “tranchée ouverte” ze verleeën, déi op deene Plaze gedeckelt wier wou eng Strooss de Schinnestrang kräizt.
Ech fanne generell bedauerlech, dass Parteipolitker Parteipolitik maachen, respektiv dass se aus der Oppositioun eraus alles kritiséiere wat d’Majoritéit proposéiert. Ech fannen doriwwer eraus bedauerlech, dass d’Parteien hir Positioune wéi e Credo a wéi en Dogma betruechten, sou dass si net méi bereed sinn, hir Positiounen ze iwwerdenken. Wa si bis eemol gesot hunn, dass si géint d’Schinn sinn, da musse mer 30 Joer waarden, bis eng nei Politikergeneratioun eropwiisst déi vläicht de Courage huet festgefuere Positiounen a Fro ze stellen.
Ech gesinn als Grënnungsmember vun der Stater Tram asbl, wéi schwéier et war an deelweis och nach ass, fir den Tram an der Stad Lëtzebuerg nees anzeféieren, well bei enger ganzer Rei Politiker de Credo war an ass, dass et e Fortschrëtt war wéi den Tram 1964, an der Visioun vun enger autogerechter Stad ofgeschaaft gouf.
Solle mer dann elo de selwechte Feeler maachen an eng funktiounsfäheg Eisebunnsstreck ofschafen, fir an 20 oder 30 Joer ze lamentéieren dass et besser gewiescht wier dës Streck an de Kontext vun der Nordstad mat anzebannen ?
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 105
Um Territoire vun der Gemeng Ierpeldéng klamme mer an de Pneuentram.
Zu Dikrech bleift den Zuch als Inselbetrib bestoen.
An zu Bettenduerf fuere mer mat engem Tram op Schinnen.
Dëst alleng beweist schonn, wat fir en onrealistesche Kuddelmuddel erauskënnt, wann d'Gemengepolitiker décidéieren.
En Train-Tram wier wahrscheinlech déi beschte Léisung, och wa se méi deier kascht wéi de Bus. De Bus ass an deene meeschte Fäll wou en den Zuch ersetzt, just de Beweis, dass d'Politik esou mann wéi méiglech an den ëffentlechen Transport investéiere wëllt. De facto gëtt den ëffentlechen Transport ofgewäert.
Den Train-Tram ass dogéint flexibel. Hie kann als Zuch fueren ; hie kann awer och als Tram fueren. Souguer packt hie gewësse Steigungen ... an da wier et net onrealistesch, fir hien op enger gewësser Längt tëschent Ettelbréck an Dikrech an enger "tranchée ouverte" fueren ze loossen, déi iwwerall do gedeckelt wier wou eng Quierstrooss ass.
Ech soen net dass dat eng Mussesaach ass. Ech stellen dat gewëssermoossen als eng Denkuregung an de Raum. Mir perséinlech ass et wichteg, dass d'Stad Dikrech hir Direktubannung mat der Stad Lëtzebuerg behält, an dass d'Stad Dikrech net iergendwéi en Unhängsel vun Ettelbréck gëtt.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 100
Wier daat dann sou: Zug bis op Dikkrech an dann Tram bis op Bettendorf, ah nee, Gilsdorf? Nodeems den Zug an eng Tranchée ouverte geluecht gouff?
Wann een Train-Tram, dann sollt een wuel Bissen, an Rouscht mat an dem System abannen, an och Gilsdorf. Et soll een konsequent sinn, an een System uwenden.
Wann dann fiirt den Auto ënnert d'Eisebunn, an Holland sinn se amgaang etlech Iwergäng forzemaachen,
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 105
Ech denken dass dat realistesch wier, mat engem Train-Tram deen deelweis an der Strooss fuere kann. Mat engem klasseschen Zuch dierft et net esou evident sinn.
Fir op Bettenduerf ze fueren, weess ech net ob dat sech rentéiert. Ech sinn a priori net dogéint ; awer ech probéiere realistesch ze bleiwen.
Fir d'Streck tëschent Ettelbréck an Dikrech méi déif ze leeën, ass eng Iddi. Ech soen net, dass een dat an där Form maache muss.
Ech si mir just bewosst dass lénks a riets vun der aktueller Streck "Aktivitéite" sinn, an dass riets a lénks Verkéier ass. Et ass vun dohir logesch, dass eng Rei Quierverbindunge bestinn.
Et ass scho méi laang hir, do war ech perséinlech op der Plaz, wéi en Zuch en Auto ze pake kritt hat. Souwäit ech mech erënneren, gouf et deemools zwee Doudeger.
Méng Iwwerleeung ass fir ze probéieren dat Ganzt esou ze gestalten, dass d'Autoen dem Zuch net méi an d'Quier kënne kommen.
Bei engem Bussystem wéi déi Ettelbrécker Gemengeréit e wëllen aféieren, oder bei engem Pneuentram wéi déi Ierpeldénger Gemengeréit e wëllen aféieren, ass vläicht den Unfallrisiko méi kleng, well de Bus/ Pneuentram am Noutfall stoebleift. Awer de Bus/ Pneuentram gëtt op deene Plazen duerch d'Autoen, duerch d'Veloen oder duerch onvirsichteg Foussgänger ausgebremst a blockéiert a kënnt net virun. Hie kann déi jo net einfach op d'Säit drécken.
A méngen Aen ass de Bus/ Pneuentram jiddefalls kee gläichwäertegen Ersatz fir déi aktuell Eisebunnslinn, wou den Zuch ëmmer Virfaart huet.
Ech si mir bewosst dass mer an engem Iwwerschwemmungsgebitt sinn. Ech ginn awer dovun aus dass et technesch Méiglechkeete gëtt, wéi een dat am Normalfall verhënnere kann, dass d'Eisebunnstrass iwwerschwemmt gëtt. "Mir" hunn et jo och fäerdegbruecht eng Eisebunn ze bauen déi ënnert dem Mier bis an England fiert, oder net ?
Ob eng Solutioun mat Stroossebrécken um Niveau +1 méi liicht ze realiséiere wier, a wéi déi sech an d'Landschaftsbild upasse géif, misst eng Etüd weisen. An deem Fall misst ee jo dann och déi néideg Rampe fir d'Autoe virgesinn, an et misst ee gesinn ob iwwerhaapt déi néideg Plaz besteet, fir dës Rampen ze bauen. Well esou Rampen huele jo och Plaz an der Breed an.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 100
Et huet dach kee Sënn, di aktuell 7 Kilometer laang Streck em ee Niveau méi déiw ze setzen, waat solll een dovun gewannen? Wann dann Iwergang ewegmaachen, dass d'Strooss drënner oder driwwer fiert, oder soss entwoug. Waat soll een do zäitlech gewannen, 1 Minutt, oder 2? Et kënnt net op deenen Sekonnen un. Déi Suen wieren wierklech gutt gespuert! De Staat huet anscheinend Milliounen ze genug fir, alt erem ee neien eGo System, mais fir Buschaufferen gerecht ze bezuelen net.
Di Tranchée mécht dach guer Sënn.
Dann léiwer d'Suen haalen, an d'Biissener Streck rëm befuerbar maachen, daat misst ongeféier d'selwecht deier sinn, an huet wesentlech méi Sënn.
Monsieur Oswald, wéi kommt Dir drop, d'Dikkrecher Linn bis op Bettendorf ze verlängeren?
An wéi steet et mat der Ettelbrécker Gare'?
Ah majo, de Jos seet et jo selwer. Merci, Dir maacht eis erem drop opmierksaam, dass d'CFL net onbedéngt Clientsfrëndlech sinn, an net un ALL Passagéier denken.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Jos K
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 82
Eng Alternativ zu enger "gedeckelter" Eisebunnsstreck wieren wahrscheinlech Iwerfeierungen oder Ennerfeierungen fir d'Strooss bei Barrieren. Dest ging och e gutt Steck meih belleg gin ewei d'Streck op der ganzer Laengt meih deif ze leen. En plus wieren d'Halten besser accessibel wann se op der aktueller Heicht ginge bleiwen an net op de Kellerniveau ginge verluecht gin.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 105
A wat deen ominöse Bus betrëfft deen den Zuch soll ersetzen : Déi Ettelbrécker Gemengepolitiker hu gutt schwätzen. Si behalen hiren direkten Zuch an d’Stad. Et sinn déi Dikrecher déi hiren direkten Uschloss verléieren, falls den Zuch tëschent Ettelbréck an Dikrech ofgerappt gëtt.
Et dierf ee sech och keng Illusioune maachen, dass iergendee Bussystem e gläichwäertegen Ersatz fir eng Eisebunnsstreck ass. De Bus ass ëmmer iergendwéi dem Verkéier ausgesat. Souguer wann hien eng reservéiert Spur huet a Virrangschaltung op de Kräizungen, kann hien eventuell Hindernisser – Autoen déi d’Kräizunge blockéieren, Foussgänger déi am Wee stinn – net einfach iwwerrennen. Hie muss also bremsen a stoebleiwen a kritt Verspéidung.
Ech hu mir perséinlech iwwerluecht, ob eng Léisung tëschent Ettelbréck an Dikrech eventuell esou ausgesi kënnt, dass d’Eisebunn en Niveau méi déif an eng „tranchée ouverte“ geluecht gëtt, déi iwwerall do gedeckelt wier wou eng Quierstrooss ass. Op déi Manéier wieren all déi Geforepunkten éliminéiert, wou et an der Vergaangenheet zu deels déitlechen Accidenter tëschent Zuch an Auto komm ass.
Ech hunn den Här Schummer dee jo en Expert a Saachen Tunnelbau ass, gefrot wat hie vun dëser Iddi hält. Ech waarde gespaant op séng Äntwert.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Romain Rech
- Offline
- New Member
-
- Posts: 11
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 100
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Romain Rech
- Offline
- New Member
-
- Posts: 11
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- merni
- Offline
- Senior Member
-
- Posts: 79
Hoffe mer dat den Dikrecher hir Eisebunnsstreck genau souvill Wert as wéi hir Brauerei ...
nm
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 100
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Marc Sinner
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 99
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- liecam
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 35
virwaat daat net geschitt, steet op engem aaneren blaat, de bierger freet sech daat emmer mei, wou leien d'interessen?
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- !!RH!!
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 28
@+
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- 34-19029
- Offline
- Junior Member
-
- Posts: 36
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 100
Ob Zug oder Tram, d'Schinnen an Stroum sin dach déi selwecht. t'ass net daat de Punkt, mengen ech...
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Marc Sinner
- Offline
- Premium Member
-
- Posts: 99
Vir déi Streck wierklech attraktiv ze maachen, missten et mindestens een neien Arrêt zu Angelduerf ginn. D'Verlängerung als Zuch op Gilsdorf ass kaum realiséierbar, als Tram Bissen-Ettelbreck-Diekrich-Gilsdorf geséich ech awer schon eng Perspective. An dem Kader gengen sech méi wéi nëmmen een Arrêt realiséren loossen.
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.
- Zischi
- Offline
- New Member
-
- Posts: 14
Please Anmelden or Create an account to join the conversation.