D’Eisebunn ass och fir mech kee Fräiliichtmüsee. Fir ze soen, si ass en Transportmëttel wéi en anert, sinn ech awer net mam Här Sinner d’accord. D’Eisebunn huet aner Contrainten, wéi d’Strooss. Si huet awer och aner Méiglechkeeten.
Den Zuch ka séng Schinnen net verloossen. Dat war just beim SchieStraBus méiglech, dee sech awer ni duerchgesat huet. De Bus ass méi universell asetzbar, well d’Stroossennetz méi dicht ass. De Bus fiert och op Plazen, wou ni Schinne geluecht goufen, oder wou d’Schinnen erausgerappt goufen, fir enger “schéiner” Strooss Plaz ze maachen.
Op der aner Säit huet de Bus Capacitéitsgrenzen. Et kann een net 10 Bussen unenee strécken. Dat huet just d’Madame Polfer gemaach, wéi se géint den Tram manifestéiere wollt.
Ceci dit hunn ech laang genuch zu Fréisàng gelieft, fir ze wësse wat do leeft, a wat do net leeft. Ech hu festgestallt, dass mer am Beräich vum ëffentlechen Transport eng 2-Klassegesellschaft hunn : Déi eng Leit kënne sech op de séieren Zuch verloossen, an déi aner Leit musse sech mam Bus zefridde ginn deen am Stau mat den Autoen hänkebleift. Et war dack genuch de Fall, dass de Bus owes fir aus der Stad eraus, den Houwald erof bis bei d’Hesper Kierch mat den Autoen am Stau stung an 10 bis 15 Minutte verluer huet. Bei der Hesper Kierch ass nämlech en Triichter, wou zwee Verkéiersstréim openee stoussen : deen ee vun der Route de Thionville, an deen aner vun der Rue de Gasperich. Duerno war nach e klenge Stau viru Fréiséng, dee mat e bëssche Pech schonn um Schlammestee ugefaang huet. De Bus krout nees eng Kéier 5 bis 10 Minutte Verspéidung.
Et feelt tëschent der Wollefsmillen an der Hesper Kierch un der néideger Plaz fir eng Busspur. Dat Selwecht ass de Fall tëschent dem Schlammestee a Fréiséng. Méi generell fällt et mir op, dass d’Busspuren op deene Plaze wou der bestinn, an der Regel geduecht si fir an dStad eran ze fueren, awer net geduecht si fir aus der Stad eraus ze fueren. Dat kënnt een esou interpretéieren, dass et dem Patronat wichteg ass, dass d’Leit mueres matzäiten op d’Aarbecht kommen, awer dass et dem Patronat egal ass, wéi d’Leit owes nees heem kommen.
Ech hunn an där Zäit wéi ech zu Fréiséng gewunnt hunn, festgestallt, dass d’Verkéierssituatioun sech verschlëmmert huet. Et sinn ëmmer méi Autoen duerch Fréiséng gefuer. Zum Deel waren dat franséisch Grenzpendler, zum Deel awer och Leit déi sech am Kanton Réimech néiergelooss hunn. Et gi jo iwwerall Citéë gebaut ; awer et feelt un der néideger Landesplanung an un enger Transportpolitik, déi dësen Numm verdingt. Wéi mäi Brudder an den 1980er Joeren op der ETH zu Zürich Raumplanung studéiert huet, war dat Wuert zu Lëtzebuerg nach onbekannt.
Hei zu Lëtzebuerg kënnt een den Androck hunn, dass d’Immobiliepromoteuren den Toun uginn. Hinnen ass et allerdings quiitschegal, ob d’Leit duerno am Stau stinn. Schlëmmer nach, se beléien d’Leit mat onrealistesche Verspriechen a behaapten, vu Fréiséng wier een an 10 Minutten an der Stad. Dat klappt just nuets, wann d’Stroossen eidel sinn.
Ech fannen et gutt, dass den Här Sinner eng realistesch Linn vertrëtt, an dass hie mat der Rechemaschinn rechent. Dat ass jo och no allgemenger Opfaassung verstänneg.
Awer ech géif et nach vill besser fannen, wann hie Visiounen hätt, a wann hien de Leit nei Perspektive weise kënnt. Ze soen, mer hunn de Chausson-Bus tëschent Lëtzebuerg a Fréiséng-Mondorf-Réimech duerch en M.A.N. oder e Mercedes ersat, ass nu wierklech kee Quantesprong. Ech sinn der Meenung, och déi Leit am Kanton Réimech hunn e Recht op e qualitativ héichwäertegen ëffentlechen Transport, quitte dass deen eppes kascht.
Eng politesch Partei déi keng Visiounen huet, huet am Fong keng Daseinsberechtegung. Se wëllt jo näischt änneren. Se wëllt just den Ist-Zoustand verwalten.
D’Relioune liewe vun der Visioun déi se de Leit verkafen, dass et nom Liewen op dëser Welt e bessert Liewen am Paradäis gëtt. Wann d’Relioune keng Visioun méi hätten an d’Leit mat der Banalitéit vun der Realitéit vertréischte géifen, kënnte se direkt apaken.
An deem Sënn fannen ech et positiv, wa Leit eng Visioun hunn, a wa se de Courage hunn mat hirer Virstellung an d’Ëffentlechkeet ze goen. Dofir hunn ech déi Petitioun um Site vun der Chamber (
www.chd.lu
) ënnerschriwwen.