Wéi een Tunnel a wéi ee PN ass dëst an der Géigend vu Kautebaach?

More
20 Apr. 2020 14:26 - 20 Apr. 2020 14:35 #5589 by Roby
Gudde Mëtteg,

Neen, dat Gard-Haus op Ärer Foto steet haut nach a gëtt als Weekendhaus profitéiert.
Bei dem PN handelt et sech ëm de 35, ech hänken eng Postkaart vu virum 2te Weltkrich drun, wou een de PN an den Tunnel aus enger anerer Vue gesäit. Dëse PN konnt fir Gefierer zougemaach ginn, well een, wéi een op der Kaart gutt erkenne kann, déi puer Wisen och vun der Constumer-Strooss aus erreeche kann.
Op der Kaart ass d‘Einfahrt vu Kautebaach och gutt ze erkennen, op menger Kaart ass d‘Signal nach mechanesch.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Last edit: 20 Apr. 2020 14:35 by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 Apr. 2020 18:19 - 19 Apr. 2020 18:55 #5587 by jmo
Villmools Merci fir all déi Informatiounen!

Dat misst jo dann de PN 36 mat Vue op d'Schüttbuerg sinn, oder?

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Alles Gudds, jm
Last edit: 19 Apr. 2020 18:55 by admin.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
18 Apr. 2020 01:00 - 19 Apr. 2020 18:56 #5583 by Roby
Gudden Owend,
De bb3602 huet Recht. Bei dem Tunnel handelt et sech ëm den zweeten Tunnel wann ee vu Kautebaach Richtung Norde fiert. Op dem Bild ass ganz kloer vun hannen dat elektrescht Afaart-Signal vun Kautebaach (kombinéiert mat der Vir-Scheif vun der Ausfaart) ze erkennen. (Wëlwerwolz hat zu där Zäit nach mechanesch Signaler)
D'Barrière iwwert déi fréier just en oder zwee Baueren op hier Wiss gefuer sinn, ass op där Foto schonn zum Foussgängeriwwergank zeréck gebaut. D'Gard-Haus ass wärend de Moderniséierungsaarbechten vun der Nordstreck ofgerappt ginn.
Ech hunn eng Foto am Netz fonnt wou een den Iwwergang mat méi Ëmfeld gesäit.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
Last edit: 19 Apr. 2020 18:56 by admin.
The following user(s) said Thank You: jmo, NS162

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Feb. 2020 08:36 #5517 by clauhe
Gudde Moien
Deen Tunnel op der sw Foto ass menger Meenung no den Tunnel Bieden (Nordportal).Et ass den 3.Tunnel vu Lellgen a Richtung Kautebaach. Da kommen nach 2 Tunnelen bis op Gare vu Kautebaach.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
25 Feb. 2020 07:32 #5516 by Romain Rech
Gudde Moien.
Déi Foto do misst vu Lellgen aus a Richtung Stad geknipst sinn. Den Zuch fiert elo geschwënn an den Tunnel Richtung Kautebaach eran an hien ass kuerz virun der Bréck iwer d' Klierf, déi do vu lénks aus Richtung Lellgen kënnt a no riets Richtung Kautebaach leeft. Den Iwergang ass op der Héicht vu Lellgen. Zu der deemoleger Zäit huet dat 3. Gleis vu Wëlwerwolz kuerz virum Iwergang opgehaalen.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
22 Feb. 2020 17:42 #5514 by clauhe
Gudde Metteg
Bei deem Tunnel kann et do dessen Tunnel bei Kautebaach sinn ?
Op der sw Foto erkennt een virum Tunnel eng Breck. Dat mist um Plang déi Baach sinn an um selweschte Plang erkennt een och ee klenge Wee deen iwwert d'Gleiser geet. Gleiser déi an enger liichter Kéier leien an hei fanne mär op déier anerer Säit vun der Baach och eng Stroos déi en U mecht. Dat wär jo dann deemols ewentuell de Standpunkt vum Fotograf gewiescht.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
16 Jan. 2020 10:42 #5500 by bb3602
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

  • GM1800
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
15 Jan. 2020 20:29 #5499 by GM1800
Guddden Owend,

Wéi een Tunnel a wéi ee PN ass dëst an der Géigend vu Kautebaach?
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Villmools Merci am viraus !
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.198 seconds