Wann kommt die Lux-Tram?

More
08 Feb 2012 07:28 #673 by Tom2001
Replied by Tom2001 on topic Aw: Den Tram zou Lëtzebuerg
Haut steht am Wort, dat d'Regierung den Tram ab 2014 bauen wëll.

1. Phase: 2014-2017: Gare - avenue de la Liberté - Boulevard Royal - Kirchbierg

Et gët awer och Zait!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
20 Jan 2012 11:59 #533 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Den Tram zou Lëtzebuerg
Ech hunn op enger aner Plaz gesot, déi Geschicht mam Tram huet ewell e laange Baart. Si huet awer de Virdeel, dass esouwuel d'Géigner wéi d'Befürworter domat liewe kënnen. Soulaang den Tram net gebaut gëtt, kënnen d'Géigner soe si hätten den Tram verhënnert, wougéint d'Befürworter soe kënnen, dat lescht Wuert wier awer nach net geschwat. Jidderee lieft gewëssermoosse vun der Hoffnung.

Dass domat d'Problemer net geléist ginn, ass evident.

Gradesou evident schéint et mir, dass eng bestëmmte Partei sech intern net eens gëtt an doduerch villes blockéiert, well se zoufälleg déi gréisste Partei am Land ass.

Den Nohaltegkeetsminister Claude Wiseler huet der Tram asbl ze verstoe ginn, dass hie fir den Tram ass.

Säi Kolleg a Parteipräsident Michel Wolter stellt sech éischter en "Tram op Pneuen", wëll soen e Bus wéi deen zu Metz vir.

De Finanzminister Frieden trëppelt op d'Brems a gëtt kee Geld.

An de Patrick Birden vum CSV-Stadverband hält hartnäckeg u sénger Tunneleisebunn fest.

Wéi kann ee mat esou enger Partei déi ënnert dem Strëch keng kloer Virstellung huet, e Schrëtt virukommen ? Deen een zitt no lénks, deen aner no riets; deen ee seet „Hü!“, an deen aner trëppelt op d’Brems. Dat ass eng onméiglech Situatioun.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
26 Dec 2011 18:25 #408 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Re: Aw: Wann kommt die Lux-Tram?
Bis op weideres ass den Arrêt Rout Bréck nëmmen eng schéi Computerzeechnung. Ech gleewen eréischt drun, wann d'Bauaarbechten effektiv ufänken.

Méng Ongleewegkeet berout op handfesten Tatsaachen:

Fir d'éischt kroute mer an den 1990er Joeren e schéine Projet "Bahnhybrid" alias "BTB 2002" versprach. Deen ass sang- a klanglos ënnergaang.

Duerno sollt vun Dummeldeg op de Kierchbierg eng Zort Biergbunn gebaut ginn ... an och dee Projet ass sang- a klanglos begruewe ginn.

Als drëtt koum de liichten Tram ... an deen ass aus finanzielle Grënn op d'Äis geluecht ginn. La crise aidant riskéiert hien nach ganz laang am Tiefkühler ze bleiwen.

Doriwwer eraus si jo nach ëmmer Leit zu Lëtzebuerg déi den Tram bekämpfen.

Firwat soll ee sech also Illusioune maachen an un de Kleesche gleewen deen et net gëtt ?

Wann ech gären e schéine "BTB" gesinn, da fueren ech mam Auto an d'Saarland ... well och dat soll hei gesot ginn : Déi Politiker déi d'Vollek sech séngerzäit gewielt huet, hunn décidéiert dass eng Autobunn an d'Saarland méi wichteg wier, wéi eng direkt Eisebunnsstreck. Do goufen handfest Tatsaache geschafen déi ganz kloer den Auto bevirdeelegt hunn.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
26 Dec 2011 10:07 - 26 Dec 2011 10:10 #406 by h3608
Replied by h3608 on topic Re: Aw: Re: Aw: Wann kommt die Lux-Tram?
Mat esou Projetën ewéi den LuxTram, kann ee Politiker praktesch beweisen, dat een nohalteg denkt an handelt, an dat ën nët nëmmen vun Nohaltegkeet schwätzt.

Et sinn jo awer well Sachen am laafen. De Projet vun der Gare "Roud Brëck" gefällt mir jiddefalls ganz gutt!

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 26 Dec 2011 10:10 by h3608.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Dec 2011 21:13 #405 by Radon
Replied by Radon on topic Aw: Re: Aw: Wann kommt die Lux-Tram?

Claude Oswald wrote: Leider huet sech ganz séier erausgestallt, dass eis Politiker onfäheg waren esou e Projet ze realiséieren.


Domat ass schons alles gesot :oops:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Dec 2011 11:08 #401 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Wann kommt die Lux-Tram?
Den éischten Tram zu Lëtzebuerg sollt nom Saarbrécker Modell gebaut ginn a schonn am Joer 2002 duerch d’Stad fueren. Dofir huet dee Projet "BTB 2002" geheescht.

Leider huet sech ganz séier erausgestallt, dass eis Politiker onfäheg waren esou e Projet ze realiséieren.

Sou wéi et de Moment ausgesäit, ass et éischter wahrscheinlech dass d'Eisebunn tëchent Ettelbréck an Dikrech ofgerappt an duerch e Pneuenzichelchen ersat gëtt, wéi dass an der Stad Lëtzebuerg en Tram fiert.

Fir déi Leit déi gären e schéinen Tram gesi fueren, géif ech roden op Saarbrécken kucken ze fueren. Ewell geet dat och ganz kamoud mam Auto iwwert d'Autobunn bis op Heusweiler, a vun do mam "BTB" op Saarbrécken.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
24 Dec 2011 22:18 #397 by Radon
Replied by Radon on topic Aw: Wann kommt die Lux-Tram?

CFL3000 wrote: wann kommt denn endlich die Lux-Tram? Ich dachte, sie sollte 2010 schon fahren. Als ich vorletzte Woche in Luxembourg-Ville war, stellte ich enttäuscht fest, dass weder Tram-Schienen noch Oberleitungen waren.


Komm, der erste April ist doch schon vorbei, oder ;-)
The following user(s) said Thank You: gilyv051

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • CFL3000
  • Topic Author
  • New Member
  • New Member
More
24 Dec 2011 21:17 #396 by CFL3000
Wann kommt die Lux-Tram? was created by CFL3000
wann kommt denn endlich die Lux-Tram? Ich dachte, sie sollte 2010 schon fahren. Als ich vorletzte Woche in Luxembourg-Ville war, stellte ich enttäuscht fest, dass weder Tram-Schienen noch Oberleitungen waren.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.185 seconds