- Posts: 105
rail.lu - The Railways in Luxembourg, and beyond
Tram Belle Etoile
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
24 Apr 2013 09:25 #2167
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Tram Belle Etoile
Den Danger UXB seet ganz richteg, den ëffentlechen Transport kann net alles maachen.
An deem Sënn ass eng Belle Etoile grad wéi all aner Akaafszenter net geduecht, fir mam Bus oder Zuch oder Tram anzekafen. De Gratis-Parking riicht sech logescherweis un d'Automobilisten déi hir Mall voll tesselen. Eppes anescht ze mengen, wier net realistesch.
Ech ka mir op der aner Säit natierlech alternativ Akaafsforme virstellen :
1) Fréier huet méng Mamm e grousse Bestellziedel vun der Beamtekooperativ beim Stater Park ausgefëllt an ageschéckt, an dann huet der Kooperativ hir Camionnette déi bestallte Wueren heem bei méng Eltere geliwwert. Dee Geschäftsmodell huet sech awer net duerchgesat, wéi mer haut wëssen. Aus iergendengem Grond verrennen d'Leit léiwer hire Bensin a fuere vun doheem an déi grouss Akaafszentren. Wahrscheinlech sinn déi riseg Konsumtempelen esou opgebaut, dass d'Leit mengen, si géifen eppes erliewen. Fréier sinn d'Leit sonndes an d'Mass gaang fir eppess ze erliewen, an haut fuere se an de Cactus.
2) Ech sinn an der Zäit bei de Kaurisch an d'Al Avenue eng Televisoun kafe gaang. Dat war nach där décker Këschten eng, also kee Flaachbildschierm.
Selbstverständlech hunn ech déi net an de Grapp geholl a sinn domat an de Bus geklommen. De Kaurisch huet mir se déi Woch drop gratis mam Camion heem geliwwert.
Ech wëll domat soen, wa genuch Nofro besteet fir alternativ Akaafsformen, dass d'Geschäftsleit sech dëser Nofro ganz bestëmmt upassen. Ma soulaang wéi kee reklaméiert oder iwwerhaapt nofreet, an esoulaang wéi d'Leit alleguer mam Auto gefuer kommen, maachen d'Geschäftsleit sech keng Gedanken. Et leeft jo alles fir si ...

Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Gaffinet
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 135
24 Apr 2013 08:33 #2166
by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Tram Belle Etoile
Danger UXB: TOP
Geil Äntwert

Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Danger UXB
-
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 18
24 Apr 2013 08:32 #2165
by Danger UXB
Replied by Danger UXB on topic Aw: Tram Belle Etoile
Zu Waasserbelleg huet de Cactus e kléngt Geschäft zougemach ... well kéng Parkplatzen direkt virun der Diir waren. Si waren 50 Meter wäit ewech !!!
Méng Propose fir all Fanatiker vum öffentlechen Transport:
- Fuert mam Bus bis op d´Stater Gare;
- huelt do den Zuch fir op Waasserbelleg;
- klammt an de Bus Richtung Gréiwemaacher;
- ET ASS EN ARRET DIREKT VIRUN ENGEM SUPERMARCHÉ;
- kaaft e Caddi voll;
- huelt nées de Bus op d´Belliger Gare;
- zréck an d´Stad;
- an da mam Bus héem.
Vill Spaass !!

The following user(s) said Thank You: HSB_99_6001
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
23 Apr 2013 13:30 #2160
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Tram Belle Etoile
Do gesitt Der, wéi d'Leit manipuléiert ginn. Se renne mam Auto an d'Belle Etoile a mengen, si hätten eppes fir d'Ëmwelt gemaach, well de Cactus op séngem Internet-Site eppes iwwert d'Ëmwelt schreift.
Et misst een effektiv emol ausrechnen, wivill dausende Liter Bensin d'Leit all zesumme verrennen, fir an d'Belle Etoile akafen ze fueren, a wivill Ofgasen alleguerten déi Autoen an d'Atmosphär blosen.
Et misst een effektiv emol ausrechnen, wivill dausende Liter Bensin d'Leit all zesumme verrennen, fir an d'Belle Etoile akafen ze fueren, a wivill Ofgasen alleguerten déi Autoen an d'Atmosphär blosen.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 100
23 Apr 2013 12:46 #2157
by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Tram Belle Etoile
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
23 Apr 2013 12:33 #2156
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Tram Belle Etoile
Um Internet-Site vun der Belle Etoile liesen ech, dass de Centre commercial 3.000 (dräidausend !) Gratis (!) -Parkplaze fir d'Autoen huet. Et ass also nach ëmmer eent vun den Haaptargumenter, mat deem d'Belle Etoile d'Leit unzitt. An éierlech gesot, ech gesinn och keen dee kéipweis oder caddiëweis akeeft, deen duerno séng Saache mam Bus matschleeft. Déi wéinegst Mënsche si masochistesch veranlagt.
Wann d'Propriétairen an Locatairë vun der Belle Etoile iwwerzeegt wieren dass den ëffentlechen Transport hinne vill Cliente bréngt, dann hätte si scho laang dofir gesuergt dass eng anstänneg Busgare op den Terrain vun der Belle Etoile, direkt bei d'Entréeë vun de Geschäfter kéim, wou dann och konsequenterweis all Linnebus stoeblieft. Den aktuellen Arrêt op der Aareler Strooss ass dogéint méiglechst wäit vun den Entréeë vun de Geschäfter ewech. Déi puer Leit déi de Bus huelen, musse fir d'éischt iwwert de ganze Parking trëppelen.
D'Automobiliste ginn am aktuelle Konzept vun der Belle Etoile ganz kloer bevirdeelegt.
Ob dat ëmmer esou bleift, dat steet an de Stären. Falls de Bensin enges Dages esou deier gëtt dass d'Leit keng Loscht méi hunn dem Cactus nozelafen, da kann et sinn dass dat ganzt Konzept vun der Belle Etoile zesummebrëcht. Et kann och sinn dass de Cactus an Zukunft méi kleng Geschäfter iwwer Land opmëcht, sou dass d'Leit praktesch virun hirer Hausdier akafe kënnen.
Wann d'Propriétairen an Locatairë vun der Belle Etoile iwwerzeegt wieren dass den ëffentlechen Transport hinne vill Cliente bréngt, dann hätte si scho laang dofir gesuergt dass eng anstänneg Busgare op den Terrain vun der Belle Etoile, direkt bei d'Entréeë vun de Geschäfter kéim, wou dann och konsequenterweis all Linnebus stoeblieft. Den aktuellen Arrêt op der Aareler Strooss ass dogéint méiglechst wäit vun den Entréeë vun de Geschäfter ewech. Déi puer Leit déi de Bus huelen, musse fir d'éischt iwwert de ganze Parking trëppelen.
D'Automobiliste ginn am aktuelle Konzept vun der Belle Etoile ganz kloer bevirdeelegt.
Ob dat ëmmer esou bleift, dat steet an de Stären. Falls de Bensin enges Dages esou deier gëtt dass d'Leit keng Loscht méi hunn dem Cactus nozelafen, da kann et sinn dass dat ganzt Konzept vun der Belle Etoile zesummebrëcht. Et kann och sinn dass de Cactus an Zukunft méi kleng Geschäfter iwwer Land opmëcht, sou dass d'Leit praktesch virun hirer Hausdier akafe kënnen.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 100
23 Apr 2013 10:03 #2155
by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Tram Belle Etoile
firwat ass Auto zwee Mol mat Kapital Buchstawen geschriwwen?
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 100
22 Apr 2013 20:07 #2153
by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Tram Belle Etoile
Mir sin net méi an den Joeren 1970. ... wou et just drëms gaang ass, souvill wéi méiglech Autoen entzwoug hin ze bréngen asw...
Nee, mee am Eecht. Ass Auto-Petroleumlobby sou aflossräich hei op der Welt?
Nee, mee am Eecht. Ass Auto-Petroleumlobby sou aflossräich hei op der Welt?
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
22 Apr 2013 15:47 #2151
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Tram Belle Etoile
Neen, ech mengen dat mëcht kee Sënn fir mam Tram bis bei d'Belle Etoile ze fueren. Wéi d'Belle Etoile an den 1970er Joere gebaut gouf, huet se sech haaptsächlech un déi Leit adresséiert déi mam AUTO akafe koumen. An dat ass bis haut esou bliwwen.
Wann et den Zweck gewiescht wier méiglechst vill Leit mam ëffentlechen Transport unzelackelen, da wier d'Belle Etoile op enger aner Plaz gebaut ginn, entweder am Stadzentrum oder awer an der direkter Noperschaft vun enger Gare.
De Gratis-Parking fir d'Automobiliste war vun Ufank un e feste Bestanddeel vun der Strategie vun der Belle Etoile. Den ëffentlechen Transport huet an den Iwwerleeunge vun de Verantwortleche keng Roll gespillt. Mäi Monni huet do geschafft, an heen huet mir dat séngerzäit erkläert.
Wann et den Zweck gewiescht wier méiglechst vill Leit mam ëffentlechen Transport unzelackelen, da wier d'Belle Etoile op enger aner Plaz gebaut ginn, entweder am Stadzentrum oder awer an der direkter Noperschaft vun enger Gare.
De Gratis-Parking fir d'Automobiliste war vun Ufank un e feste Bestanddeel vun der Strategie vun der Belle Etoile. Den ëffentlechen Transport huet an den Iwwerleeunge vun de Verantwortleche keng Roll gespillt. Mäi Monni huet do geschafft, an heen huet mir dat séngerzäit erkläert.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 100
20 Apr 2013 10:06 - 20 Apr 2013 10:09 #2148
by mopsfidels
Tram Belle Etoile was created by mopsfidels
mecht et Sënn Tram bis bei Belle Etoile fueren ze loossen? Su vun der Stadter Gare bis bei Bartréng Stroossen, op Zugstreck. Vun do aus rop bis bei Belle Etoile? Dann kënnen Gidder jo vum Cactus Howald mam Zug bis bei Belle Etoile mam Tram geféiert gin. Budget misst awer do sin. An bei der Belle Etoile ee P+R machen. Ech mengen ech misst Deputeierten gin; Minister.
Phase 2 wier dann vum Spidol bis bei Belle Etoile. Bouillon, Spidol, Belle Etoile, Europaschoul. EU huet secher ee Budget fir sou Sachen. Sie hun Budget fir Topegkeeten, dann also och fir eisen flotten Tram bis bei hier Schoul.

Last edit: 20 Apr 2013 10:09 by mopsfidels. Reason: add some relevant information
Please Log in or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.194 seconds