2 Zich gläichzäiteg en panne zu Woltz

More
07 Aug 2012 13:53 #1408 by Westwaggon59

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • roadrunner
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
07 Aug 2012 11:50 #1407 by roadrunner
Replied by roadrunner on topic Re: 2 Zich gläichzäiteg en panne zu Woltz
Kéng Ahnung, mee d'Geschicht geet fir 2 hollännesch Touristen weider:
do war eng Koppel hollännesch Velos-Touristen déi och wollten mat engem vun denen Zich matfueren, fir dono weider op Nanzeg. Een vun de Velo'en hat och nach en Unhänger! Dat gouf dun och nach alles an de Bus verfracht an via 537 op Ettelbréck gefouert.
Souwäit sou gudd.
Den Zuch fir weider an d'Stad war den IR vun Diekirch (19.51 Auer). An deen fiert jo bekanntlech vum Gleis 3 fort.
Elo haat deen Hollänner keng Loscht fir 3 x mat séngen Velo'en + Unhänger duerch den Sous-Terrain ze dabberen an hien ass einfach frech iwert d'Gleiser gang, mam Velo um Arm. Natirlech ass en gesin gin vun de Responsabelen vun der Gare an e kruut gepaff, dass en dat sollt ennerloossen. A wat huet en gemach? Hien ass och neess iwert d'Gleiser zrèck gaang fir de Rescht vun sénge Velo'en ze huelen a wollt dun och nach emol iwert d'Gleiser. Do waren déi vun der CFL awer séier bei him! Eng "Amende" ass net ausbliwen.
Deen Tourist kënnt bestëmmt esou bal net méi op Lëtzebuerg. Dat ass zwar schued, mee ech lafen an Holland jo och net iwert d'Gleiser! Deen war einfach liddereg, an wuel och roosen iwert de Retard duerch 2 futtis Zich etc.
Soit, eisen IR ass komm, mir sin domat an d'Stad gefuer an iwert d'Suite mat den Hollänner ass mir weider näischt bekannt. Vläicht weess jo een hei am Forum méi?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
07 Aug 2012 11:17 #1406 by 34-19029
Replied by 34-19029 on topic Re: 2 Zich gläichzäiteg en panne zu Woltz
war da wéinstens beim "Biking in Luxembourg" d'Velos-Rampe hänkebliwen ? :whistle:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Aug 2012 20:14 - 06 Aug 2012 20:19 #1401 by Majal
Dei 2 Dostos Rammen konnten ewer rem speider mat
eegener Kraft Woltz verlossen
Last edit: 06 Aug 2012 20:19 by Majal. Reason: Text nick komplett
The following user(s) said Thank You: Jos K

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • roadrunner
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
06 Aug 2012 18:40 #1400 by roadrunner
2 Zich gläichzäiteg en panne zu Woltz was created by roadrunner
E Samschdeg stungen zu Woltz 2 Dosto-Rammen, an déi 2 waren gläichzäiteg en panne. Déi um Quai 1 do war de Steierwon futti an déi sollt oofgeschleeft gin; dono 1 Stonn drop koum deen nächsten Zuch op Gleis 2; do ass dunn d'Velos-Rampe blockéiert an ass net méi era gaang; domat war och deen 2. Zuch zu Woltz blokéiert, an de facto d'Gare zou, well jo just 2 Gleiser do sin. Deen 3. Zuch huet dunn guer net méi brauchen bis op Woltz ze kommen :-)
Wenn einer eine Reise tut; mir haten dun 90 Minutten Verspéidung fir zreck an d'Stad, mam Bus via Ettelbreck.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
The following user(s) said Thank You: Jos K

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.175 seconds