CFL 4000

More
15 Jun 2013 17:28 #2336 by E.R.
Replied by E.R. on topic Re: CFL 4000
Villmols Merci un den Juser cc 14100 deen mer déi Fro sou gudd technesch beännfert huet.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 Jun 2013 10:05 - 15 Jun 2013 19:49 #2333 by cc 14100
Replied by cc 14100 on topic Re: CFL 4000
Guude Mëttech,

D'CFL 4000er hunn Dreistroumasynchronmotoren, dei mat 3Phasenstroum mat variabler Spannung an variabler Frequenz gespeist ginn, wei och eis 3000er, d'DB 101er, 146er, 185er etc, d'SNCF 14000er, 27000er, 36000er an 37000er, d'SNCB 13er, 18er etc..

D'SNCB 22er, 23er, 25er, 26er etc, d'SNCF 6500, 9200, 14100 etc , d'NS 1100, 1300 etc fueren (sinn gefuer) mat Gleichstroumotoren.

Dei deitsch BR 110, 111, 118, 140, 141 ,143, 144, 150, 151, 194 etc , d'schweizer Re 4/4 II, Ae 6/6 etc , d'SNCF 13000'er fueren (sinn gefuer) mat Wiesselstroummotoren (1Phasen Motoren).

Eis 3600er, d'SNCF 7200er, 12000er, 15000er, 16000er, 16500er, 17000er, 21000er, 22200er, 25100er, 25200er, 40100er etc, dei deitsch 181er, d'SNCB 20er, 21er, 27er fueren (sinn gefuer) mat Meschstroummotoren, dei ganz änhnlech wei Gleichstroummotoren funktionneieren.

Den Dreistroum deen d'Motoren speist gett am Fall vun eisen 4000er aus dem 1Phasen Stroum aus der Caténaire (25 kV 50 Hz oder 15kV 16,7 Hz) mat Leeschtungelektronik (sougenanten IGBT Transistoren) emgeformt.

Dei Leeschtungselektronik schafft als sougenante Veierquadrantesteller.

D'Veierquadrantestelleren erlaben datt d'Lokomotiv en Zuch zeien (traktionneieren) kann, an datt se elektresch bremse kann, an dobei d'kinetesch Energie vum Zuch an elektresch Energie emwandelt dei an d'Oberleitung zereckgespeist ka ginn.

Den GSM-R ass en digitalt Kommunikatiounssystem fir Eisebunnen an dengt derzou verbal ze kommunizeieren an d'Donnéen ze iwwerdroen besonnesch wann mat ETCS Level 2 oder 3 gefuer gett.

Mat GSM(-R) hunn d'Veierquadrantestelleren also neischt ze doen.

Hoffentlech war daat heiten net ze technesch.

@+
Last edit: 15 Jun 2013 19:49 by cc 14100.
The following user(s) said Thank You: E.R., CC1800, cc1818, DenTuteBatti

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 Jun 2013 06:29 #2331 by E.R.
CFL 4000 was created by E.R.
Moien ech heeschen Felix an ech wéilt wëssen op CFL 4000 mat Gläichstroummotoren fiert oder mat Wiesselstroummotoren? Well sie hunn jo en Vierquadrantensteller an deen ass fir GSM geduecht. Aaneresäits huet se Dréistroum-Asynchronmotoren déi fir Wiesselstroum geduecht sinn.
Kann mir do vieläicht irjendeen hëllefen?
Felix

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.154 seconds