Testfahrten der 3608 am 31/01/2014

More
02 Feb 2014 17:55 - 02 Feb 2014 17:56 #2850 by Initsch
Eng Persoun aus dem IF soot mer eng Kéier se giffen d'Krokodil'er den 31.12.2016 rausrappen. Perséinlech haalen ech daat fir Utopie, well gleewen kaum dass bis dohinner all Mascinn vun der CFL dermat ekippéiert (Daat jo villäicht nach),mee virun allem dermad aggréiert ass.

D'Idi vum amovibl'en System ass nët schlecht. Leier denken ech gëtt et awer ganz schwéier emzesetzen, well jo all Maschinn aanescht fonktionéiert. Den ETCS muss jo och d'Maschinn kënnen unhaalen, dëst heescht also bei enger Elektrescher z.b. den Disjoncteur opmaachen an eng Zwangsbremsung ausléisen, bei engem Diesel muss en par Contre d'Traktioun ennerbriechen. Doriwwer eraus muss bei aktivem ETCS den normalen Indicateur de Vitesse automatesch ausgeschalt ginn, bei enger Fahrt mat ETCS dierf just deen vum ETCS actiiv sinn. An nach puer sou "Klengegkeeten", ech kennen mech lo och nit 1000% dermad aus.

Dobai kënnt och nach dass een deen Schaaf awer nit grad vun engem Moment op en aaneren ausbauen kann, daat ass jo awer keng Saach vun 20 Kg, mee den ganzen Schaaf wei en z.b. an der Z2 verbaut ass weit e bessen méi.


Waat awer sëcher onverzichtbar wärt sinn ass den Abau vun engem GSM-R fähegen Funk, denken do kennt keng Maschinn derlaascht. D'5519 huet deen jo lo schon wéinst Däitschland.

MbG
Last edit: 02 Feb 2014 17:56 by Initsch.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Feb 2014 17:45 - 02 Feb 2014 17:51 #2849 by Louis R
Gin ët da keng transportabel amovibel ETCS - Systemer (de Schaf fir d'Steierelektronik) z.B. fir Muséesmaterial?

All déi historesch Gefierer (De Dietrich, Westwon, 3608, 5519 etc.) si sielen all glaichzaiteg op der Streck an och nët all Dag a Betrieb.

Wann ët esou e System gif gin, kinnt en ët jeweils an dat Gefier abauen wou en ët grad brauch. Verschidden Deeler vum ETCS-System missten natirlech an all Gefier fix installéiert gin.

Wéi lang bleiwt de Memor II+ dann nach a Betrieb?
Last edit: 02 Feb 2014 17:51 by Louis R.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Feb 2014 15:38 #2848 by Initsch
Mengen daat steet nach an den Stären,...

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
02 Feb 2014 04:52 #2847 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Aw: Re: Testfahrten der 3608 am 31/01/2014
Ass et noutwendeg den ETCS op sou Lokomotiven ze montéieren?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Feb 2014 20:32 #2845 by gilyv051
Replied by gilyv051 on topic Aw: Re: Testfahrten der 3608 am 31/01/2014

LuxBeam wrote: Wann jo, wéi gesäit deen Apparat am Führerstand aus?


Apparat klengt kleng. Alles an allem ass den ETCS eppes wei en mettelgrouse Schaaf.


Yves

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Feb 2014 17:43 #2844 by Achseleo
Replied by Achseleo on topic Aw: Re: Testfahrten der 3608 am 31/01/2014
ETCS ass momentan naischt ob enger Museesmaschin montéiert. Wat Zukunft unget do muss mer kucken wéi mer dat léisen.
The following user(s) said Thank You: LuxBeam

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Feb 2014 14:51 #2843 by LuxBeam
Replied by LuxBeam on topic Re: Testfahrten der 3608 am 31/01/2014
Moien,

Ech wollt mol froën op d'3608 dann och elo en ETCS-Gerät huet oder net? Wann jo, wéi gesäit deen Apparat am Führerstand aus?

Merci am Viraus.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • EMD diesel
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
24 Jan 2014 11:14 #2824 by EMD diesel
Testfahrten der 3608 am 31/01/2014 was created by EMD diesel
Die 3608 ist seit Kurzem ins NVR (National Vehicle Register) eingetragen und ihre uneingeschränkte Betriebserlaubnis für das nationale Bahnnetz erhalten. Sie trägt nunmehr, als historisches Fahrzeug, folgende Zulassungsnummer: 90 82 800 3608-2 L-CFL.

Am 31.Januar 2014 finden Testfahrten der 3608 in Zusammenarbeit mit CFL-Cargo statt. Hier die Fahrzeiten der Güterzüge:

Bettembourg 12.35 Belval-Usines 12.55

Belval-Usines 14.22 Bettembourg 14.40

Bettembourg 15.17 Belval-Usines 15.37

Bei Bestehen der Probefahrten wird die Lok anschliessend nach Pétange überführt.

Es wird keine Gewähr für das Einhalten der obengenannten Fahrpläne übernommen. Es wird auch um Disziplin bei den anwesenden Fotografen gebeten. Ein Betreten der Güterbahnhöfe, sowie der Gleisanlagen in Bettembourg und Belval-Usines, sowie der Gleisanlagen der freien Strecke und des Areals der Werkstätte Pétange ist aus Sicherheitsgründen strengstens untersagt. Wir zählen auf Ihr Verständnis.
The following user(s) said Thank You: jmo, BB3608, h3608, Ronnen, roadrunner, esséji, Westwaggon59, CFL1800Loks, andreas, Remco1801

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.191 seconds