De läschten 296 "Jean Monnet" Lëtebuerg- Bréissel

More
12 Dec 2011 21:46 #319 by jmo
@ Yves: D'Jean Monnet - Sait ass elo online! (Link ënnert rail.lu - News)

Villmols merci fir déi gutt Iddi an d'Fotoen!

jm

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Ligne du nord
  • Topic Author
  • Offline
  • New Member
  • New Member
More
12 Dec 2011 17:12 - 12 Dec 2011 17:17 #299 by Ligne du nord
A virun allem haten d'SNCF och nach d'2002 mat der Téitsch fir lénks um "Knéck" geholl. Wann se wéinstens eng manner lädéiert geholl hätten.
:-(

Zum Nofolger vum Edelweiß nach dest: Tëschend 1985 an 1988 sin ech regelméisseg Sonndes Owes mam 495/295 vu Miersch op Strossbuerg (dép. géint 18.30) op d'Uni gefuer a Freides mam 296/496 vu Strossbuerg op Miersch (dép. 9.50 Auer) gefuer. Deemols war den Deel fir op Bréissel den Edelweiß an aus schwäitzer Waggoe gebild, an den Deel op Maastricht aus Italiener mat engem schwäitzer Persounewon an ee Packwon. Dat waren nach Zäiten..... B)
Last edit: 12 Dec 2011 17:17 by Ligne du nord.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Dec 2011 16:57 - 12 Dec 2011 17:03 #298 by gilyv051
Hallo,
d'wieder war effektiv passend!

Ech war mat engem Kolleg op Autelbas, fir d'Kompositioun nach eng Kéier duerzestellen. sou huet et do ausgesinn, mat Video:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.




Owes an der Stad war et, wi ech fonnt hunn, erstaunlech roueg. Mer waren "nemmen" zu 3 Fotografen, wat fir deen Evenement jo naischt ass. De Jean Monnet ass den Nofollger vum Edelweiss, eng 40-jähreg Eisebunnsgeschicht ass e Freiden op en Enn gaang!

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Vlait wier dat hei de Moment en Appel un de Jean-Marie ze man fir eng Sait fir de Jean Monnet opzeman, genee sou eng wei mer se fir den Vauban an den Iris schon hunn.

Den TER 296, dee weder offiziell "Jean Monnet" heescht, nach et verdingt huet en Numm ze hunn, huet de Moien sou ausgesinn. E war am offiziellen Compositiouns-pdf als TER mat 5 Voituren ugekenneg, huet der awer elo 7 gehat. D'Maschinn war d'26149.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Mat beschte Gréiss,


Yves
Last edit: 12 Dec 2011 17:03 by gilyv051.
The following user(s) said Thank You: Marc Liger, Ligne du nord

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Ligne du nord
  • Topic Author
  • Offline
  • New Member
  • New Member
More
12 Dec 2011 15:36 - 12 Dec 2011 15:40 #297 by Ligne du nord
Bonjour all zezummen.

Ech wollt hei eng Foto INT 296 "Jean Monnet" ënnert der aaler Form weisen, deen ech d'Chance hat, nach de läschte Freideg, 9.12.2011, zu Hollerech op sénger läschter Rees op Bréissel ze fotograféieren. D'Wieder war dem trauregen Evenement ugepasst gro an naass. Mais dofir huet d'RB op Péiténg iwwer Dippech missten de verspéitene Géigenzuch ofwarden, an deemno huet se séch als "Nebendarsteller" ugebueden.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Bescht Gréiss, Nico
Last edit: 12 Dec 2011 15:40 by Ligne du nord.
The following user(s) said Thank You: Marc Liger

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.180 seconds