CFL cargo Loken 1814, 1807, 1812, 1816, 1810, 1802

More
04 Jan 2012 13:31 #448 by jmo
Hei ass eng Foto vun haut vun der 1815, déi zënter enger Zait am Depot ofgestallt ass.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

The following user(s) said Thank You: CFL1800

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
04 Jan 2012 00:20 #441 by Dan525354
Salut,
also daat 1800er ausgemustert gin wéinst maner Traffic,well daat also esou ze soen daat rechtferdegt,do sin ech net d'Accord domat.Wéinst menger kann CFL-Cargo an Deitschland Trafffic beigewannen an do mat den 1500er ronderemfuehren;mee hei am Land,ewou et vun Wasserbelleg op Wecker,respektif vun Belval op Belvaux-Sloeuvre respektif vun Rodange op Belvaux-Soleuvre respektif Dummeldange an Stad biergop geet,brauche mer Maschinen,déi eppes zéihen kennen.Ech fuehren jo zu Déifferdang op den 300er an maachen och Départ vun den Zich fir op Betebuerg.D'Maschiniste sin net frouh mat de 1500er an wann déi um Stellwierk héiheren,daat eng oder 2x1500 um Zuch sin,dann zeecken se,fir de Marchandise nach virum nächste Voyageur fuehren zelossen;an vue que dat jo tescht der Stad a Rodange iwer Esch am 15-Minuten-Takt gefuehr get,kennt der erch jo denken,daat baal keen Zuch do am Plang erauskennt.Ausserdem schecke mer nach aal Dag 4 plangméisseg Zich fort,ewou d'Maschinen och eppes matbrengen( Platter oder Schrott( ab und zu bis zu 2200tonnen ) ),wann se op Déifferdang kommen ; ausserdem duerchschnettlech 3 bis 4 emol de Catra fir bei de Cloos,deen dann de selwechten Dag owes erem eidel zereck op Ehrang geet.Also gesin ech net,daat manner Traffic soll sin.Mee wa meer nach just mat de 4000er fuehren,dei jo awer elo nach op Lübeck an op Gremberg fuehren,dann gewannen mer kee Krich mat de 1500er.
An dobei gin et genuch Diesel-Maschinen;an fir elo erem all déi Leit roueg zestellen,déi emmer soen," Jo,mee mat Diesel enert der catenaire ";mat Diesel kann een zu Déifferdang bei de Cloos fuehren,op Bissen bei Trefilarbed,op Bascharage op Luxguard,zu Péiteng an den Atelier an an den Triage fuehren asw.
Et geet numol net ouni Dieselloken;mee Dieselloken mat grousser Leeschtung.
Allee bis dann

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2011 21:10 - 16 Dec 2011 21:11 #350 by Jeannot
Op der CFL-cargo 1800er - Sait hei um rail.lu ass eng Foto vun der 1817 den 6.12.2011 bei Shell zou Bartreng:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 16 Dec 2011 21:11 by Jeannot.
The following user(s) said Thank You: Radon

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2011 20:47 #348 by Radon

Dan802 wrote: also den 1818 hun ech selwer nach gesin laafen, an wei et schengt den 1815 ?

just nach 2 am betrieb ?


1817 misst och nach laafen. 6 Maschinnen sinn verschrott, 9 stinn um Houwald an 2 um Belval. Wees een wou een d´Maschinnen nach am Asaz kann gesinn? Bartreng?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2011 12:50 #346 by Fränk
D'1800er sin um Enn, dat huet naischt mat Ofbau zedin. An de Schmelzen dréit et méih lues, dat ass bekannt, duerfir si wahrscheinlech elo och e puer 300er zevill.

Ech hun héieren ët kéimen awer nach 1500/1580er...

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2011 12:26 #345 by Obersteiger
Salut,

ma dann baut cargo awer schein oof wann se 1800er elo wellen lass gin, well et get och geschwaat dass 1100er solle verschwannen an am triage vun den 300 vun den schmelzen ersaat gin

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Dec 2011 18:35 - 12 Dec 2011 18:38 #302 by gilyv051

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


1815 - 12.12.2011 zu Näerzeng
Foto ass naischt ginn, well d'2011 mer voll dragefuer ass!
Last edit: 12 Dec 2011 18:38 by gilyv051.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Dec 2011 18:23 #300 by Dan802
also den 1818 hun ech selwer nach gesin laafen, an wei et schengt den 1815 ?

just nach 2 am betrieb ?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Dec 2011 15:12 #296 by gilyv051
Et geif mol ze kläre bleiwe woumat d'CFL Cargo plangt op Athus ze fuere, wann d'1800er eng Keier net méi sinn!
1100, 1500 a 1580 sinn all net fir d'Belsch zougeloos!

D'1815 war haut nach tescht Beetebuerg an dem Belval en ennerwee!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Dec 2011 15:04 #295 by jmo
D'CFL Cargo Lok 1806 steht och elo zënter enger Woch um Houwald:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Dat heescht dat elo just nach 3 1800er am Asatz sin: d'1815, d'1817 an d'1818.
The following user(s) said Thank You: j-ames

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
09 Nov 2011 06:54 #101 by Initsch
Daat ass gudd wa nn et elo offiziell bekannt ass. Majo daat waat ech mol heieren hun, ass dass d'1800'er bis Dezember fueren. Ob se awer lo an enger Reserve gehaalen ginn, wees ech nit.

MbG
Tom

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
08 Nov 2011 20:07 #99 by gilyv051
Salut,
dat sinn mol gudd nouvellen. Ass dann och bekannt bis weini di lescht 1800er fueren? Bis Dezember, oder bleiwen se nach länger an der Reserve?

Yves

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
08 Nov 2011 16:00 #97 by adminv15
D'CFL Cargo huet haut matgedeelt dass d'1818 déi zukünfteg Museesmaschin gët.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Oct 2011 10:57 #52 by Initsch
Salut,

Ech hun awer heieren, dass deen Traffic deen duerch d'Zoumaachen vun de Schmelzen wechfällt, awer compenseiert ka ginn. D'Cargo kruut/kritt anscheinend mei Traffic an Daitschland bai. Wei gesoot, ech hun et just heieren, ob et elo esou ass,...

Tom

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Oct 2011 08:54 - 16 Oct 2011 11:24 #48 by Gilles
No wait iwert 45 Joer Dingscht hun d'1800er jo awer d'Pensioun verdingt. Ech wees nët op d'CFL de Moment nach Loken hun, déi souvill Joër packen wärten, mat hirer ganzen Elektronik a Computeren.

Ech hun héieren d'1800er gingen Ufanks nächst Joër all ausser Betrieb goen.

D'Schmelzen Scheffleng an Rodange machen anscheinend 20% vum ganzen CFL Cargo - Trafik aus. Sollt desen Trafik definitif ewegfaalen, brauch d'CFL Cargo och eng ganz Partie Lokomotiven manner.

Et ass ze hoffen dat eng vun desen flotten an eleganten Loken ging erhaale bleiwt!
Last edit: 16 Oct 2011 11:24 by Gilles.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 Oct 2011 23:01 #46 by CFLankelz
Alt nees geet eng Aera zu enn... En trauregt spill hei a letzebuerg :(

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
13 Oct 2011 15:35 #43 by Initsch
Weini sollen d'1800'er dann devinitiv ausgemustert ginn? oder ginn se no an no ausgemustert, esou wei hieren Zoustand et zouléisst?

Waat ass eigentlech den Ersatz fir déi Maschinnen? 1500'er?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Oct 2011 18:57 #39 by jmo
Hei ass eng Foto vun der 1820 an 1805 haut um Howald. Se stin an enger Reih direkt hannert den 1814, 1807, 1812, 1816, 1810 an 1802.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
12 Oct 2011 13:06 #37 by EMD diesel
Et scheint sech emmer mei eraus ze kristalliseieren dass d'1820 net waert d'Muséesmaschin gin well sie an engem ganz schlechten techneschen Zoustand ass. Sie gouf joo am Juli 2009 oofgestallt well d'Generatrice verbrannt war. Seit deems goufen vill Stecker drun oofgebaut fier dei aaner 1800er. En plus steet se schons sait März dobaussen an seid leschter Woch um Houwald, waat hieren Zoustand och net verbessert huet/waert verbesseren. Et ass ze hoffen dass eng vun deenen leschten betriebsfaehegen 1800er, wann meiglech d'1818, kennen erhaalen bleiwen.
Waat d'Dampheizungen ugeet, sou ass keng Dampheizung mei an den Maschinnen dran. Dei goufen all ausgebaut.
The following user(s) said Thank You: gilyv051

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
11 Oct 2011 20:49 #36 by gilyv051
@charel1604: Dat lescht wat ech wees, ass datt et d'1820 soll ginn. Den SSMN huet et och sou op sengem Site stoen: SSMN

War et net och irgendwei nach well d'1820 nach eng Chaudière huet!?


Yves

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.288 seconds