- Posts: 28
rail.lu - The Railways in Luxembourg, and beyond
Tunnel Welwerdang
- Mercator
-
- Offline
- Junior Member
-
Less
More
05 Dec 2011 21:23 #268
by Mercator
Replied by Mercator on topic Aw: Re: Aw: Tunnel Welwerdang
Danke für die Infos! Schade, dann werde ich den "unberührten" Willwerdinger Tunnel wohl nicht mehr zu Gesicht bekommen - hat mich schon lange interessiert. Zugegeben hat mich das etwas Unwegsame (Wasser, Stacheldraht und Grünzeug) mindest genau so abgeschreckt wie gekribbelt. Andererseits ist das die beste Basis dafür, dass auch ich mir den Tunnel noch in Jahren anschauen kann. Ich hoffe, er wird beim Radewegebau nicht zu viel verhundst!
Beim Googlen findet man übrigens ein paar interessante Videos und Bilder von der Röhre ...

Please Log in or Create an account to join the conversation.
- merni
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 79
04 Dec 2011 21:55 #266
by merni
Replied by merni on topic Re: Aw: Tunnel Welwerdang
Salut,
Am Juni 2012 gett d'Piste ageweiht! Op der Lengler Säit as d'Piste beim Tunnel ukomm.
Zu Elwen as d'Piste iwert den Tunnel "gemurkst" gin. Ween de schéine Wee kannt huet, soll sech net erféieren wann en d'nächste Kéier de "Storchepad" wellt gon.
Lo fehlt do just nach de Passage ennert der Nordstreck. Dovir gett d'Wolz op der Plaz mat enger Eisekonstruktioun deels iwerdeckt. Bis bei d'Wilwerdanger Gare as d'Streck färdeg a vun do bis bei den Tunnel stin d'Pläng och, sie gin awer wéinst de Weiheren net exakt dem Tracé no. Gréisstendeels gin do nei Wéer gezun, woubäi een sech froe kann ob dat huet misse sin, schlieesslech gin et do genuch Niewestrossen, Feld- a Beschwéer déi een hätt kenne notzen.
Am Tunnel därft de Wanter net geschafft gin, well deen 7 zum Deel ganz seelenen Flantermausarten zur Iwerwanterung dingt. Ob déi no dem Amenagement vun der Piste awer nach do sin bleiwt ofzewarden.
De Projet as vun der EU gesponsert an d'Suen mussen dowéinst am Juni verbaut sin.
Eigentlech eng flott Saach, déi awer net ganz ouni Impakt op d'Emwelt as.
nm

- Dan525354
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 144
15 Nov 2011 10:51 #144
by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Aw: Tunnel Welwerdang
Jo schon,mee fir d'éischt misst hien emol renovéiert gin,an do kennt erem de finanzielle Problem;ausserdem sin virum Tunnel um Tracé kleng Weiheren ugeluet gin.Zu Lommersweiler sin se ronderem den Tunnel Hemmeres gefuhr;mee do war jo och d'Breck hanert dem Tunnel de Problem,firwaat se d'Velospiste net konnten duerch den Tunnel leen.Hei get et awer keen direkte Wee ronderem an ech huelen un,daat se umgangen sin,un enger Variante ze tüfftelen.Schliesslech hu mer den Habschter Tunnel op der Attertstreck och mat enger Velospiste équipéiert,an deen huet jo awer och seng 790m.
Emol kucken,waat sech do entweckelt..
Emol kucken,waat sech do entweckelt..
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- charel1604
-
- Offline
- Senior Member
-
Less
More
- Posts: 46
15 Nov 2011 08:01 #142
by charel1604
Replied by charel1604 on topic Aw: Tunnel Welwerdang
Do soll jo laut
"rail.lu - News"
eng Velospiste derduerch goen.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Dan525354
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 144
15 Nov 2011 02:27 - 09 Dec 2011 11:30 #139
by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Aw: Tunnel Welwerdang
Nee,daat ass einach en Oofstellgleis;Streck ass parallel mat der Streck fir op Gouvy duerch den Tunnel gangen an ass dann riets oofgebeiht mat steteger Steigung bis zum Welwerdanger Tunnel an daat ass Grondwasser,waat do am Tunnel steet.
Do um Video geseit een den Ausgang vum Welwerdanger Seit Lengeler

Last edit: 09 Dec 2011 11:30 by Dan525354.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Gaffinet
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 135
15 Nov 2011 02:00 #138
by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Tunnel Welwerdang
ok, merci.
Kenn dier mier vieleicht soen weisou am Tunnel wasser steht? Ass daat feuchtgebiet an d Grondwaaser ass duerch den Buerdem gesickert? Fun da Elwener Gare zweigt een gleis oof wou zum schluss een Prellbock ass wou güterween stinn. Ass daat een iwwerescht fun da streck? Oder just een oofstelltgleis?

15 Nov 2011 01:29 #137
by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Aw: Tunnel Welwerdang
Jojo,och do leien keng Schinnen meih.Vu Gerolstein aus leien Schinnen nach bis op Prüm an vun Eupen aus iwer Raeren op Stoberg a soss ass vum ganze Vennbahn-Reseau neicht meih do;just nach e Steck vun emngem Signal-Poteau zu Lommersweiler beim Tunnel
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Gaffinet
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 135
15 Nov 2011 00:31 #135
by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Tunnel Welwerdang
ok merci, Hun se och am Tunnel d Gleiser rausgerappt?
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Dan525354
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 144
14 Nov 2011 23:52 #134
by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic Aw: Tunnel Welwerdang
Salut,
majo mam ener Wasser stoen hues de net ganz onrescht,et geet awer duer,fir mat Stwielen op deng eegen Verantwortung derduerch ze trepppelen.
Wann's de mam Auto vun Welwerdang op de Wemperhardt fiess,dann geet jo lenks eng Stross eran,ewou een op Huldange bei den Hotel Knauf geet.Déi Stross geet iwer Freit Feld,an ee een bei de Besch kennt,geet lenks e Feldwee eran.Wann's du deem Feldwee nogees,dann kenns du bei den Tunnel,deen do am Besch leit.
D'Gleiser luchen bis 1982 bis Welwerdang;Mett der 70er sin se awer schons an der Belge erausgerapt gin.Des Streck ass nähmlech den 4.November 1889 opgemaat an ass vun Elwen op Lommersweiler gangen,ewou se Anschluss un d'Vennbahn-Streck St.Vith - Bleialf - Pronsfeld - Prüm - Gerolstein kritt huet.Sie war domat fir iwer St.Vith op Aachen déi kirzte Verbindung,anstatt iwer Leek ze fuehren.De ganzen Minett a Kokverkéiher ass dunn op Vennbunn gangen,an well déi ganz Streck vun Aachen op Gerolstein eegleiseg war an primitif gebaut war,huet wéinst deem villen Traffic Vennbunn zweegleiseg gemaat gin,waat 20 Joer gedauert huet;just Lommersweiler - Elwen ass eegleiseg bliwen;an daat war emmer en Noddel fir déi Streck;Lommersweiler huet iwregens bei gleicher Gelegenheet e Couloir sous Voies kritt,deen een haut nach geseit;dobei war an ass Lommersweiler en Duerf,ewou knapps 100 Leit wunnen,mee daat war eben typesch Preisen.Nom 1.Krich ass dunn de ganze Vennbunn Reseau un Belge gefall.D'Grenz war genau iwer dem Welwerdanger Tunnel an dofir war Seit Elwen e Wachheischen opgebaut,ewou Saldoten Kontroll gehaalen hun.An der Ardennenoffensiv si vill Brecken op der Vennbunn zerstéiert gin an domat och den Ourviadukt bei Hemmeres;waat am Fong den Enn vun der direkter Verbindung St.Vith - Elwen war.Nom Krich ass dun Reuland bis September 1962 vun der SNCB aus iwer Letzebuerg bedingt gin;d.h eng 81 ( G8.1. ) ass mam Dreckszuch vu Gouvy komm an zu Elwen Kapp gemat,fir op Reuland ze fuehren.Dovunner get et jo eng Foto hei um Rail.lu,ewou eng 81er aus dem Welwerdanger Tunnel kennt. Desserte vun der Cours de Welwerdang ass vun de Belge fir Letzebuerger matgemaat gin.
Haut sin se umgangen,eng Velospiste um aalen Tracé ze maachen,op der Vennbunn ass daat schons vu Pronsfeld op St.Vith gemaat an virun op Waimes an eriwer op Trois-Ponts.Vun Lommersweiler as och schons Velopiste färdeg bis op Lengeler;de Problem besteet elo,déi 2 Steecker tescht Elwen an Lengeler mateneen ze verbannen.
Ech gin der meng Emailadress;da kanns du mat mer an Kontakt trieden,well ech kennen de ganze Vennbunn-Reseau ganz gudd an hun och vill Informatiounen iwer Elwen - St.Vith.
St.Vith war iwregens eng grouss Gare an et stung e groussen Dépot do,schliesslech sin vun St.Vith aus Zich op Aachen,Vielsalm,Gouvy,Elwen an op Gerolstein gefuehr.Tescht den 2 Weltkricher hun 1200 Eisebunne zu St.Vith geschaft.Mee de 26.Dezember 1944 ass St.Vith bei engem Bommenugreff bis zu 95 % zerstéiert gin;haut ass nach just Bahnmeisterie do,an deer elo e Musée dran,mat ener anerem engem Modell vun der St.Vither Gare.
Bis dann
gmemd567pt.lu

14 Nov 2011 21:56 #133
by Gaffinet
Tunnel Welwerdang was created by Gaffinet
Gudden Owend. Ech wollt mol froen op een nach eppes fun da aaler Streck Elwen - St Vith geseid. Waat ass mam Tunnel zu Welwerdang geschitt? Anscheinend soll deen komplett enner Waasser stoen? Geseid een nach eppes fum Tunnel oder ass en ganz verschwonnen? Bis weini loungen op der Streck nach d Gleiser iert se rausgerappt gouffen. Keint een mier iwwert dei Eisebunnsstreck puer Informatiounen gin. Well dei ass ma zimlech onbekannt.
Matt Frendlechen Greiss
Matt Frendlechen Greiss

Please Log in or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.210 seconds