Streck Klengbetten - Stengefort

More
16 Dec 2017 02:56 #4956 by Initsch
Replied by Initsch on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Dëst ass wuel richteg, dass déi "aal" Klengbettener Gare, notamment d'Stellwierk, oofgerappt gouff.

Waat d'Salle d'Attente ugeet, sou ass déi schon säit mei Wochen zou. Allerdéngs mussen d'Clienten nit um kaalen Quai stoën, mee et gouff iwwergangsweis en gehetzten Container zur Verfügung gestallt. Eng nei Salle d'Attente schéngt am Neibau nierft dem neien Stellwierk ageplangt ze sinn.

Een deen also lo am Wanter um kaalen Quai steet an ech opreegt ass selwer schold dass en nit an déi provisoresch Salle d'Attente geet.

D'Gare vun Klengbetten gëtt moderniseiert. Dass do eben nit alles vun haut op muer Picco Bello ass muss een wuel a kaaf huelen.

MbG

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Nov 2017 11:52 #4932 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Wann ech richteg matkritt hunn, gëtt an dësen Deeg d'Gare vu Klengbetten ofgerappt. D'Leit sollen am Wanter op engem kale Quai stoen, fir dass den Accueil méiglechst onattraktiv ass.

De grénge Minister wëllt dat Selwecht zu Diddeléng-Stad maachen. Hie schéint - grad wéi alleguer séng Virgänger - keng Phantasie ze hunn. De Begrëff "attraktiv Garen" ass domat just eng eidel Floskel.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Nov 2017 10:08 #4931 by Realist
Replied by Realist on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Gude Moien .
Haut steet an der Englescher Zeitung " The Sun " en Artikel " RAIL REVOLUTION Old train lines will be reopened under new Government plans " An England hun se also wëlles verschiden zougemachten Zuchlinen nees oppzemachen . Haptursach ass eng Iwerlaschtung vum Strossenresau an awer awer och eng Iwerlaschtung vum Eisebunsreseau . A waat machen mir zu Lëtzebuerg ????? Fir interesséierter hei ass den Internetlink zum Artikel : www.thesun.co.uk/news/5029563/old-train-lines-will-be-reopened-under-new-government-plans-so-will-this-transform-your-commute/

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Oct 2017 23:02 #4918 by EMD diesel
Replied by EMD diesel on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Hei eng Foto am Mai 1999. Den GAR De Dietrich Z105 mat senger Remorque RZ1011 an der Gare vun Stengefort an daat am Kader vun enger privater Sonderfahrt.
The following user(s) said Thank You: admin, Radon

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Oct 2017 21:38 #4917 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Hei ass de Kommentar am Lëtzebuerger Wort :

Sympathisch aber uneffektiv

Der Präsident der "Aktioun Öffentlechen Transport" Roland Schreiner hat recht, wenn er von der negativen Signalwirkung spricht, die ein Abbau von Zugverbindungen generell mit sich bringt. Aber, dieser Abbau fand in den 1960er-Jahren statt, als auf der Attertlinie der letzte Personenzug rollte. Nicht jetzt.
Nachhaltigkeits- und Infrastrukturminister François Bausch hat auch recht. Nämlich dann, wenn er davon spricht, die Gelder, die in den Schienenverkehr investiert werden, sinnvoll einzusetzen.
Die maroden Reste der Attertlinie samt Unterbau müssten für eine Wiederinbetriebnahme ersetzt werden. Von einer Elektrifizierung ganz abgesehen. Die Zufahrt zur nationalen Strecke, die derzeit Richtung Belgien führt, müsste für Direktverbindungen Richtung Luxemburg umgebaut werden. Oder die Fahrgäste müssten ein weiteres Umsteigen in Kauf nehmen.
Bauschs Idee, eine neue Haltestelle samt Parkhaus für Pendler nahe Windhof zu bauen, erscheint da wesentlich sinnvoller und sparsamer. Für die Steinforter, denen zusätzlicher Pendlerverkehr erspart bleibt, für die Pendler, denen ein Umsteigen erspart bleibt, für alle Bahnnutzer, denen ohne weitere Umsteigeverbindung noch mehr Verspätungen erspart bleiben und für den Steuerzahler, dessen Geld durchaus sinnvoller in die Eisenbahninfrastruktur investiert werden kann.
Die Idee, die Attertlinie teils wiederzubeleben ist sympathisch, ergibt aber verkehrsplanerisch wenig Sinn.

+++ +++

Naja. An den 1990er Joere waren och Politiker déi gemengt hunn, et géif kee Sënn maachen, den Tram an der Stad nees anzeféieren.

Ech sinn iwwerzeegt, wann 300 oder 500 Stengeforter op de Protestpiquet komm wieren, dass de Minister an deem Fall e bëssche méi virsichteg reagéiert hätt.

Mat aner Wierder, sou Actioune musse vu laanger Hand virbereed ginn, an et musse genuch Leit mobiliséiert ginn. Eventuell muss een dann e schinnefrëndlechen Expert komme loossen an eng ëffentlech Soirée organiséieren, an duerno mat Flyeren d'Leit opmierksam maachen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Oct 2017 16:52 - 25 Oct 2017 16:52 #4916 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Stengefort ass gestuerwen. Op der Televisioun hunn ech gesinn, dass e puer Eisebunner e symbolesche Protestpiquet organiséiert hunn, deen awer leschten Enns näischt bewierkt huet. Et war ze spéit.

Et hätte missen am Virfeld vill méi Leit opgekläert a mobiliséiert ginn. Wann 300 oder 500 Stengeforter do gestanen hätten, wier de grénge Velospisteminister eventuell hellhöreg ginn.

De Problem war natierlech, dass de leschte reguläre Persounenzuch viru 50 Joer gefuer ass, an dass d'Leit sech an deene 50 Joer un e Liewen ouni Zuch gewinnt hunn. Déi meescht fueren haut mam Auto, an déi aner arrangéiere sech mam Bus.

Fir mech hätt en direkten Zuch vu Stengefort an d'Stad nach ëmmer de Virdeel, dass e séng eegen Trass huet an net wéi de Bus, am Stau mat den Autoen hänkebleift. Den Zuch fiert och méi kultivéiert wéi de Bus, well en net de Launen an de Gefore vum Individualverkéier ausgesat ass.

Mä wéi gesot, Stengefort ass elo gestuerwen, an da musse mer dofir suergen, dass mer net an e puer Joer zu Dikrech stinn an dat selwecht Trauerspill erliewen.
Last edit: 25 Oct 2017 16:52 by Claude Oswald.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
23 Oct 2017 17:07 - 23 Oct 2017 17:09 #4912 by admin
Replied by admin on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
D'Streck Klengbetten - Stengefort soll moar 24.10.2017 um 10h definitiv ausser Betrib gesat ginn.
Last edit: 23 Oct 2017 17:09 by admin.
The following user(s) said Thank You: NS162, karben

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Dec 2013 08:34 - 02 Jan 2014 18:21 #2725 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Schéin. ok, gudd ze wëssen.
An dann wier den Tram anscheinend méi néideg vum Flughafen aus op de Kierchbierg fueren ze loossen, anstatt vum Bouillon aus, d'Autobunn ass schon do, de Buss kann och do fueren, an d'Leit vum Bus op d'Tram klammen, bei der Rouder Bréck (vum Flughafen aus).
Suen, Suen, Suen. An all P+R ass gratis, daat ass dach egaal waat. Kann een daat net mat der eGo kombinéieren, an de Veloh och mat der eGo?
Suen fehlen och fir d'Tram, anscheinend. Et steet bal zwëschen de Linnen, wou den Tram soll fueren. Wuel net bis op de Flughafen.
10000€ fir ee Meter., huet d'Péitenger Streck kascht. An do war et 2 gleiseg, mat Strom uewen, an di ganz modern Sécherheet.
Zu Biissen wier et eegleiseg, an do bräicht een net "modern" Signaler, an kann ee ganz gudd mat Diesel fueren, d'Apparater sinn do. Dann schwetze Leit vun der Nordstrooss, sollen dann nach méi Leit mam Auto op d'Schaff fueren. Jo, bei all nei Eisebunnstreck, misst de Kihn sech freeën! D'Suen bleiwen am Land! Wann de Staat weider an neicht investéiert, dann verkeeft Lëtzebuerg ganz. Post ass privat, Arbed verkaaf, Villeroy un d'Ausland, Cargolux, an et gëtt nach weider Beispiller. Wann een eng Strooss baut, kënnt keen Cent méi zeréck, an se brauch Instandhaltung, eng Eisebunn bréngt Suen eran,, an beschäftegt bei Wäitem méi Leit. Eng Bréck bauen, bei däer een haut scho weess, dass se an 100 Joer muss sanéiert ginn, ass och sënnvoll, an realitéitsbezunn.
Et war jo och wierklech néideg nei Bushäisercher ze bauen an der Stad (sou ginn d'Suen am ëffentlechen Transport gudd investéiert, wow!!) do hätt ee bal vergiess, dass et méi sënnvoll ass, wann een eng Diir erriicht fir an d'Bushäischen eran, dass een opmannst richteg geschützt ass vun der Keelt vläicht manner, Reen, Schnéi asw an d'Auerzäiten vun de Busser bannen opzehänken.
Last edit: 02 Jan 2014 18:21 by mopsfidels.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Nov 2013 10:33 - 01 Dec 2013 08:54 #2717 by Erich
Natierlech!!! Mecht et Sënn dei Streck opzeman, Esch-Audun zb ass daat bäschte Beispill datt daat klappt an Zich si voll. An et deet sëch effektiv eppes an dei Richtung. Natierlech sinn d'Gleiser a Schwelle faul a missten duerch neier ersaat ginn. Et brauch ee keng Gare fir een Zuch do ze fueren. Et misst scho laang rem eppes do rullen! Dee grousse P+R ass ideal dofir! An Zaiterspuerniss fir op d'Gare ass och nit irrelevant!
Last edit: 01 Dec 2013 08:54 by adminv15.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 Sep 2013 19:56 #2574 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: Aw: Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Daat ass schon mol ee gudde Gedenkusouss. Mee d'belge Eisebunn ass leider am gaang sou vill Coursen ze lëschen wéi nëmme geet. Sinn mol gespaant, wéi eng Zich ab Fahrplanwechsel gestrach wäerte ginn, zwëschen Arlon an Lëtzebuérg.
Di Garen (Halten éichter?) opzemaachen ass eng ganz gudd Iddi, waat hënnert di belge Leit dorunn?
An de Parking deen zu Stackem soll gebaut ginn? Fir wéini ass daat? Wéinst sou Saachen, sinn ech vir Konkurrenz op der Schinn. Genau ewéi mat der Saach mat Remléng. De Siedler Thill kann daat iwerhuelen, Zich anstatt vun Bussen fuere loossen. Och wann just ab Näertzeng den Ament, mee d'Streck gëtt jo ausgebaut, dann misst an Zukunft jo och mat der Cfl méi reegelméisseg bis op Remlen gefuer ginn?
Aneng Kurve do ze bauen assgudd, dann kann Cfl jo vun Péiteng bis op Stengefort fueren. Wéi steet et mat der Linn Esch Aarel?
Et ass sou schued, dass den enormen Potenzial vun Eisebunn net ausgeschöpft gëtt. Dann schwetzen Leit vun Aarbéchtsloosegkeet.
An et giffen net vill Leit zu Klengbetten emsteigen vir bis an d'Stad, vun Stengefort. Wann Leit schon léiwer mam Auto fueren. Tram op der Aarelerstrooss wier och gudd. An vum Bouillon bis an d'Spidol. Oh je, waat sinn daat hei Saachen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
09 Aug 2013 20:10 #2489 by liecam
Replied by liecam on topic Aw: Re: Streck Klengbetten - Stengefort
wann drégion wallone resp. infrabel kee su investeiert, dann bleiwt alles beim aalen. sonndesrieden an improviseiert pressekonferenzen si gudd fir de leit sand an d'aen ze streen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
09 Aug 2013 16:05 #2487 by Marc Sinner
Replied by Marc Sinner on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Et ass bekannt datt d'Lëtzebuerger a ganz bequemt Vollek sinn. Leider ass daat eng effizienter Transportpolitik am Wee. Et ginn aner Länner, notamment d'Schwäiz, wou emsteigen selbstverständlech ass (an net nëmmen eemol). Et kann een net matt all Buslinn bis an d'Groussstied eranfueren. Zu Lëtzebuerg hunn mir en Transportréseau, deen an senger Grondstrultur dem vun enger Klengstad entsprëcht. D'Stad ass matt iwer 100'000 Awunner awer entretemps eng Groussstad. Eis Politiker hunn an de leschten 20 Joer de Wuesstem genotzt fir Cadeauen rechts a lenks ze verdeelen, hunn awer vergiess, datt Wuesstem och bedeit, datt d'Infrastruktur (Transport, Schoulen, Gesondheet, Wunnengen, etc.) muss matthalen.

Am Ministère senger Stratégie Modu ass mam Netzdenken zwar de richtegen Ansatz dran. De sprangenden Punkt ass awer, ob deen Usatz iwert d'Theorie erauskënnt an tatsächlech an der Emsetzung och respektéiert gëtt. D'Ziel muss et sinn, déi meescht Verbindungen Dier zu Dier matt maximal zweemol emsteigen ze bewältegen: en Zubringer (Bus/Tram) op eng Héichleeschtungslinn, d'Heichleeschtungslinn selwer (am Idealfall den Zuch, do wou et keen gëtt eng schnell Buslinn) an zum Schluss de Feinverteiler (Bus/Tram). Den Haptproblem bei der Emsetzung zu Letzebuerg ass d'Penktlechkeet an déi absolut mangelnd deeglech Koordinatioun & Kommunikatioun teschent denen eenzelnen Akteuren.

Waat d'Iddi vun Arrêten teschent Klengbetten an Arel ugeet, gesinn ech zwee Potentialer:
1. eng Gare Sterpenich matt engem grousse P+R matt Uschloss un d'Autobunn. Frontalieren déi vun hierem Wunnuert keng gutt Verbindung hunn kënnen hei op den Zuch wiesselen. Bedingung ass datt zu den Spëtzenzäiten genuch Zich fueren.
2. eng Gare an der Bifurcation Autelbas. Bei gude Korrespondenzen géif sech d'Fuerzäit Lëtzebuerg-Messancy sou ouni grouss Infrastrukturmoossnahmen em méi wéi 5 Minuten verkierzen. Gläichzäiteg géif esou en Arrêt d'Uertschaft Hondelange erschléissen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
04 Aug 2013 12:05 #2479 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
De Marc Sinner huet Recht :

En Inselbetrib wier net wirtschaftlech, an d'Kappmaachen zu Klengbetten mëcht déi ganz Saach onattraktiv.

Mer bräichten also gewëssermoossen eng Verbindungskurv déi et erméiglecht, direkt vu Stengefort an d'Stad ze fueren. Allerdings géife mer an deem Fall déi Klengbettener Gare net berücksichtigen.

Ech weess net ob et attraktiv ass mam Bus vu Stengefort op Klengbetten ze fueren an zu Klengbetten an den Zuch ëmzeklammen. Dat ass alles schéin an der Theorie ; awer ech hunn den Androck dass vill Leit kamoud sinn. Si sëtze léiwer e bëssche méi laang an engem Bus deen an d'Stad fiert, wéi dat lästegt Ëmklamme matzemaachen.

D'Aktivitéitszonen an de Commerce hu sech och vill méi staark laanscht d'Aareler Strooss entwéckelt, wéi laanscht d'Eisebunn. Vereinfacht gesot, den Zuch fiert net an d'Belle Etoile. Et muss ee schonn e gutt Stéck ze Fouss vun der Bartrénger Gare bis an d'Belle Etoile wetzen, oder nees eng Kéier an e Bus ëmklammen - an dat mëcht keen. Den direkte Bus Stengefort-Stad dogéint bleift bei der Belle Etoile halen.

Et kann ee soen, eis Landesplanung huet net funktionéiert oder war inexistent. Just en Tram oder Train-Tram kënnt dee Manktum guttmaachen ... ma wéi mer zénter dem Fall vun Ettelbréck-Dikrech wëssen, ass d'Schinnn net méi aktuell. Den Dogma vun der Politik ass elo de "Mettis", also de Bus dee séng eegen Trass huet an dann eben esou gutt wéi méiglech virukënnt. De Rescht interesséiert d'Politiker net, well si fuere gemengerhand mam Auto.

Ech froe mech dogéint ob et net eng interessant Saach wier ze ënnersichen, ob laanscht d'Haaptstreck Aarel-Lëtzebuerg, um belschen Deel net e Potential besteet wat net ausgeschöpft gëtt. Fréier ass den Zuch zu Weyler, zu Autelbas, zu Barnich an zu Sterpenich hale bliwwen. Souwäit ech am Bild sinn, huet d'Awunnerzuel vun dësen Uertschafen an de leschten 30 Joer net ofgeholl ma éischter zougeholl, an eng Partie vun deene Leit schaffe bekanntlech zu Lëtzebuerg.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
04 Aug 2013 08:10 #2477 by Marc Sinner
Replied by Marc Sinner on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
D'Wahrscheinlechkeet, datt déi Streck fir de Persounentraffic reaktivéiert gëtt, ass ganz kleng. Dofir ginn et e puer Ursaachen:
1. d'Streck ass extrem kuerz, sou datt en Inselbetrieb kaum wirtschaftlech ass
2. Eeenzeg Méiglechkeet wier also eng Duerchbannung an d'Stad. Heibäi ass d'Kappmaachen zu Klengbetten awer en Hindernis, waat vill Zäit kascht an doduerch d'Reaktivéirung oninteressant mecht.

Laangfristeg sinn Hoen a Stengefort am beschten matt eng guder Buskorrespondenz zervéiert. Matt der Linn 334 (Péiteng-Klengbetten-Stengefort) ass den Ufank gemaach. Den Zuch kënnt 06 un a fiert 15 nees fort. An där Zäit kommen déi zwee Busser zu Klengbetten laanscht, sou datt een vun iweral kann op den Zuch emklammen an vum Zuch op déi zwee Busser wiesselen kann. Daat ass d'Theorie. Déi grouss Fro ass, wéi secher datt déi Korrespondenzen sinn an ob se och bei Retard vum Zuch/Bus agehalen ginn.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
01 Aug 2013 12:12 #2472 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Re: Streck Klengbetten - Stengefort
Do wert niemei een Zuch fuern. Wann een d Gleiser kukkt fun der Stengeforter Gare. Do wuessen mannsdeckbeem zwescht den Gleiser. an d Weichen sinn futti. hun se selwer ausprobeiert.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Jul 2013 19:48 #2470 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Streck Klengbetten - Stengefort
ech weess dovunner neicht. Mee bedeit daat elo, dass eng Eröffnung vun däer Streck elo net méi méiglech ass? Waat war di Geschicht mat Kabeltelefon?
Ech mengen et ass een aaneren Thema schon, deen vun dëser Streck handelt, et wier gudd wann alles gruppéiert gëtt.
Merci

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Jul 2013 09:13 #2468 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Bonjour,

Et ass mir rezent opgefall wéi ech zweemol mam Zuch an d'Belsch gefuer sinn, dass d'Weich zu Klengbetten déi d'Verbindung mat der Atertstreck gemaach huet, erausgerappt gouf.

Weess ee vun Iech, firwat dëst geschitt ass, a wat do geplangt ass ?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Apr 2013 12:40 - 06 Apr 2013 12:40 #2101 by br.eli
Replied by br.eli on topic Streck Klengbetten - Stengefort
@mopsfidels:
Zu Punkt 1: Schon eppes fun Streckentelefon héieren? :)
Zu Punkt 2: Nee, denken nit.
Zu Punkt 4: Hei zu Lëtzebuerg, sinn déi Geschichten mat Privatbunnen méi eng komplizéiert saach, well 1: Lëtzebuerg ass e klengt Land an 2: den Schinnenetz ass nit grouss. An denken och it, dat déi vun haut op muer déi streck do opkaafen. Well, wat ass wann dat awer näicht gett? Dann hunn se suen verschwend.

An wat Punkt 3 ugeet: Do misst de schon ee froen, deen do schafft respektiv an der Direktioun ass.

Léif Gréiss,

br.eli
Last edit: 06 Apr 2013 12:40 by br.eli.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
05 Apr 2013 18:55 - 06 Apr 2013 11:15 #2099 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Streck Klengbetten - Stengefort
t'ass een dach keen Nostalgiker, wann ee Eisebunn befürwortet. Eisebunn ass Zukunft. doranner mussen Suen fléissen, net an de Fliigeren an Petrol. Ech sin der Meenung, Petrolindustrie soll Zug subventionéieren an sponsoriséieren.
1. Wat hun Telfonskabelen mam Zugtraffic ze dinn?
2. Ass d'Elktrificatioun vun deenen 2 Kilometer onsënneg?
3. An Klengbettener Millen, wëllen sie net mat Cfl Cargo zesummeschaffen?
4. Et gëtt Arriva an Europa, sie kënnen jo Stengefort, Hoën an Klengbetten ufueren.
Last edit: 06 Apr 2013 11:15 by mopsfidels.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • Gaffinet
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
03 Apr 2013 18:53 #2093 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Streck Klengbetten - Stengefort
Deen Daach wou do erem een zuch an d Gare erlieft keen mei fun eis matt, well eischter gefreiert d Hell zou. ;) LOL.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.285 seconds