- Posts: 110
rail.lu - The Railways in Luxembourg, and beyond
Nordstreck
- Initsch
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
24 Jul 2013 14:19 #2452
by Initsch
Replied by Initsch on topic Aw: Re: Aw: Nordstreck
Daat gleewen ech éischter nët, well och vunn der 11 kenns de op daat lénkst Gleis um Viaduc.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- LuxBeam
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 17
23 Jul 2013 16:27 #2448
by LuxBeam
Replied by LuxBeam on topic Re: Aw: Nordstreck
Salut,
Dat kann och domat zesummen hänken, datt (elo vum 29ten uns nees) d'Zich a Richtung Waasserbëlleg mussen lénks erausfueren an dann gin déi vun der Nordstreck eben tendenziell méi riets fortfueren gelooss.
MbG.
Dat kann och domat zesummen hänken, datt (elo vum 29ten uns nees) d'Zich a Richtung Waasserbëlleg mussen lénks erausfueren an dann gin déi vun der Nordstreck eben tendenziell méi riets fortfueren gelooss.
MbG.
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Initsch
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 110
23 Jul 2013 14:31 #2446
by Initsch
Salut,
Daat kann puer Grënn hunn.
Zum Beispill leeft déi Rame dei op Ëlwen weidergeet vun Süden an d'Gare eran. Dann muss also suwuel den AB wei den CD secteur frai sinn, waat dann vlait bei 10 oft den Fall ass.
Des weideren ass 3+4 suwuel am 3 ewei am 25 kv ze bedreiwen. wann dann en IC kënnt, gett schon mol eent vun beiden Gleiser gebraucht, fir kënnen vun Arel/op Arel ze fueren.
Wei gesoot kann daat puer Grënn hunn.
MbG
Replied by Initsch on topic Aw: Nordstreck
mopsfidels wrote: An firwaat steet de Ëlwener Zug ëmme sou wäit fort, Gleis 10 ganz oft, obwuel de Gleis 3 fräi ass?
Merci
Salut,
Daat kann puer Grënn hunn.
Zum Beispill leeft déi Rame dei op Ëlwen weidergeet vun Süden an d'Gare eran. Dann muss also suwuel den AB wei den CD secteur frai sinn, waat dann vlait bei 10 oft den Fall ass.
Des weideren ass 3+4 suwuel am 3 ewei am 25 kv ze bedreiwen. wann dann en IC kënnt, gett schon mol eent vun beiden Gleiser gebraucht, fir kënnen vun Arel/op Arel ze fueren.
Wei gesoot kann daat puer Grënn hunn.
MbG
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- Claude Oswald
-
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 105
22 Jul 2013 14:25 #2445
by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: Aw: Nordstreck
Et ass also, wéi de Bouni undeit, eng Fro vum politesche Wëllen, wivill de Staat bereed ass an d'Eisebunn ze investéieren. Technesch wier et wahrscheinlech méiglech gewiescht, d'Tunnellen zweegleiseg ze elektrifizéieren.
Woubäi ech mech allerdings froen, ob et net gradesou sënnvoll an deem Fall gewiescht wier, d'Streck deelweis nei ze trasséieren an ze begradegen. Op déi Manéier kënnten d'Zich och méi séier fueren.
Ech hunn emol an enger Broschür gelies dass um belsche Parcours "à certains endroits le train peut même circuler à 100 km/h." Dëst mag virun 100 Joer eng beandrockend Vitesse gewiescht sinn, awer am TGV-Zäitalter muss een dach grinsen, wann een esou eppes liest.
100 km/h geet duer fir de regionale Verkéier. Wann allerdings d'Nordstreck eng interregional Verbindung tëschent TGV-Nord an TGV-Est soll sinn, froen ech mech, ob de Staat net konsequenterweis vill méi an den Ausbau vun dëser Streck investéiere misst ?

- Bouni
- Offline
- New Member
-
Less
More
- Posts: 5
20 Jul 2013 11:27 #2441
by Bouni
Pol
Replied by Bouni on topic Aw: Nordstreck
Dat ass geschitt, wéi d'Nordstreck elektrifizéiert gin ass. Fir en duebelt Gleis mat Oberleitung ass d'Héicht vun den Tunnelen net duergaang. Am Fong wier et einfach gewiescht fir d'Tunnelen e bëssi auszebaggeren an d'Entréen unzepassen, ma et sin op ville Plazen Brécken, déi direkt un en Tunnel uschléissen: déi hätten dann och méi déif geluet misse gin, wat dem Gabarit vum Stroosseverkéier net gutt gedoën hätt. Mat engem eenzege Gleis an der Mëtt vum Tunnel war fir déi Verantwortlech vun deemols de Problem geléist. Haut gesi mer awer dass dat nët stëmmt

Pol
Please Log in or Create an account to join the conversation.
- mopsfidels
-
Topic Author
- Offline
- Premium Member
-
Less
More
- Posts: 100
18 Jul 2013 18:01 #2436
by mopsfidels
Nordstreck was created by mopsfidels
Salut, just eng kleng Fro. Firwaat ass d'Nordstreck op verschidde Plaatzen eegleiseg?
An waat schaffen di Männercher den Ament laanscht der Streck? An am Tunnel, nördlech vun der Stader Gare, ginn do nei Gleiser geluecht, oder bleiwen der ëmmer nach sou wéineg am Ausgang (mengen et sinn der 3)
An firwaat steet de Ëlwener Zug ëmme sou wäit fort, Gleis 10 ganz oft, obwuel de Gleis 3 fräi ass?
Merci
An waat schaffen di Männercher den Ament laanscht der Streck? An am Tunnel, nördlech vun der Stader Gare, ginn do nei Gleiser geluecht, oder bleiwen der ëmmer nach sou wéineg am Ausgang (mengen et sinn der 3)
An firwaat steet de Ëlwener Zug ëmme sou wäit fort, Gleis 10 ganz oft, obwuel de Gleis 3 fräi ass?
Merci
Please Log in or Create an account to join the conversation.
Time to create page: 0.183 seconds