Gare Ettelbrëck

Poll: Gare Ettelbrëck (was ended 0000-00-00 00:00:00)

Nee, d'Gare soll nët ofgerappt gin
61 92.4%
Jo, d'Gare soll ofgerappt gin
5 7.6%
Total number of voters: 66
Only registered users can participate to this poll
More
19 Mar 2012 17:48 #885 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: Gare Ettelbrëck
Moien,

ech fannen se sollten einfach ënnerierdesch Fuusgängerweër maachen, and dann wier den Stau seu gutt wei nët mei do. All moien ass et daat nemlescht, wann den Zuch mat all den Schüler unkënnt ass op manst fir 5 minuten eseu een Stau dass keen eenzegen auto mei vun der plaatz kennt. Och beim Pensionat ass deen Problem (Kreizung beim Café Bofferding)

Max

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Mar 2012 12:03 #791 by Realist
Replied by Realist on topic Re: Aw: Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Wann ët mat der Ettelbrëcker Gare geet wéi mam Projet vun der Nordstaat dann brauchen mer ons kéng Suergen ze maachen.
Dovunner héiert een och näischt méi,an daat ass gut esou,do waren och verschidden Leit(Politiker) gréissenwahnsinnëg gin.Wann een deenen Leit nogelauschtert hätt dann géif haut zwëschen Ettelbrëck an Diekrëch keen Zuch méi fueren,an opp en Tram géiffen mer nach bis Mokusdaag waarden.D'Ettelbrëcker Gare soll esou erhalen bleiwen wéi se ass an nëtt wéi zu Iechternach duerch en Neibau deen egal waat ass ersaat ginn.
Daat sëlwécht gëllt och fir d'Eisebunns Streck vun Ettelbrëck opp Diekrëch,do sollen emol Pläng gemach ginn wéi déi Stréck méi attraktiv ze machen ass,eventuel mat enger Verlängerung bis opp Gilsdrëff.Daat sëlwecht gëllt och fit Strecken vun Ettelbrëck opp Bissen an vun Klengbëtteng opp Stëngefort.Vun der Streck vun Woltz opp Baaschtneg (Ligne 164) do ginn ëtt jo an der Belsch(Wallonie chemin de fer 34 projets) ganz konkret Pläng fir déi erëm ze aktivéieren.Wann een wéi ons Regierung ët virhuet dem öffentlëchen Transport Prioritéit ze ginn dann därff een nët méi Strossen bauen,dann muss een d'Eisebunn an den Tram revaloriséieren,ouni wenn an awer,wëll sos ass daat ganzt den Pabeier net wert opp deem et drop steet.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
01 Mar 2012 06:27 #790 by flepp
Replied by flepp on topic Re: Aw: Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Ech wollt mol froen op ët seit de leschte Waalen beim Projet "Nei Ettelbrëcker Gare" een neie Moment gët?

Ech perséinlëch wier jiddefalls frou wann déi aal Gare ging bestoe bleiwen, an eventuell ëm eng modern Extensioun ging erweidert gin, fir de Fall wou se ze kleng wier.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
26 Jan 2012 05:04 #566 by gilyv051
Replied by gilyv051 on topic Aw: Re: Aw: Gare Ettelbrëck

Hipp wrote: Mir hu jo een Nohaltegkeetsminister den se beroden kann!


Wéi et mat deenen hirer Kompetenz ass, wesse mer jo zanter kuerzem! Stechwuert: Bissen!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Jan 2012 08:23 #557 by Hipp
Replied by Hipp on topic Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Wann een dës Foto vun Iechternach gesait, versteht een dat d'Liewesdauer vun enger neier Gare/Busgare nët méih 100 Joër a méih sin:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Zou Ettelbréck kënnen sëch ët jo nach eng Kéier iwerleeën op se nët awer léiwer hier aal mat Haasteng gebauten Gare wëllen haalen, oder se esou ewéi (virun 40 Joër) zou Iechternach oofrappen an eng nei dohinner knuppen.

Mir hu jo een Nohaltegkeetsminister den se beroden kann!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Dec 2011 09:53 #399 by Jos K
Replied by Jos K on topic Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Ech giff och mengen, dat déi aal Ettelbrëcker Gare, vu Grond op renovéiert mat eventuell engem modernen Ausbau, méih lang représentativ wier, ewéi een Neibau. Nei modern Gebaier sin natirech déi éischt Joëren méih spektakulär. Dëst hëlt awer mat de Joëren ganz séier of, well modern Gebaier haalen keng 100 Joër.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Dec 2011 22:16 - 06 Dec 2011 22:23 #272 by Jeannot
Replied by Jeannot on topic Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Wann dei aal Gare vun Ettelbreck ofgerappt sollt gin, setzt de Buergermeschter sech mat der neier Gare een Denkmal fir dei nächst 40 Joer (speitstens dann, get dei awer och erem ofgerappt, wann net schons eischter!).

Wann dei aal Gare awer erhale bleiwt a renoveiert get, setzt een sech een Denkmal fir dei nächst 150 Joer!
Last edit: 06 Dec 2011 22:23 by Jeannot.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
05 Dec 2011 21:50 #269 by h3608
Replied by h3608 on topic Re: Aw: Gare Ettelbrëck
Politiker an Architekten dei hautzudags nach wellen esou schei Gebaier mat Haasteng-Fassade ewei d'Ettelbrécker Gare mutwelleg ewegrappen, hun nach emmer net verstan wat Nohaltegkeet ass. Esou ee Gebai kritt een nie mei zreck.
The following user(s) said Thank You: Jeannot

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
03 Dec 2011 18:14 #265 by schvit
Replied by schvit on topic Aw: Gare Ettelbrëck
Daat ganzt wonnert mech nit am gerengsten.Hei greifft Korruption souwisou emmer mei emsech.
Eis sou genannten Politer,keen Fazz besser.All Farwen.
Dat Gebei ass an engem gudden Zoustand,awer een Schandfleck ass dat aalt Zollgebei wou sech den ganzen Daag iwer dei glungensd Persounen rem dreiwen.(Drogen-Dealer?????)
Ech senn vill op der Nordstreck ennerwee(Fotoen) an domat och offt op der Ettelbrecker Gare.

Lg schvit

dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/

Schank Vital
3.Montee du Knapp
L-9175 Niederfeulen

vschank1@pt.lu
dieluxemburgereisenbahnnordstrecke.npage.de/

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
03 Dec 2011 17:17 #264 by jhemp
Replied by jhemp on topic Aw: Gare Ettelbrëck
D'Ettelbrécker Gare as eent vun deenen schéinsten Gebaier vun Ettelbréck. Sie bild zesummen mat deenen aneren Garen vun der Nordstreck en typeschen Ensemble vun Garen aus der ällsässescher Zäit. Sie feiert 2012 hieren 150sten Geburtsdag.
Sie as baulesch gesin an perfektem Zoustand ( an hat praktesch keen Krichschued ) an bräicht am Fong nëmmen bannen e bëssen oppoléiert an moderniséiert ze gin. Grouss genuch as sie jo och, well sie huet nach Platz fir 2 Geschäfter, 2 Appartementer an e Buffet.
Et as en absoluten Skandal an eng Respektlosechkeet vun eiser Vergaangenheet esou een imposant, historescht Gebai ofzerappen fir et duerch eng ellen an charakterlos Betons Këscht ze ersetzen.

Waat dem Faas de Buedem ausschléit: Deen Tunnel, deen op d'Platz vun der Gare soll kommen as total onnéideg : hien verschléngt en Heedegeld, féiert zu enormen, techneschen Problemer ( onstabilen suppeschen Ennergrond, Iwwerschwemmungsgebitt, Risiko vun Rëss an den Nopegheiser) , wärt d'Awunner 8-10 Joer belästegen an léist de Verkéiersproblem vun Ettelbréck net, mee verlagert et an den Zentrum wou den Tunnel rauskënnt. Experten aus der Baubranche färten datt den geplangten Rondpoint bei der Ausfahrt vum Tunnel de Verkéier net packen wärt, wat zu engem totalen Verkéierskollaps féiren géif.

D'Politiker an Ponts et Chaussées kruten vun Ettelbréck 21 eng ganz Reih vun Alternativen virgeschlo an sin sech och villen Problemer bewosst, mee irgendwéi wëllen sie den Tunnelprojet net faalen loossen. Et schéint hei méi em déi Terraien ronderëm ze goen an et läit op der Hand, datt hei no den Interessen vun Promoteuren gekuckt gëtt.

Alt erëm soll en onersetzbart lëtzebuerger Monument der Geldgier vun enger Minoritéit an dem blannen Aktivismus (bedingt duerch d'Profilneurose) vun enger Partie Politiker zum Affer faalen.

Armt räicht Land!
The following user(s) said Thank You: Dan802

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
25 Nov 2011 16:39 #225 by Dan802
Replied by Dan802 on topic Re: Aw: Re: Gare Ettelbrëck
do kann ech dem charel1604 nemmen rechtgin


ech fannen daat schein, wann een herno Aal gebaier nach niewt neiem material kann kucken...

och feelt et herno un unhaltspunkter op aalen fotoen vir mat haut ze vergläichen.....

wann se se weinstens geifen oofrappen well se baufälleg wier...mee se ass jo awer nach tiptop :ohmy:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
23 Nov 2011 16:23 #210 by charel1604
Replied by charel1604 on topic Aw: Re: Gare Ettelbrëck
Kuckt iech de Film iwert d'Enn vun der Iechternacher Gare un, a macht duerno bei deser Emfro mat!
The following user(s) said Thank You: Jeannot, baulera

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Oct 2011 10:21 #70 by Tom2001
Replied by Tom2001 on topic Re: Gare Ettelbrëck
E Samsten stung am Wort zou Ettelbrëck wier enner annerem een neit "Zuggästegebäude" geplangt. Ass dat ee neit Wuert fir Gare?

Fir déi ganz Neigestaltung vun der Gare Ettelbrëck sin 47,5 Milliounen Euro virgesin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
19 Oct 2011 19:11 #58 by Fränk
Replied by Fränk on topic Re: Gare Ettelbrëck
Wëll d'Ponts&Chaussées d'Ettelbrëcker Gare just wéinst dem geplangten Stroossentunnel ofrappen, oder huet och d'Eisebunn Grënn fir eng nei Gare?

Wéi ass ët iwerhaapt mat dem Megaprojet "Stroossentunnel" no de Wahlen bestallt?

Fränk

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
09 Oct 2011 14:22 - 09 Oct 2011 14:31 #27 by jmo
Gare Ettelbrëck was created by jmo
De Moment laafen Discussiounen fir d'Gare zu Ettelbrëck ofzerappen an duerch ee modernt Gebai ze ersetzen.

Eng Alternative wier, dat aalt schéint Gebai ze renovéieren, an eventuell eng modern Annexe (ewéi zu Belval-Université) iwert d'Quaiën ze bauen. Dëst ging och d'Problemer vun Héichwasser an Unterführungen aus der Welt schaafen.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 09 Oct 2011 14:31 by adminv15.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.243 seconds