gëtt zu Ettelbréck ofgerappt

More
07 Apr 2014 14:07 #3011 by Gaffinet
Replied by Gaffinet on topic Aw: Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Claude do hueste vollkommen Recht.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Apr 2014 20:52 #3009 by Claude Oswald
Replied by Claude Oswald on topic Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Eng Institutioun ass verschwonnen. Si ass scho laang verschwonnen.

Et sinn d'Auslader.

Fréier konnt ee praktesch vun all Gare zu all Gare e Gidderwon schécken.

Et hat och praktesch all Gare eng Gidderhal.

An der Tëschenzäit goufen op ville klenge Garen d'Gidderhalen ofgerappt an d'Gleisbild vereinfacht (wat an der Fachsprooch zynescherweis "Moderniséierung" genannt gëtt).

Mam Ofrappe vun der Gidderhal zu Ettelbréck gët eis elo nach eemol an Erënnerung geruff, dass eng "Branche" vun der Eisebunn dout ass.

Et gëtt zwar ëmmer gesot, et misste méi Gidder op d'Schinn verlagert ginn, awer an der Praxis féiert "CFL Multimodal" d'Wuere mam Camion iwwert d'Strooss.

Ech gleewen net méi esou richteg un dat, wat d'Politiker eis erzielen, wa se eis berouege wëllen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • mopsfidels
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
06 Apr 2014 19:02 #3006 by mopsfidels
Replied by mopsfidels on topic Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
huelen doduerch méi Leit den Zug?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
06 Apr 2014 17:19 #3005 by Max_goedert
Replied by Max_goedert on topic Re: gëtt zu Ettelbréck ofgerappt
Salut,

ech denken net dass daat eppes domat ze dinn huet. Zu Luerentzweiler goufen di Gleiser wechgerappt well se just Plaatz wechgeholl hunn, an sou den neien Parking konnt gebaut ginn.
Och zu Ettelbreck soll de Parking vun der Gare sou weit ech wees vergreissert ginn.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • mopsfidels
  • Topic Author
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
More
05 Apr 2014 18:02 #3003 by mopsfidels
gëtt zu Ettelbréck ofgerappt was created by mopsfidels
an och lauter aaner Gleiser zB Lorentzweiler op aaner Plaatzen. Gëtt dee Stool benotzt fir déi fehlend, nach eegleiseg Deeler vun der Nordstreck ze verduebelen? Do ass awer neicht viirgesinn, fi déi nächst 10 Joër, oder?

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.166 seconds