CFL 3000

More
11 Mar 2022 09:10 #5882 by roadrunner
Replied by roadrunner on topic CFL 3000
Hei 2 Video'en vun der 3013. T'ass emmer méi schéin mat Sound :-)




Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
10 Mar 2022 22:44 #5881 by roadrunner
Replied by roadrunner on topic CFL 3000
D'CFL 3013 krut een neie Logo verpasst. Haut war se op der Kléngbettener Streck ennerwee,

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
22 Dec 2021 23:12 #5805 by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic CFL 3000
Ausserdem mengen ech,därfen 4000er och just mat Voyageur op Athus an net mat Marchandises

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MiBra
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
  • E Schmuelspurfrënd
More
22 Dec 2021 22:28 #5803 by MiBra
Replied by MiBra on topic CFL 3000
Dozou sief awer och nach ugemierkt dass Sibelit vun den 3000er d'lescht Joer 11 Steck gelount haaten (Traffic Autoroute ferroviaire), an zweschenzait hu se nemme mei nach 5 Steck an hirem Pool.
MbG
Michel

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MiBra
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
  • E Schmuelspurfrënd
More
22 Dec 2021 22:24 #5802 by MiBra
Replied by MiBra on topic CFL 3000
Och hei nett ganz richteg, et waren nemme 7 vun den 3000er zum Verkaaf ausgeschriwwen, CFL hätt der also awer nach emmer 11 behaalen.

MbG
Michel

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • MiBra
  • Offline
  • Premium Member
  • Premium Member
  • E Schmuelspurfrënd
More
22 Dec 2021 22:21 #5801 by MiBra
Replied by MiBra on topic CFL 3000
Stemmt esou nett ganz, am Moment huet CFL Cargo 3 3000er a Locatioun. Eng mei wei virum Fahrplanwiessel. An eng 4000er ka keng 3000er ersetzen. Matt der 4000er geht et nett a Frankreich an och nett an der Belsch (Ausser Athus)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2021 16:23 #5798 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic CFL 3000
Gudde Moien...
Jo 3000er kenne gudd beschleunegen, mee daat geet nëmmen wann et dreschen op de Schinnen ass.
Wann et naas a schmiereg ass dann patinéieren se an di Elektronik ass immens träg waat d'Opfänke vun den respektiven Propulsiounen ass wëll se ganz Leeschtung roffiert an no puer sekonne rëm lues a lues alles mateneen erëmkennt, ( woubai bei der 4000er all eenzeln Achs separat auto-regléiert ass) .. Dat ass den cabrage, wou den éischte Bogie beim ufueren praktesch keng Haftung mi huet ( bei enger rame tractée,... réversibel ass et den Géigendeel) an do ass 4000er kloer am Virdeel weel ass Achs eenzel auto-réguléiert ass...
4000er am Summer hun Probleemer mam Trafo dee dann ze waarm gett ( iwer 90 Grad) an dann gin se an ee Schutzmodus mat halwer Leeschtung, an duerno schalt de Trafoschutz komplett oof (Kühlpause heescht daat) .
3000er sin am Wanter vulnérabel wëll beim Bremsen d'Snubberen opginnn an kaal Loft an d' Elektronik bloosen , an dann seet di och irgendwann Feierowend... Dofir gin Cem's ugewisen wann et richteg kaal ass d'E-brems ze isoléieren...
3000er woren zum Verkaaf ausgeschriwen, mee sous condition dat se eng mie-vie kréien di de Rhamen vum Prais gesprëngt hätt, en plus sin Ersatzstëcker och schon schwéier ze fannen ...
Dofir ginn se mol gehaalen an irgendwéi um Laafen lieweg gehaall.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2021 14:21 #5797 by roadrunner
Replied by roadrunner on topic CFL 3000
Also d'3000er kenne scho gudd beschleunigen; ech sin all Dag op der Klengbettener Streck ennerwee an normalerweis gin d'RB mat gemittlechen 80 kmh durch d'Landschaft gezun.
Mee heiandsdo (LOL) hun d'Zich Verspéidung an t'ass genug Loft am Fahrplan fir déi Verspéidung neess eran ze kréien. Wéini si mer mat 8 Minutten Verspéidung zu Lëtzebuerg lassgefuer, a mir waren bal pünktlech zu Kléngbetten. Fir den Départ fir op Arel hat den Zuch just nach +1. Do huet de Lokführer awer wuel alles erausgeholl wat d'3000er gin huet :-)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2021 07:07 #5796 by Blacky
Replied by Blacky on topic CFL 3000
Salut alleguer

Et muss een och bedenken, dass eng reih 3000'er frei ginn sinn duerch d'Lécker Schnellzich, déi jo duerch SNCB Desiro'en ersaat guefen.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
16 Dec 2021 00:31 #5795 by Dan525354
Replied by Dan525354 on topic CFL 3000
Also do gin ech der vollkomme Rescht Tom,ech sin am Krankeschein an ech muss vill treppele goen,an daat maachen ech am Moment vill op der Linn 7 a wann 3016,3017 an 3018 do erbei gehol gin,daat mecht deene awer guer neicht aus,zumols Leideleng fort Richtung Coupé courant 3016 esou herrlech huerelt.Ausserdem waren elo vill Verspéidungen vum belsche Réseau hiir an déi 3 Maschinen huehlen déi Verspéidungen gudd eran.A waat heescht hei Cargo well keng 3000er méih,sie mussen domadder fuehren;mat waat fuehren se soss an d'Belge ????
Dan

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 Dec 2021 21:08 #5794 by Thomas
Replied by Thomas on topic CFL 3000
Moien Kim,

Wei den Blacky scho sot war e Fahrplangwiessel. Ech weilt just dem Lemmy seng Ausso e bessi nuanceieren/rektifieieren, an zwar Lait et NET DRUN dass d'3000er net mei bei der Cargo fueren oder onzefriddenstellend Ergebniser erbrengen... (cf. Summer 2021 wou d'4000er all ausgefall waren duerch d'Hetzt, dunn sinn se mei wei eng Keier mat 3000er d'Ramen ofschlefen gangen)
Et fueren nach emmer 3 3000er bei der Cargo, notamment fir de Kinkempois an de Zeebrugger.
D'Präsenz vun de 3000er am Voyageur lait mei drun, dass d'Cargo mei 4000 brauch fir den Trafic fir Daitschland ze assureieren (DE18en an dei bishereg 2-3 4000er ginn den Ament net mei duer fir all dei nei Verbindungen (sprich Rostock a Poznan) en plus vun den aktuellen vun den 4000er an Daitschland (Gremberg, Homburg, Mars, Kiel etc.) ze assureieren. Doduerch huet d'Cargo elo (5?) 4000er, wouduerch der rem manner fir de Voyageur disponibel sinn. Vu que dass den Asatzgebitt vun den 3000er an de 4000er jo sougudd wei komplett anescht sinn, froen ech mech wou den Lemmy un dei Schlussfolgerung koum...

LG,
Tom
The following user(s) said Thank You: MiBra

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
14 Dec 2021 19:49 #5793 by Lemmy
Replied by Lemmy on topic CFL 3000
Moin...
Ganz einfach.... CFL cargo wëll keng 3000er méi well se nit mi zouverlässeg sinn an un hir Limite kommen , ier eng mi-vie ustreet.... Dofir kréien se elo e puer 4000er an di doudgefueren 3000er gin dann elo op der Linn 7 agesaat... mat alle Konsequenzen di jo allgemeng bekannt sinn... (vill zait beim Kappwiessel, nëmme nit zevill belaaschten beim ufueren a bremsen well soss sinn Pannen virprogamméiert.....etc...)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
14 Dec 2021 16:45 #5792 by Blacky
Replied by Blacky on topic CFL 3000
Salut
Den Sonnden war Fahrplangwiessel an do ginn och nei Roulements fir Roulmatérial opgestallt.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
14 Dec 2021 16:07 #5791 by Kim
CFL 3000 was created by Kim
Gudden Mëtteg,

Kann een mir weg den Grond soen, wiesou seit den Méindeg d serie 3000 amplaatz vunn der 4000 op der Streck Athus Letzebuerg angesaat gett...

Merci am Viraus

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.235 seconds