Festival 2018 um Bocq

  • CC1800
  • Topic Author
  • Offline
  • Junior Member
  • Junior Member
More
07 Aug 2018 22:43 #5199 by CC1800
Festival 2018 um Bocq was created by CC1800
Den Weekend vum 11., 12. an de 15. August ass erëm um Chemin de fer du Bocq hei vir an der Belsch bei Ciney de grousse Festival organiséiert vum PFT. Hei wäerten niewent eegenen Lokomotiven och eng Rei Gaaschtlokomotiven fueren. Als eenzeg Damplokomotiv ass d'TKH 5387 vum Stoomcentrum Maldegem dobäi. Des weideren wäert eng Class 66 vun HSL do sinn, an eng 6400 vun DB Cargo Nederlands. Als klengen Bonbon wäerten dann och 3 HLD 62 vun der Infrabel dobäi sinn, eemol den 6219 (hei ob der Foto), dann een am "gielen" Ustrach an een am neien bloen Infrabel Design. Als Highlight wäert dann och nach en 55er vun Tuc-Rail dobäi sinn, do dierf een roueg gespaant sinn ;)

Dat ganzt wäert jiddefalls en Ausfluch wäert sinn ob eng vun de flottsten Eisebunnsstrecken an der Belsch.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.141 seconds