Seelebunn Mine "Glück auf" - Terres Rouges Esch

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
08 Jan 2016 13:43 - 08 Jan 2016 19:20 #4145 by jmo
Hei een Extrait vun der Kaart vun 1927 ( www.geoportail.lu ) mam Tracé vum "Transporteur abandonné". D'Kaart vun 1907 weist genee dat selwecht am schwarz-waiss:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Et ass och interessant ze gesin dat do eng Seelebunnskraizung mat der Déifferdenger Seelebunn ("Voie Aérienne" op der Kaart) bestaanen huet!

Elo fehlen just nach Fotoën, an de geneeën Datum wéini si ausser Betrieb gung.
Last edit: 08 Jan 2016 19:20 by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
08 Jan 2016 13:22 #4144 by adminv15
Hei eng Info vum Claude Hermes:

"Gudde Metteg
An ärer Rubrique Recherché stell der d'Fro wéi laang d'Seelebunn vun der Mine Glückauf op Terre Rouges Esch gelaaf ass. Op der Carte topographique historiques vun 1907 a vun 1927 um Geoportail.lu do gesät een d'Iwwerreschter vun desser Seelebun. Op der Kaart vun 1907 an och vun 1927 do si Punkten agezeechent genau esou ewéi der schreiwt " 2 geradlinige Teilstücke, et mussen dest d'Maste gewiecht sinn an derbäi steet " Transporteur abandonne " .Also muss des Bunn viru 1907 stellgeluecht gi sinn. D'Seelebunn vu La Houtte déi war e bessen méi südlech. Am Buch vum Luciano Pagliarini " D'Seelebunn " do sinn e Plang an och Fotoen vun deser Bunn drann. Méi kann ech iech net dozou soen."


Villmols merci!

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • jmo
  • Topic Author
  • Offline
  • Platinum Member
  • Platinum Member
More
23 Dec 2015 16:37 - 23 Dec 2015 18:24 #4133 by jmo
Virun ee puer Deeg vun ech endlëch Informatiounen iwert déi Seelebunn déi op d'Terres-Rouges gangen ass fonnt. Ech hu well ganz lang no där Seelebunn gesicht!

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Et handelt sëch ëm d'Seelebunn déi 1887 vun der Mine "Glück auf" an der Lorraine (deelmols Lothringen / vun Daitschland 1870 annexéiert) - op d'Brasseurschmelz zu Esch (déi spéider Terres Rouges / Esch) gangen ass.

Leider hun ech nach keng Foto wou een Deel dervun ze gesin ass.

Et wier och interessant ze wëssen wéi lang déi Seelbunn funktionnéiert huet!

All weider Info a Foto ass ewéi ëmmer wëllkomm!

bis geschwënn,

jmo - info@rail.lu
Last edit: 23 Dec 2015 18:24 by jmo.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.162 seconds