Felseinschnitt bei Fentingen - wo?

More
18 May 2019 11:48 #5426 by Schumi
Replied by Schumi on topic Felseinschnitt bei Fentingen - wo?
Merci fir de Feedback an d'Zäitangab op dem Video. Ech hu mech net do widdersat, mee den Här Lux hat geschriwwen "op där rietser Säit" an tatsächlech misst et hei am Video jo op där lénker Säit sinn, well den Zuch vu Lëtzebuerg aus kënnt. Och ech gi vun der Theorie aus, datt et sech em dee Streckenabschnitt direkt hannert der Uertschaft Fenteng Richtung Stad (faarweg Foto mat deem grousse Kreess) handelt, deen ech mat där aler Foto vun 1917 gepost hat. Tatsächlech sinn ech mir just net ganz sëcher, op ob därer Säit jeemols Fielse gewiescht sinn ... Eigentlech bleift awer keng aner Méiglechkeet, wéi ganz uewe beim grousse Kreess (Lénkskéier) op där faarweger Foto, just éier d'Beem ufänken.

Merci,

Roland Scchumacher (fentange)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 May 2019 17:50 - 15 May 2019 17:57 #5425 by BB3608
Replied by BB3608 on topic Felseinschnitt bei Fentingen - wo?
Mëtteg,

ech géing soën datt den Lux mat sënger Theorie nët sou falsch leit. Op daer historescher Foto leit wuel (nach) keen drëtt Gleis, mee et dei alles dorop hin, datt do en Chantier amgaangen ass et ze bauen. Laut Dokumenter hei um Site ass 1916 ugefaangen gin et ze bauen, an et ass den 28.10.1918 a Betrieb gaangen. Fir mech ass déi Foto vun Fenteng/Bierchem a Richtung Lëtzebuerg gemaach, wou demno a Fahrtrichtung riets d'Gleis Syren-Lëtzebuer/Triage leit. Ongefeier ab Minut 4.07 vum verlinkten Video

Link op den rail.lu
Last edit: 15 May 2019 17:57 by BB3608. Reason: Präzisiounen beigefügt

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
15 May 2019 14:10 #5419 by Schumi
Replied by Schumi on topic Felseinschnitt bei Fentingen - wo?
Villmools merci fir dee flotte Video! Leider mengen ech net, datt mir domadder gehollef ass (ab wat fir eng Minute gesäich een dat Bild mat de Fielse, vun deem Dir schwätzt?), well ech gesinn do nëmmen 2 Gleisen (ech ka mech awer ieren). Op menger Foto ass de Fielse riets an do kéim dann och dat 3. Gleis hin. Wann Äre Video géif passen, da wier dat 3. Gleis also riets an dat ass menger Meenung no net de Fall. Well et eng Lénkskéier ass, misst et éischter d'Streck Éiter-Lëtzbuerg sinn tëschent Fenteng an dem Houwald. Leider weess ech net, ob do net fréier tatsächlech Fielse war, muss emol d'Leit op der Gemeng froen, ob si eppes vun der Geologie do wëssen ...

LG,
Roland Schumacher (Fentange)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
13 May 2019 20:39 - 13 May 2019 20:39 #5414 by Lux
Replied by Lux on topic Felseinschnitt bei Fentingen - wo?
Hei sin mol Fielsen op der rietser Sait:

Last edit: 13 May 2019 20:39 by Lux.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
12 May 2019 21:54 - 12 May 2019 22:51 #5408 by admin
Felseinschnitt bei Fentingen - wo? was created by admin
Op deser Foto steet eppes vun engem „Felseinschnitt“ zu Fenteng.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Et handelt sech em eng Lénkskéier, mee do fällt mir just een Deel zu Fenteng an (grousse Rondel op der Foto). Anerersäits kann ech mir do bal keng Fielse virstellen … Weess ee méi?

Merci,

Roland Schumacher (Fentange)
Last edit: 12 May 2019 22:51 by admin.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.179 seconds