Eisebunn zu Gréiwemaacher

  • GM1800
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
09 Nov 2020 09:52 #5626 by GM1800
Replied by GM1800 on topic Eisebunn zu Gréiwemaacher
Salut,

villmools Merci fir déi Erklärungen! Elo ass alles klor.

Esou hun ech gemengt dat d'Bunn gelaf ass, ech konnt mir just déi Foto nët erklären.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
08 Nov 2020 09:55 - 08 Nov 2020 13:39 #5625 by jmo
Replied by jmo on topic Eisebunn zu Gréiwemaacher
jo, d'Bunn op Gréiwemaacher ass op der Stroossesait vun der Musel gangen. Déi Maierchen verstoppt effectif ee gudden Deel vun der Strooss:

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.

Last edit: 08 Nov 2020 13:39 by jmo.
The following user(s) said Thank You: GM1800

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
07 Nov 2020 16:56 #5624 by clauhe
Replied by clauhe on topic Eisebunn zu Gréiwemaacher
Gudde Metteg, op engem Plang aus dem Joer 1954 um Geoportail gesäit een des Bunn och op der Säit vun der Musel. Wann ech mär är sw Foto ukuken, da mengen ech dass déi breet gro/schwarz Sträif iwwer der Bunn eng Mauer ass, an da kennt eng wäiss schmuel Sträif dat ass Stroos an da kennt d'Mauer vum Virgärtchen. Esou gesinn ech dat emol.
MbG
The following user(s) said Thank You: jmo, GM1800

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • GM1800
  • Topic Author
  • Offline
  • Senior Member
  • Senior Member
More
06 Nov 2020 10:48 - 06 Nov 2020 17:14 #5623 by GM1800
Eisebunn zu Gréiwemaacher was created by GM1800
Ech hun hei eng Fro zur Eisebunn zu Gréiwemaacher:

Op wéi enger Sait vun der Tréierer-Strooss ass d'Eisebunn am Agang vu Gréiwemaacher gefuer?

Op dëser Foto giff ee mengen d'Streck wier op der lënker Stroossesait just virum Haus op 97 route de Trèves (nierwend Ponts&Chaussées) a Richtung Mertert gangen (blo agezechent):
This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.


Ech hu biselo ëmmer gemengt se wier op der Stroossesait vun der Musel gewiecht (rout agezechent):

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.




Villmools Merci am Viraus fir all Erklärung!
Last edit: 06 Nov 2020 17:14 by GM1800.
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.171 seconds