Nei: Eisenbahnen in Luxemburg - Band 5 - Elektrische Lokomotiven und Triebzüge

More
03 Jan 2021 17:04 - 03 Jan 2021 17:07 #5656 by MAB
Elo konnt ech dëse Weekend och de Band 5 duerchkucken. Wéi aus de Virgängerbänn gewinnt ass alles gutt recherchéiert, den Text anschaulech erkläert a verständlech geschriwwen, mat villen Detailler an Hannergrondwëssen.

Mir (Joergank 1974) gefalen natierlech am beschten d’Illustratiounen mat den 3600er an déi immens vill Biller mat engem Moulinex.

Eppes kéint een nach bäiflécken am Abschnitt „Kurze Geschichte der Firma Stadler“ op der Säit 380. Do steet: „Nach dem Tod des Firmengründers übernahm seine Witwe das Unternehmen.“ Et ass sécher interessant, op d’manst hiren Numm ze nennen, well si als Fra deemools eng aussergewéinlech Positioun an der Zuchindustrie hat. Si huet Irma Müller geheescht a war sécher méi wéi nëmme "Witwe von".

Et war d’Irma Stadler-Müller, déi de Peter Spuhler an hirem Betrib engagéiert huet, ier se him d’Firma e puer Joer dono verkaf huet. D’Irma Stadler ass den 25. November 2020 am Alter vun 96 Joer gestuerwen.
Last edit: 03 Jan 2021 17:07 by MAB.
The following user(s) said Thank You: !!RH!!, Jones

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
31 Dec 2020 11:22 #5651 by Carlo
Ech hun mäin Buch scho kritt. Gewinnte Qualitéit vun Text a Biller! Domat gët déi eenzegartig Enzyklopedie iwer Letzebuerger Eisebunnen em e wichtegt Kapitel erweidert!
The following user(s) said Thank You: admin

Please Log in or Create an account to join the conversation.

More
30 Dec 2020 21:16 - 30 Dec 2020 21:16 #5649 by MAB
Super Nouvelle!
Domat hat ech guer net méi gerechent no der Préface vum Band 4. Elo freeën ech mech awer.

Elektresch sinn ech nämlech nach um Stand vum Buch "Eisenbahnen in Luxemburg" aus dem EK-Verlag vun 1984.

Merci, Här Federmeyer!
Last edit: 30 Dec 2020 21:16 by MAB.
The following user(s) said Thank You: admin

Please Log in or Create an account to join the conversation.

  • admin
  • Topic Author
  • Offline
  • Administrator
  • Administrator
More
23 Dec 2020 11:38 - 23 Dec 2020 11:39 #5647 by admin
Neit Buch:

Eisenbahnen in Luxemburg - Band 5 - Elektrische Lokomotiven und Triebzüge

This image is hidden for guests.
Please log in or register to see it.



Ed Federmeyer - Pierre Pasquali


Méih Infos:
rail.lu/doc/EisenbahnenInLuxemburgBand5.pdf
Last edit: 23 Dec 2020 11:39 by admin.
The following user(s) said Thank You: BB3608, NS162

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.168 seconds