Ech weess net, ob ech Iech iwwerhaapt eng Äntwert soll ginn, well Dir mat Ären - ech zitéieren - "knallhaarde Fakten" - alles besser wësst. Dir schéint och déi gängeg Fachliteratur studéiert ze hunn - firwat och net ? Do sti bestëmmt elauter "knallhaard Fakten" déi keng Interpretatioun a keng Diskussioun méi zouloossen. Dir hutt also ëmmer Recht, an déi aner Leit sinn an Ären Aen Daboen.
Ech liesen zénter Enn den 1970er Joeren eng Fachzäitschrëft, de "Stadtverkehr", an ech hunn an den 1990er Joeren eng Rei Experten héiere schwätzen. Do waard Dir awer net dobäi.
Ceci dit hunn ech emol um
www.vdl.lu
nogekuckt, wivill Leit an den eenzelne Stadquartiere wunnen. Op den 31.12.2014 waren et der 3.345 zu Zéisséng an 10.068 um Lampertsbierg. Eng verglächbar Awunnerzuel wéi Zéisséng huet Beggen, mat 3.277 Awunner.
Ech stelle fest : Déi Beggener hu mat de Buslinnen 10 an 11 wochendaags en 10-Minuttentakt. Déi Zéissénger hunn den 2 an de 4; awer dës Linne hunn an hirem südlechen Deel an zu Zéisséng eng separat Linneféierung. Doduerch entsteet fir eng Rei Arrêten deen ominéisen 20-Minuttentakt.
Dir hutt an deem Fall eng Approche, déi e bësschen anescht ass. Dir schwätzt vun engem "Gebiet" dat gutt ofgedeckt ass, allerdings mat der Nünace dass de Busbenotzer dem Bus nolafe muss. Den Arrêt virun der Dier - wéi am Fall vun den Assurances Sociales - ass net deen, wou de Client am beschten zerwéiert ass. De Client muss op der Landkaart sichen an e Stéck ze Fouss goen, quitte dass dësen Exercice d'Attraktivitéit vum ëffentlechen Transport mindert. Vum Professer Knoflacher hunn ech verhal, dass d'Bereedschaft fir sech ze Fouss bei en Arrêt ze déplacéieren, mat der Distanz ofhëlt. Beim Bus hëlt dës Bereedschaft esouguer éischter of, wéi bei engem Tram. Dat ass vläicht net wëssenschaftlech ze beleeën, awer et schéint e Fakt ze sinn.
Ech ka mir a ménger Phantasie villes virstellen, wat méiglech wier. Ech ginn emol dovun aus, dass am Kader vum Projet "Porte de Hollerich" respektiv dem Nei-Aménagement vun den Terrainen déi aktuell dem Paul Wurth an dem HvL gehéieren, villes méiglech ass - an och hoffentlech gemaach gëtt.
Ech kënnt mir d'Gare Hollerech - ëmgebaut a foussgängerfrëndlech aménagéiert - als e Knuetepunkt tëschent Eisebunn a Bus virstellen.
Et sinn eng Partie Leit déi mam Zuch zu Hollerech ukommen, an déi mam 18 op d'Cloche d'Or fueren. Dat hunn ech de mueren nach erlieft. Allerdings si mer eis wahrscheinlech eens, dass dat de Moment ënner net optimale Conditioune funktionéiert.
D'Alentoure sinn e bësschen egal wat. Mech stéiert éierlech gesot dee Schapp tëschent der Rue de la Déportation an den Eisebunnsgleiser, deen zénter Joeren eng Ruin ass. Och den Arrêt vun der Eisebunn ass net grad eng Visitekaart fir e räicht Land wéi Lëtzebuerg. Et feelt deem ganzen Eck den néidege Glanz.
Ëmmerhin war de Chauffeur vum 18 de mueren esou flexibel an huet d'Leit eraklamme loosst, nodeem hien den Arrêt verlooss hat. Hie stung mat séngem Gelenkbus am Stau an hat also gutt Zäit. Et ass eben esou, wéi den ÖPNV zu Lëtzebuerg funktionéiert : Et muss ee Gedold hunn. Theorie a Praxis sinn zwee Puer Schung.
Ceci dit géif ech kuerzfristeg zwou Verbesserunge virschloen - Dir dierft mer se alle béid zerplécken an zerrieden :
1) De 4 fiert nees am 15-Minuttentakt, quitte dass déi Lampertsbierger dee Moment verwinnt sinn, well se ee Bus pro Stonn "zevill" hunn. Ech géif an deem Kontext iwwerleeën, ob de 24 wierklech Sënn mëcht, an ob et net derwäert wier, de Bus an de Chauffeur als Verstäerkung op der Linn 4 anzesetzen.
2) Den 205 an den 165 ginn um Tableau d'affichage virum Gebai vun den Assurances Sociales affichéiert, mam Hiweis dass deen een op d'Gare fiert, an deen aner an d'Uewerstad a virun op Medingen. Ech hunn den 165 schonn e puermol geholl, ech hat gutt Plaz am Bus an ech koum gutt virun. De Moment ass et allerdings esou, dass d'Leit rode mussen. Déi eng froen de Chauffeur, ob hien an d'Stad fiert, an déi aner gi fälschlecherweis dovun aus, dass den 165 si net betrëfft. Si froen de Chauffeur net a verpassen onbewosst eng Gelegenheet, fir an d'Uewerstad ze kommen.
Den Ëmbau vun der Eisebunnsbréck am Gaasperecherbierg ass wuel leider net fir haut a muer. Et mëcht awer ménger Meenung no Sënn, dës Bréck ofzerappen an duerch eng aner Bréck ze ersetzen, mam Resultat dass mer e komplett neien Arrêt fir den Zuch kréien, mat der Méiglechkeet fir d'Leit, ënner optimale Conditiounen op de Bus ëmzeklammen, a mat attraktiven a sëchere Weeër fir d'Foussgänger.